(5261) Eureka
Ausgesinn
| Eegenschafte vum Orbit | |
|---|---|
| Orbittyp | Mars-Trojaner (L5) |
| Bezuchspositioun | Equinoxe: J2000.0 |
| Grouss Hallefachs | 1,5235 AE |
| Exzentrizitéit | 0,06470 |
| Sideresch Ëmlafzäit | 1,88 Joer |
| Mëttel Bunnvitess | 24,13 km/s |
| Inklinatioun | 20,2816 Grad |
| Physikalesch Eegenschaften | |
| Duerchmiesser | 2 km |
| Rotatiounsperiod | 6,497 Stonnen |
| Albedo | 0,050 |
| Absolut Hellegkeet | 16,1 |
| Spektralklass | Sr |
| Entdeckung | |
| Entdecker | David H. Levy, Henry E. Holt |
| Entdeckungsdatum | 20. Juni 1990 |
| Plaz | Palomar-Observatoire |
| Aner Bezeechnungen | 1990 MB |
Den (5261) Eureka gouf den 20. Juni 1990 vum David H. Levy an dem Henry E. Holt entdeckt. Et war deen éischte bekannten Asteroid aus der Grupp vun de Mars-Trojaner.
Den 2 km groussen Eureka leeft op dem Lagrange-Punkt L5 vun der Marsbunn ëm eis Sonn. De Perihel-Ofstand ass 1,4250 AE, den Aphel-Ofstand 1,6220 AE. D'Bunn weist eng Exzentrizitéit vun 0,06470 op an ass mat 20,2816° staark géint d'Ekliptik gebéit.
Den Numm leet sech vun „Heureka“ (griichesch: „ech hunn et fonnt“) of, dat den Archimedes gesot soll hunn, wéi hien de Prinzip vum Opdriff erkannt hat.