(229762) Gǃkúnǁʼhòmdímà

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) (229762) 2007 UK126)
(229762) Gǃkúnǁʼhòmdímà
Eegenschafte vum Orbit
Orbittyp Transneptuneschen Objet, SDO
Bezuchspositioun Equinoxe: J2000.0
Grouss Hallefachs 73,81 A.E.
Peridatum 18. Abrëll 2046
Exzentrizitéit 0,4919
Sideresch Ëmlafzäit zirka 634 Joer
Mëttel Bunnvitess ? km/s
Inklinatioun 23,3411 Grad
Physikalesch Eegenschaften
Duerchmiesser 599 ± 77 km
Rotatiounsperiod 11 h
Albedo 0,167
Absolut Hellegkeet 3,5
Entdeckung
Entdecker Megan E. Schwamb
M. E. Brown
D. L. Rabinowitz
Entdeckungsdatum 19. Oktober 2007
Plaz Palomar-Observatoire


Den (229762) Gǃkúnǁʼhòmdímà (2007 UK126) ass en transneptuneschen Objet.

Den Asteroid gouf am Oktober 2007 entdeckt. Hie gehéiert zu der Kategorie vun de Scattered disk objects. Wéinst senger Gréisst ass den Asteroid en Zwergplanéitekandidat.

Bunneegenschaften[änneren | Quelltext änneren]

Den 2007 UK126 beweegt sech op enger relativ elliptescher Ëmlafbunn (Exzentrizitéit = 0,4919), mat enger Ëmlafdauer vun iwwer 634 Joer.

[änneren | Quelltext änneren]

Mam Herschel-Weltraumteleskops (Instrument PACS) gouf den Duerchmiesser op 599 ± 77 km bestëmmt. Leider louche vum Spitzer-Weltraumteleskop (Instrument MIPS) keng Observatiounsdate vir, soudatt d'Modelléierung entspriechend Onsécherheeten opweist.

Zwergplanéitekandidat[änneren | Quelltext änneren]

Et ass warscheinlech, datt den 2007 UK126 wéinst senger Gréisst am hydrostatesche Gläichgewiicht ass, a sou ziimlech ronn ass. De Mike Brown klasséiert den 2007 UK126 als héichstwarscheinlechen Zwergplanéit an.

Mound[änneren | Quelltext änneren]

De Gǃkúnǁʼhòmdímà huet e Mound mat engem Duerchmiesser vun ongeféier 139 km, deen den Zentralkierper an 3,7 Deeg eemol ëmkreest. Bis elo konnt nach keng Berechnung vun der Mass vum System gemaach ginn.

Erfuerschung[änneren | Quelltext änneren]

No senger Entdeckung gouf de Gǃkúnǁʼhòmdímà och op eelere Fotoe vun 1982 erëmfonnt. An der Tëschenzäit ass den Objet 85-mol an 33 Joer observéiert ginn (Stand Okt. 2015), soudatt d'Bunnparametere relativ genee bekannt sinn.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]