(1509) Esclangona

Vu Wikipedia
(1509) Esclangona
Eegenschafte vum Orbit
Orbittyp Haaptceintureasteroid
Bezuchspositioun Equinoxe: J2000.0
Grouss Hallefachs 1,8663 A.E.
Exzentrizitéit 0,0322
Sideresch Ëmlafzäit 2,550 Joer
Mëttel Bunnvitess 21,80 km/s
Inklinatioun 22,323 Grad
Physikalesch Eegenschaften
Duerchmiesser 8,17 km
Rotatiounsperiod 3,247 Stonnen
Albedo 0,2327
Absolut Hellegkeet 12,29M
Spektralklass S
Entdeckung
Entdecker André Patry
Entdeckungsdatum 21. Dezember 1938
Plaz Observatoire vun Nice
Aner Bezeechnungen 1938 YG


Den (1509) Esclangona ass en Asteroid vun der Haaptasteroidenceinture.

Hie gouf den 21. Dezember 1938 vum franséischen Astronom André Patry zu Nice entdeckt. Den Numm vum Asteroid erënnert un de franséischen Astronom Ernest Esclangon.

Den (1509) Esclangona gehéiert zu den Asteroiden déi e klenge Mound hunn. Den Trabant gouf am Joer 2003 entdeckt an huet déi virleefeg Bezeechnung S/2003 (1509) 1. Miessungen hunn fir de Mound en Duerchmiesser vu ronn 4 km erginn. Hien huet eng ongewéinlech grouss Distanz zum Asteroid vun zirka 140 km, wat op eng ongewéinlech Genesisgeschicht hindeit. Méiglecherweis geet d'System op en Impakt vu gréissere Kierper zeréck, déi dunn als Ausworfmaterial ewechgeschleidert goufen.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie