Op den Inhalt sprangen

Veritate (Stär)

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) 14 Andromedae)
Veritate
Stärebild:Andromeda (And)
Daten (Equinoxe J2000.0)
Rektaszensioun23h 31m 17,41346s
Deklinatioun+ 39° 14' 10,3092"
Visuell Magnitude+ 5,22 mag
Spektralklass:K0III
Astrometrie
Radialvitess:-59,99 ± 0,2 km/s
Parallax:12,63 ± 0,27
Distanz249,18 ± 13,37 Lj.
Temperatur4.813
Physikalesch Eegenschaften
Mass:2,2 ± 0,2 M☉
Radius:11 ± 1 R☉
Metallizitéit:-0,24 dex
Aner Bezeechnungen
Bonner DuerchmusterungBD +38°5023
Bright Star CatalogueHR 8930
Flamsteed-Bezeechnung14 Andromedae
Henry-Draper-KatalogHD 221345
Hipparcos-KatalogHIP 116076
2MASSJ23311742+3914102
SAOSAO 73311
Tycho-KatalogTYC 3231/323/1

De Veritate (Flamsteed-Bezeechnung: 14 Andromedae, ofgekierzt 14 And) ass e Roude Ris am Stärebild Andromeda. E läit ronn 249 Liichtjoer vun eiser Sonn ewech. Et ass e Stär vun der 5. Gréisst a bei gudde Wiederkonditiounen nach sou just mat bloussem A ze gesinn. De Veritate huet e Planéitesystem mat op d'mannst engem bekannten Exoplanéit.

Den onopfällege Stär war bis 2015 haaptsächlech ënner senger Flammsteed-Bezeechnung bekannt an hat keen historeschen eegenen Numm. No engem ëffentleche Concours vun der Internationaler Astronomescher Unioun fir den Numm vun Exoplanéiten an hiren Zentralstären, krut de 14 Andromedae de 15. Dezember 2015 den offiziellen Numm Veritate, ofgeleet vum laténgesche Wuert "Veritas" fir "Wouerecht". Deen ufanks virgeschloenen Numm Veritas, vum Thunder Bay Centre vun der Royal Astronomical Society of Canada gouf wéinst dem selwechten Numm vum Asteroid (490) Veritas net akzeptéiert.

Eegenschaften

[änneren | Quelltext änneren]

De Veritate ass e Roude Ris mat der Spektralklass K. Hien huet méi wéi déi duebel Mass vun eiser Sonn an ongeféier den eeleffache Sonneradius. Et ass méiglecherweis och e verännerleche Stär. An der Vergaangenheet gouf en als Haaptreiestär mat der Spektralklass A oder F notéiert.

Planéitesystem

[änneren | Quelltext änneren]

Am Joer 2008 gouf mat der Radialvitessmethod e Planéit beim Stär fonnt, dee bal déi fënneffach Mindestmoosse vum Jupiter huet. Den Exoplanéit krut 2015 vun der IAU den offizielle Numm Spe.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Spe (Exoplanéit).

Portal Astronomie