10. Abrëll
Op d'Navigatioun wiesselen
Op d'Siche wiesselen
<< | Abrëll | >> | ||||
Mé | Dë | Më | Do | Fr | Sa | So |
1 | 2 | 3 | 4 | 5 | 6 | 7 |
8 | 9 | 10 | 11 | 12 | 13 | 14 |
15 | 16 | 17 | 18 | 19 | 20 | 21 |
22 | 23 | 24 | 25 | 26 | 27 | 28 |
29 | 30 | |||||
2019 |
Den 10. Abrëll ass den 100. Dag (101. am Schaltjoer) vum Joer am Gregorianesche Kalenner.
Inhaltsverzeechnes
Evenementer[änneren | Quelltext änneren]
- 1940: Dänemark kapituléiert virun der Wehrmacht.
- 1973: Zu Belfast an Nordirland gëtt de Good Friday Agreement ënnerschriwwen, deen en allgemenge Friddensplang fir Nordirland festleet.
- 2003: De Juhan Parts gëtt Ministerpresident an Estland.
- 2010: De Fliger vun enger polnescher Delegatioun, um Wee op déi siwwenzegjäreg Erënnerungsfeier vum Massaker vu Katyn, fält beim Landen zu Smolensk erof. Et gëtt 96 Doudeger, dorënner de polnesche President Lech Kaczyński, polnesch Deputéiert, e puer héich Offizéier a Familljemembere vun Affer vum Massaker.
Sport[änneren | Quelltext änneren]
- 1932: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert zu Como 0:12 géint Italien.[1]
- 1955: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert zu Lissabon 1:3 géint Portugal. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet de Jean-Pierre Mertl geschoss.[2]
- 1960: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe gewënnt an der Stad Lëtzebuerg, am Kader vun der Qualifikatioun fir déi Olympesch Summerspiller 1960, 5:3 géint Frankräich. D'Goler fir d'Lëtzebuerger hunn den Erny Brenner, Marcel Theis, Josy Kunnert, Louis Pilot a François Konter geschoss[3]
- 1969: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe gewënnt an der Stad Lëtzebuerg 2:1 géint Mexiko. D'Goler fir d'Lëtzebuerger hunn de Johny Léonard a Paul Philipp geschoss.[4]
Gebuer[änneren | Quelltext änneren]
- 1583: Hugo Grotius, hollännesche politesche Philosoph, Theolog, Historiograph a Jurist.
- 1828: Léon Wurth, lëtzebuergeschen Affekot, Deputéierten a Bankdirekter.
- 1838: Eduard Kremser, éisträichesche Komponist an Dirigent.
- 1847: Joseph Pulitzer, ongresch-US-amerikanesche Journalist an Editeur.
- 1852: Arthur Vierendeel, belsche Bauingenieur.
- 1875: Jacques Gallé, lëtzebuergeschen Eisebunner a Politiker.
- 1896: Jean-Baptiste Piron, belsche Generol
- 1911: Berthe Tissen, lëtzebuergesch Schauspillerin.
- 1913: Stefan Heym, däitsche Schrëftsteller.
- 1926: Polo Welfring, lëtzebuergeschen Turner.
- 1929: Max von Sydow, schwedesche Schauspiller.
- 1931: Luís Cabral, Politiker aus Guinea-Bissau.
- 1932: Omar Sharif, egyptesche Schauspiller.
- 1932: Delphine Seyrig, franséisch Schauspillerin.
- 1933: Chelo Alonso, kubanesch Dänzerin a Schauspillerin.
- 1954: Viviane Loschetter, lëtzebuergesch Politikerin.
- 1963: Marc Spautz, lëtzebuergesche Gewerkschaftler a Politiker.
- 1968: Lukas Arons, hollännesche Sculpteur.
- 1971: Marc Hansen, lëtzebuergesche Politiker a Journalist.
- 1992: Joël Pedro, lëtzebuergesche Foussballspiller.
Gestuerwen[änneren | Quelltext änneren]
- 1349: Wëllem vun Ockham, englesche Philosoph.
- 1585: Poopst Gregor XIII. (Gregorianesche Kalenner).
- 1599: Gabrielle d'Estrées, Maîtresse vum Henri IV. vu Frankräich.
- 1813: Joseph-Louis Lagrange, franséische Mathematiker an Astronom.
- 1927: Nicolas Frantz II, lëtzebuergesche Vëlossportler
- 1933: Anne Pescatore, Molerin.
- 1954: Auguste Lumière, franséische Filmpionéier.
- 1955: Pierre Teilhard de Chardin, franséischen Theolog, Philosoph, Anthropolog, Geolog a Paleontolog.
- 1960: André Berthomieu, franséische Filmregisseur.
- 1965: Linda Darnell, US-amerikanesch Schauspillerin.
- 1965: Charly Knorr, franséische Moler.
- 1966: Evelyn Waugh, englesche Schrëftsteller.
- 1974: Roger Bastide, franséische Soziolog an Ethnograph.
- 1979: Dom Paul Benoit, Benediktinerpater an Uergelkomponist.
- 1979: Nino Rota, italienesche Komponist.
- 1984: Andy Felten. lëtzebuergesche Museker.
- 1989: Joan Barry, englesch Schauspillerin.
- 1995: Andrée Wirion, lëtzebuergesch Textilkënschtlerin.
- 1997: Martin Schwarzschild, US-amerikaneschen Astrophysiker.
- 1998: Jean Chapot, franséische Filmregisseur a -produzent.
- 1998: Joseph Foog, lëtzebuergesche Jurist a Member vum Staatsrot.
- 2001: Jean-Gabriel Albicocco, franséische Filmregisseur.
- 2002: Yūji Hyakutake, japaneschen Amateurastronom.
- 2008: Johnny Flick, lëtzebuergesche Geowëssenschaftler a Sänger.
- 2010: Dixie Carter, US-amerikanesch Schauspillerin.
- 2010: Lech Kaczyński, polnesche Politiker a Staatspresident.
- 2011: Jean Kerger, lëtzebuergesche Professer a Sproochewëssenschaftler.
- 2013: Robert Edwards, britesche Physiolog an Nobelpräisdréier.
- 2014: Georges Als, fréieren Direkter vum Statec.
- 2014: Madeleine Weis-Bauler, lëtzebuergesch Autorin, Molerin a Resistenzlerin.
Feierdeeg[änneren | Quelltext änneren]
Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]
Commons: 10. Abrëll – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen[Quelltext änneren]
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Italien-Lëtzebuerg den 10. Abrëll 1932 um Site European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Portugal-Lëtzebuerg den 10. Abrëll 1955 um Site European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Frankräich den 10. Abrëll 1960 um Site European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Mexiko den 10. Abrëll 1969 um Site European Football