.kult
Ausgesinn
|
| |
| Éischt Ausgab | 3. Januar 2026 |
|---|---|
| Land | Lëtzebuerg |
|
| |
.kult - Das Kulturmagazin des Luxemburger Wort ass déi kulturell Bäilag vun der Dageszeitung Luxemburger Wort a versteet sech als Nofollgerin vun Die Warte.

Déi éischt Editioun louch als Bäilag samschdes, den 3. Januar 2026 an der Zeitung a soll all Samschdeg erauskommen. "De Kulturmagasinn wëllt d'Kultur net nëmmen erzielen, mä s'erweideren an se ze fille ginn. De Punkt viru .kult erënnert un e Webdomän, och wann et dësen Domän guer net gëtt." Esou huet de Redakter Marc Thill den Neistart vun der Kulturbäilag erkläert. Kultur géif net beim gedréckte Wuert ophalen. Mat Videoen an aneren digitale Formater sollen d'Theeme verdéift ginn.[1]
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ Marc Thill, .kult – Das neue Kulturmagazin im „Luxemburger Wort“. wort.lu (02.01.2026), Luxemburger Wort, 03.01.2026, S. 49. Gekuckt den 03.01.2026. „Weil wir Kultur nicht nur erzählen, sondern erweitern und fühlbar machen wollen. Der Punkt davor erinnert an eine Webdomain, auch wenn es diese Domain gar nicht gibt.“
