(2060) Chiron

Vu Wikipedia
(2060) Chiron
Eegenschafte vum Orbit
Orbittyp Zentauren
Bezuchspositioun Equinoxe: J2000.0
Grouss Hallefachs 13,694 A.E.
Exzentrizitéit 0,381
Sideresch Ëmlafzäit 50 a 246 d
Mëttel Bunnvitess 8,054 km/s
Inklinatioun 6,935 Grad
Physikalesch Eegenschaften
Duerchmiesser tëscht 148 – 208 km
Mass 2,4 - 3,0 × 1018kg
Mëttel Dicht ~ 2,0 g/cm3
Rotatiounsperiod 5 h 55 m
Albedo 0,048
Absolut Hellegkeet 6,5
Spektralklass B
Entdeckung
Entdecker Charles Thomas Kowal
Entdeckungsdatum 18. Oktober 1977
Plaz Palomar-Observatoire
Aner Bezeechnungen 1977 UB, 95P/Chiron


Den Asteroid (2060) Chiron gouf den 18. Oktober 1977 vum Charles Kowal um Palomar-Observatoire entdeckt an nom Cheiron, Jong vum Kronos an der griichescher Mythologie an der Philyra genannt.

De Chiron war den éischten observéierten Objet, deen zu de sougenannten Zentauren zielt, déi tëscht de baussenzege Planéiten op onstabillen Ëmlafbunne lafen. E staamt eventuell aus der Kuiperceinture. Den Duerchmiesser vum Chiron gëtt op 148 bis 208 km geschat. A knapps 6 Stonne rotéiert en ëm seng eegen Achs.

1991 gouf ëm de Chiron e gasfërmege Mantel (Koma) entdeckt, wouduerch hien haut net nëmmen als Asteroid, mä och als (dee gréisste bekannte) Koméit klasséiert gëtt. Nieft senger Bezeechnung als Asteroid huet dësen Objet dofir och eng Bezeechnung als periodesche Koméit (95P/Chiron).

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie