(1620) Geographos
![]() | |
| Eegenschafte vum Orbit | |
|---|---|
| Orbittyp | Apollo-Asteroid |
| Bezuchspositioun | Equinoxe: J2000.0 |
| Grouss Hallefachs | 1,2455 AE |
| Exzentrizitéit | 0,3354 |
| Sideresch Ëmlafzäit | 1,39 Joer |
| Mëttel Bunnvitess | 26,69 km/s |
| Inklinatioun | 13,341 Grad |
| Physikalesch Eegenschaften | |
| Duerchmiesser | 5 × 2 × 1,5 km |
| Rotatiounsperiod | 5,13 h |
| Albedo | 0,19 |
| Absolut Hellegkeet | 15,6 |
| Spektralklass | S-Typ |
| Entdeckung | |
| Entdecker | A. Wilson, R. Minkowski |
| Entdeckungsdatum | 14. September 1951 |
| Plaz | Palomar-Observatoire |
| Aner Bezeechnungen | 1951 RA, 1983 CY3 |
De (1620) Geographos ass en Äerdnoen Asteroid (Planetoid) aus der Grupp vun den Apollo-Asteroiden. Dat sinn Himmelskierperen, déi eis Äerdbunn kräize kënnen.
Den Asteroid gouf de 14. September 1951 um Palomar-Observatoire vun den Astronomen Albert George Wilson a Rudolf Minkowski entdeckt. Den Numm bedeit Geograph an den Numm ass zu Éiere vun der National Geographic Society.
E beweegt sech tëscht 0,8277 AE (Perihel) an 1,6632 AE (Aphel) a ronn 508 Deeg ëm eis Sonn. D'Bunnexzentrizitéit ass 0,3354 an d'Bunn ass ëm 13,341° géint d'Ekliptik gebéit.
Am Joer 1994 hu Radarobservatiounen erginn, datt et sech beim Geographos ëm e längelzegen Objet vu 5 × 2 × 1,5 km Ausdeenung handelt. Den Asteroid rotéiert a ronn 5 Stonnen an 13 Minutten ëm seng eegen Achs.
