Izmir
Ausgesinn
(Virugeleet vu(n) İzmir)
| Izmir | |
|---|---|
|
Vue op Izmir, vu Kadifekale aus gekuckt (2014) | |
| Land | Tierkei |
| Vewaltungseenheet | İzmir ili |
| Buergermeeschter | Cemil Tugay |
| Awunner | 4.493.242 |
| 2024 | |
| Fläch | 944 km² |
| Héicht | 9 m |
| Koordinaten | 38°24'N, 27°10'O |
| Telefonszon | 232 |
| Postcode | 35000–35999 |
| Websäit | https://www.izmir.bel.tr/ |
|
| |
Izmir, fréier Smyrna (tierkesch: İzmir, griichesch: Σμύρνη Smýrni), ass mat 4.493.242 Awunner (Stand 2024)[1] déi drëttgréisst Stad an der Tierkei. S'ass de Chef-lieu vun der Provënz mam selwechten Numm.
Izmir läit um Egäesche Mier an huet – no Istanbul – den zweetgréissten Hafe vum Land.
Déi éischt Siidlungen an der Géigend vum haitegen Izmir ginn zeréck op ongeféier 6500 – 4000 v. Chr. An der Antiquitéit war Izmir, ënner dem Numm Smyrna, eng vun de wichtegsten Uertschaften an Ionien, enger Géigend vun der griichescher Welt a se huet bis 1922 zum griichesche Kulturkrees gehéiert.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Izmir – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ Dës Informatioun gëtt automatesch vu Wikidata agebonnen.
