Op den Inhalt sprangen

Ōsumi

Vu Wikipedia
Ōsumi
De japanesche Satellit Ōsumi
TypTestsatellit
Land Japan
AgenturISAS
COSPAR-Bezeechnung1970-011A
Apogeum5140 km
Perigeum350 km
Bunnschréi31°
Mass12 kg
Bunn-Ëmlafzäit145 min[1]
Exzentrizitéit
Start11. Februar 1970, 04:25 UTC
StartplazKagoshima
DrorakéitLambda 4S-5
Statusvergloust den 2. August 2003

Ōsumi (oder Ohsumi, jap.: おおすみ) ass den Numm vum éischte japanesche Satellit. Den Osumi gouf den 11. Februar 1970 mat enger Lambda 4-Rakéit vum Kagoshima Space Center gestart. Den Ōsumi-Satellit hat e Gewiicht vun 12 kg. D'Bunnschréi war 31 Grad, de Perigeum hat 350 km an den Apogeum 5140 km. Nëmme wéineg Stonnen nom Start huet de Satellit opgehale mat senden.

Mat dësem Start gouf Japan déi véiert Natioun, déi e Satellit mat enger eegener Drorakéit an de Weltraum geschéckt hat.

Portal Astronomie

  • (en) ISAS: Ohsumi
  • (en) Encyclopedia Astronautica: Osumi
  1. Bunndaten no ISAS