13. Arrondissement vu Paräis
![]() | |
![]() | |
Quartieren |
Salpêtrière, Gare, Maison-Blanche, Croulebarbe |
---|---|
Buergermeeschter | Jérôme Coumet |
Awunner | 180.005 |
Fläch | 7,15 km² |
Postcode | 75013 |
INSEE-Code | 75113 |
Koordinaten | 48°49'56"N, 2°21'20"O |
![]() | |
Den 13. Arrondissement ((fr) och nach Arrondissement des Gobelins ) ass ee vun zwanzeg Stadbezierker vu Paräis. E gouf geschaaft no der Extensioun vun der Stad am Joer 1860 andeems Deeler vum fréiere 12. Arrondissement grad ewéi Gentilly an Ivry mat integréiert goufen.
De fréieren Aarbechterquartier huet nëmme méi eng kleng touristesch Bedeitung. Hautdesdaags ass den Arrondissement haaptsächlech bekannt fir säin asiatesche Véierel a fir d'Nationalbibliothéik um Uwänner vun der Seine.
Geographesch Lag[änneren | Quelltext änneren]
Den 13. Arrondissement läit um lénksen Uwänner vun der Seine. E grenzt am Westen un de 14. an de 5. Arrondissement an am Norden, um aneren Uwänner vun der Seine, un den 12. Am Süde stéisst en - déi Säit vum Boulevard périphérique - un d'Gemenge Gentilly, Le Kreml-Bicêtre an Ivry-sur-Seine.
Quartieren[änneren | Quelltext änneren]
Wéi all Paräisser Arrondissement ass en a véier administrativ Quartieren ënnerdeelt:
- 49. Quartier de la Salpêtrière
- 50. Quartier de la Gare
- 51. Quartier de la Maison-Blanche
- 52. Quartier de Croulebarbe
Biller[änneren | Quelltext änneren]
-
Les Frigos: fréieren Äiskeller
-
D'Gare d'Austerlitz
-
Den Hafe vun Austerlitz
-
De Jardin Charles Trenet
-
Sprangbur op der Place de l'Italie
Kuckeswäertes[änneren | Quelltext änneren]
Kleng Auswiel:
Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]
Commons: 13. Arrondissement vu Paräis – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten[Quelltext änneren]