Op den Inhalt sprangen

Dräizéng

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) 13 (Zuel))
13
Dräizéng
Primzuel, positiv ganz Zuel, ongerued Zuel, Fibonacci-Zuel, defizient Zuel
Virgänger Zwielef
Nofollger Véierzéng
Ordinalzuel dräizéngt
Eegenschaften
Primfacteur(en) 13
Deeler 1, 13
Zuel vun Dezimalzifferen 2
Aner Duerstellungen
Réimesch XIII
Binär 1101
Oktal 15
Duodezimal 11
Hexadezimal D

Déi natierlech Zuel Dräizéng (13) ass d'Nofollgerin vun der Zwielef an d'Virgängerin vun der Véierzéng. Et ass eng ongerued Zuel. Si gëllt souwuel als Ongléckszuel, wéi och als Gléckszuel.

Dat réimescht Zeeche fir d'Dräizéng ass XIII.

Et ass eng Primzuel.

Naturwëssenschaft

[änneren | Quelltext änneren]

De Messier 13 oder M13 ass en helle Kugelstärekoup am Stärebild Hercules mat der Nummer 13 vum Messier-Katalog.

Am Periodesystem vun den Elementer an der Chimie ass d'Dräizéng d'Uerdnungszuel vum Aluminium. Déi 13. Grupp vum Periodesystem (och nach Grupp vum Bor an den Äerdmetaller genannt), ass déi 13. Grupp (Kolonn) vum Periodesystem vun den Elementer.

Den Buschtaf M, respektiv m, ass den dräizéngte Buschtaf am laténgeschen Alphabet.

Zimmer 13 ass e franséisch-däitsche Film vum Harald Reinl aus dem Joer 1964 no engem Kriminalroman vum Edgar Wallace .

 Commons: Dräizéng – Biller, Videoen oder Audiodateien