Op den Inhalt sprangen

Österbotten

Vu Wikipedia
Dëse Geographiesartikel iwwer Finnland ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Österbotten
(fi) Pohjanmaan maakunta
(sv) Österbotten
Allgemenges
  Regioun
Gegrënnt 1. Januar 1994
Benotzt Sprooch Schweedesch, Finnesch
Chef-lieu Vaasa
Landeshymn Vaasan marssi
Websäit https://www.obotnia.fi/
Demographie
Awunner 179.555
  31. Dezember 2025
Geographie
Koordinaten 63°N, 22°O
Fläch 7.935,79 km²
Grenzt un Südösterbotten, Mëttelösterbotten, Satakunta
Kaart mat der Lag

D'Regioun Österbotten (fi. Pohjanmaa, sv. Österbotten) ass eng vun den 19 Regiounen a Finnland. De Chef-lieu ass Vaasa.

D'Regioun huet 179.555 Awunner (Stand 31. Dezember 2025)[1] an ass 7.935,79 km² grouss; d'Bevëlkerungsdicht läit deemno bei 22,63 Awunner / km²[2].

De schweedeschen Numm Österbotten, analog zu Västerbotten an Norrbotten, bezitt sech op d'Gebitt ëstlech vum Bottnesche Golf.

D'Regioun Österbotten läit gréisstendeels um Mier, mat enger laanger Sträif (250 km laang a 15 bis 50 km breet) um Bottnesche Golf. Et ass eng praktesch flaach Regioun, mat just e puer isoléierten Hiwwelen.

Am Süde stéisst Österbotten un d'Regioun Satakunta, am Osten un déi laang Grenz vu Südösterbotten an am Nordosten u Mëttelösterbotten.

00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

Ier d'Provënzen a Finnland op den 1. Januar 2010 ofgeschaaft goufen, huet d'Regioun zur Provënz Westfinnland gehéiert.

Zur Regioun gehéieren dës 14 Gemengen (Stand: 01.01.2026)[3]:

  1. Kaskinen
  2. Korsnäs
  3. Kristinestad
  4. Kronoby
  5. Laihia
  6. Larsmo
  7. Malax
  8. Korsholm
  9. Närpes
  10. Pedersöre
  11. Jakobstad
  12. Nykarleby
  13. Vaasa
  14. Vörå
 Commons: Österbotten – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. (en) Key figures on population by Area, Information and Year. Gekuckt den 21. Abrëll 2026.
  2. Awunner a Fläch ginn automatesch vu Wikidata agebonnen.
  3. (en) Statistics Finland, Px code list of municipalities and regional divisions based on municipalities 2025 | Statistics Finland. stat.fi (01.01.2025). Gekuckt den 21.04.2026.