(216) Kleopatra

Vu Wikipedia
(216) Kleopatra
Eegenschafte vum Orbit
Orbittyp Haaptceintureasteroid
Bezuchspositioun Equinoxe: J2000.0
Grouss Hallefachs 2,794 A.E.
Exzentrizitéit 0,252
Sideresch Ëmlafzäit 4,669 Joer
Mëttel Bunnvitess 17,819 km/s
Inklinatioun 13,135 Grad
Physikalesch Eegenschaften
Duerchmiesser 217 × 94 × 81 km
Mass ~3x10 kg
Rotatiounsperiod 5,385 h
Albedo 0,116
Absolut Hellegkeet 7,3M
Spektralklass M-Typ
Entdeckung
Entdecker Johann Palisa
Entdeckungsdatum 10. Abrëll 1880
Plaz Observatoire vu Pula
Aner Bezeechnungen -


Den (216) Kleopatra ass en Asteroid vun der Haaptasteroidenceinture, deen den 10. Abrëll 1880 vum Johann Palisa entdeckt gouf. Den Himmelskierper gouf no der alegyptescher Herrscherin Kleopatra genannt.

De Kleopatra beweegt sech tëscht 2,0892 (Perihel) astronomesch Eenheete bis 3,4979 AE (Aphel) op enger exzentrescher Bunn ëm d'Sonn. D'Bunn steet 13,1346° schréi zur Ekliptik an d'Bunnexzentrizitéit ass 0,2521.

Radarobservatiounen hunn erginn, datt den Asteroid Kleopatra eng onreegelméisseg längelzeg Form huet an un eng Hondsschanck erënnert. Mat den Ausmoosse vun 217 × 94 × 81 km (+- 25 %) gehéiert en zu de gréissten Asteroide vun der Haaptceinture. Wéinst der staarker Reflexioun vun de Radiowelle gëtt ugeholl, datt et sech beim Kleopatra ëm en differenzéierten Asteroid mat engem Eisen-Néckel-Kär, engem Silikatmantel an enger Silikatkuuscht handelt. Déi baussenzeg Uewerfläch ass méiglecherweis aus dem Mineral Enstatit opgebaut, engem Material, aus deem och eng Grupp vu Steemeteoriten, d'Enstatit-Chondritte besteet [1].

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie