(145451) Rumina
|
| |
| Eegenschafte vum Orbit | |
|---|---|
| Orbittyp | SDO |
| Bezuchspositioun | Equinoxe: J2000.0 |
| Grouss Hallefachs | 89.60951 AE |
| Peridatum | 23. September 2004 |
| Exzentrizitéit | 0.60854 |
| Sideresch Ëmlafzäit | 848 a 3,4 M |
| Inklinatioun | 28.81911 Grad |
| Physikalesch Eegenschaften | |
| Duerchmiesser | zirka 524 km |
| Rotatiounsperiod | 6,71 h (0,280 d)[1] |
| Albedo | 0,09 |
| Absolut Hellegkeet | 4,4M |
| Entdeckung | |
| Entdecker |
Andrew Becker Andrew W. Puckett Jeremy M. Kubica |
| Entdeckungsdatum | 9. September 2005 |
| Plaz | Apache-Point-Observatoire |
| Aner Bezeechnungen | 2005 RM43 |
Den (145451) Rumina (virdru provisoresch: 2005 RM43) ass e groussen Transneptuneschen Objet, deen als SDO aklasséiert gëtt. Wéinst senger Gréisst ass den Asteroid en Zwergplanéitekandidat.
Entdeckung
[änneren | Quelltext änneren]De Rumina gouf den 9. September 2005 vum Astronomenteam Andrew C. Becker, Andrew W. Puckett an Jeremy M. Kubica, um Apache-Point-Observatoire zu Sunspot (New Mexico) entdeckt. D'Entdeckung gouf de 7. August 2009 publizéiert[2]. De Planetoid krut vun der I. A. U. d'Klengplanéite-Nummer 145451.
No senger Entdeckung war de Rumina op Fotoe vum 17. November 1976 identifizéiert ginn a sou konnt och seng Ëmlafbunn genee berechent ginn. Zanterhier gouf de Planetoid mat verschiddenen Teleskope vun der Äerd aus observéiert. Bis Dezember 2017 gouf et 303 Observatiounen déi iwwer en Zäitraum vun 42 Joer gemaach gi waren.
Eegenschaften
[änneren | Quelltext änneren]Ëmlafbunn
[änneren | Quelltext änneren]De Rumina kreest an 848,28 Joer op enger staark elliptescher Ëmlafbunn tëscht 35,08 AE an 144,14 AE Ofstand zu hirem Zentrum, ëm d'Sonn. D'Bunnexzentrizitéit ass 0,609, d'Bunn steet 28,82° schréi zur Ekliptik. De Perihel gouf fir d'lescht am Joer 2004 duerchlaf, den nächste Perihelduerchlaf dierft also eréischt ëm d'Joer 2853 sinn. Sowuel de Minor Planet Center wéi och de Marc Buie (DES) klassifizéieren de Rumina als Scattered disk object.
Gréisst
[änneren | Quelltext änneren]Aktuell gëtt vun engem Durchmiesser vun zirka 500 bis 600 km geschwat, op Basis vun engem Réckstralverméigen vun 9 bis 10 % an enger absolutter Hellegkeet vu 4,4 m; dat ass allerdéngs wéinst de Schätzungen onsécher. De Mike Brown geet dovun aus, datt de Rumina warscheinlech en Zwergplanéit ass; nom Gonzalo Tancredi ass en dat awer nëmme méiglecherweis.
De Rumina rotéiert a 6 Stonnen an 42,6 Minutten eemol ëm seng eegen Achs. Doraus ergëtt sech, datt den Asteroid a sengem Asteroidejoer 1.208.100,5 Eegendréiunge („Deeg“) mécht.
| Joer | Ofmiessungen (km) | Quell |
|---|---|---|
| 2010 | 554,0 | Tancredi |
| 2018 | 584,0 | Johnston[3] |
| 2018 | 524,0 | Brown |
| Déi prezist Bestëmmung ass fett markéiert. | ||
Numm
[änneren | Quelltext änneren]Den (145451) Rumina gouf den 1. September 2025 no der réimescher Gëttin Rumīna genannt.[4]
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]- 2005 RM43 an Oplëschtung (List Of Transneptunian Objects) vum Minor Planet Center
- 2005 RM43 an Oplëschtung (Johnston's Archive)
- How many dwarf planets are there in the outer solar system? Aktuell Lëscht vun de gréissten TNO vum Mike Brown
- (en) Free the dwarf planets! Kolumne vum Mike Brown iwwer d'IAU an d'Zwergplanéiten (23. August 2011)
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ D. Perna: Rotations and densities of trans-Neptunian objects (Dezember 2009)
- ↑ MPC: MPEC 2009-P26: Distant Minor Planets (August 2009)
- ↑ Johnston's Archiv: List of Known Trans-Neptunian Objects (Oktober 2018)
- ↑ International Astronomical Union: (145451) Rumina = 2005 RM43. WGSBN Bulletin Vol.5, Nr 20, S. 7.: "Rumina is a minor Roman goddess who was invoked as a protector of nursing mothers."