Český Krumlov

Vu Wikipedia
Vue

Český Krumlov [ˈtʃɛskiː ˈkrumlof], fréieren däitschen Numm: Krum(m)au, ass eng kleng Stad mat ronn 13.000 Awunner an der Regioun Südbéimen an Tschechien, a Chef-lieu vum Distrikt mam selwechten Numm. Český Krumlov läit an enger Schlauf vun der Vltava (Moldau), mat der Alstad, déi ronderëm d'mëttelalterlech Buerg an engem Hang läit.

Zanter 1992 ass s'op der UNESCO-Lëscht vun de Weltkulturierwen agedroen.

De Prefix Český ("Béimesch") ass do, fir se mat Moravský Krumlov a Südmieren auserneenzehalen.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Uertschaft ass ronderëm d'Buerg entstanen, déi zanter ongeféiert 1240 do attestéiert ass, an déi hirersäits op en Handelswee zeréckgeet, deen op där Plaz iwwer eng Fuert am Floss Vltava goung.

1302 goung d'Buerg vun der Vítkovci Adelsfamill un déi vu Rosenberg (Rožmberkové). De Peter I. vu Rosenberg (gestuerwen 1347), war dem Kinnek Jan I. vu Béimen (d.h. dem Jang de Blannen) säi Kämmerer. Am 15. Joerhonnert gouf Gold an der Géigend fonnt, a vill nei Leit si virun allem aus Éisträich a Bayern bäigeplënnert.

1602 huet de Peter Vok vu Rosenberg (1539–1611) Krumlov un den Habsburger Keeser Rudolf II. verkaf, deen et seng Jong baussent dem Bestietnes Don Julius Caesar d'Austria iwwerdroen huet. No der Béimescher Revolt and der Schluecht vum Wäisse Bierg huet de Keeser Ferdinand II. Krumlov un d'Adelsfamill Eggenberg iwwerginn. Vu 1719 bis 1947 huet d'Schlass der Famill Schwarzenberg gehéiert.

1938 goung et, als Deel vum Sudetenland , geméiss dem Münchener Ofkommes, un Nazi-Däitschland. Nom Zweete Weltkrich gouf déi däitschsproocheg Populatioun verdriwwen a Krumlov nees tschechoslovakesch. Wärend der Zäit vum kommunistesche Regime, 1948 bis 1989, ass d'Alstad vernoléissegt ginn a lues a lues zefall.

No der Samette Revolutioun goufe grouss Renovéierungsaarbechten ausgefouert, an déi al Schéinheet nees erëmbruecht. Am August 2002 hat d'Stad staark ënner engem Héichwaasser ze leiden.

Haut ass Český Krumlov eng populär Touristendestinatioun.

Nobäi, um Bierg Kleť, steet de Kleť-Observatoire.

Kuckeswäertes[änneren | Quelltext änneren]

Vill Gebailechkeeten an der Alstad an och d'Schlass sinn aus der Zäit vum 14. bis 17. Joerhonnert, deemno am goteschen, Renaissance a Barockstil.

Schlass[änneren | Quelltext änneren]

d'Schlass Krumlov

D'Schlass Český Krumlov ass aussergewéinlech grouss fir sou eng kleng Stiedchen; nom Hradčany zu Prag ass et dee gréisste Buergkomplex an Tschechien. Et setzt sech zesummen aus engem grousse Rokkoko Gaart, enger mächteger Bréck, an dem Schlass selwer, dat aus verschiddene Bauperiode besteet. D'Veits-Kierch (Kostel Sv. Víta) ass eng gotesch Kierch bannent dem Schlass mat Fresken aus dem 15. Joerhonnert, déi bis haut erhale sinn.

Buergtheater[änneren | Quelltext änneren]

Bün

Am Schlass ass och e barocken Theater, dee 1680–82 gebaut a 1765–66 moderniséiert gouf. D'Dekoren, d'Bünentechnik asw. vun deemools si bis haut erhalen.

Schiele-Musée[änneren | Quelltext änneren]

Zu Český Krumlov ass e Musée iwwer de Moler Egon Schiele, deen do gelieft huet.

Baussent der Stad[änneren | Quelltext änneren]

Eng 10 km baussent der Stad ass d'Klouschter Zlatá Koruna ("Gëlle Kroun"), ee vun den eelste Kléischter a Béimen. Op 30 km Distanz ass d'Schlass Hluboka, dat am 12. Joerhonnert gebaut, a spéiderhin nom Model vum Windsor Castle ëmgebaut gouf. Český Krumlov läit och net wäit ewech vum Nationalpark Sumova ("Béimesche Bësch")

Vue op Český Krumlov vum Bierg

Jumelage[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Český Krumlov – Biller, Videoen oder Audiodateien