(230965) 2004 XA192
![]() | |
Eegenschafte vum Orbit | |
---|---|
Orbittyp | SDO |
Bezuchspositioun | Equinoxe: J2000.0 |
Grouss Hallefachs | 47,29 A.E. |
Exzentrizitéit | 0,2500 |
Sideresch Ëmlafzäit | 325 a 3 M |
Inklinatioun | 38,075 Grad |
Physikalesch Eegenschaften | |
Duerchmiesser | 339 km |
Albedo | 0,26 |
Absolut Hellegkeet | 4,1M |
Entdeckung | |
Entdecker | Palomar |
Entdeckungsdatum | 12. August 2004 |
Plaz | Palomar-Observatoire |
Den (230965) 2004 XA192 ass en transneptuneschen Objet, deen am August 2004 am Palomar-Observatoire entdeckt gouf. Hie gehéiert zu der Kategorie vun de Scattered disk Objeten.
Bunneegenschaften
[änneren | Quelltext änneren]Den 2004 XA192 beweegt sech op enger elliptescher Ëmlafbunn (Exzentrizitéit = 0,250), mat enger Ëmlafzäit vun 325 Joer a knapps 3 Méint. Am November 2015 ass hien op enger Distanz vu 35,8 AE vun eiser Sonn ewech, no beim Perihel, deen hien Enn Mäerz 2019 erreecht.
Ënnersich vun 2013 mam Herschel-Weltraumteleskop (Instrumenter: SPIRE a PACS) kombinéiert mat den iwwerschafften Date vum Spitzer-Weltraumteleskop (Instrument MIPS) kommen zum Schluss, datt den Duerchmiesser vum 2004 XA192 ongeféier 340 km grouss ass, allerdéngs mat enger Feelerbandbreet vun zirka 100 km a béid Richtungen.
Zwergplanéitekandidat
[änneren | Quelltext änneren]Et ass méiglech, datt den 2004 XA192 wéinst senger Gréisst am hydrostatesche Gläichgewiicht ass, a sou zimmlech ronn kéint sinn. De Mike Brown huet den 2004 XA192 als warscheinlechen Zwergplanéit agestuuft, goung dobäi awer nach vu 583 km Duerchmiesser aus.
Erfuerschung
[änneren | Quelltext änneren]No senger gouf den 2004 XA192 och op eelere Fotoe vun 1989 erëmfonnt. An der Tëschenzäit ass den Objet 31-mol a 25 Joer observéiert ginn (Stand Nov. 2015), soudatt d'Bunnparametere relativ genee bekannt sinn.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]- How many dwarf planets are there in the outer solar system? Aktuell Lëscht vun de gréissten TNO'e vum Mike Brown
Referenzen
[Quelltext änneren]<ref name=TNOsCool8>E. Vilenius, C. Kiss, T. Müller, M. Mommert, P. Santos-Sanz, A. Pál, J. Stansberry, M. Mueller, N. Peixinho, E. Lellouch, S. Fornasier, A. Delsanti, A. Thirouin, J. L. Ortiz, R. Duffard, D. Perna, and F. Henry (2014) (en) TNOs are Cool: A survey of the trans-Neptunian region. X. Analysis of classical Kuiper belt objects from Herschel* and Spitzer observations S. 13