(2063) Bacchus

Vu Wikipedia
(2063) Bacchus
Eegenschafte vum Orbit
Orbittyp Apollo-Asteroid
Bezuchspositioun Equinoxe: J2000.0
Grouss Hallefachs 1,0780 A.E.
Exzentrizitéit 0,3494
Sideresch Ëmlafzäit 1,119 Joer
Mëttel Bunnvitess 28,69 km/s
Inklinatioun 9,4347 Grad
Physikalesch Eegenschaften
Duerchmiesser 2,6 × 1,1 km
Mass 3,3 × 1012kg
Mëttel Dicht 2 g/cm3
Rotatiounsperiod 14,904 h
Albedo 0,20
Absolut Hellegkeet 17,1
Spektralklass Sq
Entdeckung
Entdecker Charles Kowal
Entdeckungsdatum 24. Abrëll 1977
Plaz Palomar-Observatoire
Aner Bezeechnungen 1977 HB


Den (2063) Bacchus ass en Asteroid aus der Grupp vun den Apollo-Asteroiden. Dat sinn Asteroiden, deenen hir Bunn d'Äerdbunn kräize kënnen.

Den Asteroid gouf de 24. Abrëll 1977 vum Charles Kowal entdeckt an nom Bacchus, dem réimesche Wäigott, genannt.

De Bacchus beweegt sech tëscht 0,7013 AE (Perihel) an 1,4546 AE (Aphel) a ronn 409 Deeg ëm d'Sonn. D'Bunnexzentrizitéit ass 0,3494, d'Bunn ass ëm 9,4347° géint d'Ekliptik gebéit.

Radarobservatioune vun 1996 haten erginn, datt et sech beim Bacchus ëm e längelzegen Objet vun 1,1 × 2,6 km Ausdeenung handelt. Den Asteroid rotéiert a 14 Stonnen a 54 Minutten ëm seng eegen Achs.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie