16. Arrondissement vu Paräis

Vu Wikipedia
16. Arrondissement vu Paräis
Quartieren Auteuil,
Muette,
Porte-Dauphine,
Chaillot
Buergermeeschter Danièle Giazzi
Awunner 162.061
Fläch 7,91 km²
Postcode 75016
INSEE-Code 75116
Koordinaten 48°51'49,00"N, 2°16'35,36"O


De 16. Arrondissement ((fr) och nach Arrondissement de Passy ) ass ee vun zwanzeg Stadbezierker vu Paräis.

Den Arrondissement ass haaptsächlech e Wunnquartier deen awer trotzdeem vun den Touriste wéinst senge sëllege Muséeën, dem Trocadéro oder dem Bois de Boulogne besicht gëtt. Am 16. Arrondissement sinn déi meescht Ambassaden a Konsulater vu Paräis, grad wéi weltwäit bekannt Sportariichtunge wéi de Parc des Princes oder de Roland-Garros-Tennisstadion.

Geographesch Lag[änneren | Quelltext änneren]

De 16. Arrondissement läit um rietsen Uwänner vun der Seine, am Weste vun der Stad. E stéisst am Osten un d'Seine an am Westen un de Boulevard périphérique, mat Ausnam vum Bois de Boulogne, deen op der anerer Säit vum Périphérique läit.

Quartieren[änneren | Quelltext änneren]

Wéi all Paräisser Arrondissement ass en a véier administrativ Quartieren ënnerdeelt:

  • 61. Quartier d'Auteuil
  • 62. Quartier de la Muette
  • 63. Quartier de la Porte-Dauphine
  • 64. Quartier de Chaillot

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Kuckeswäertes[änneren | Quelltext änneren]

Kleng Auswiel:

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: 16. Arrondissement vu Paräis – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]