18. Januar
Ausgesinn
<< | Januar | >> | ||||
Mé | Dë | Më | Do | Fr | Sa | So |
1 | 2 | 3 | 4 | 5 | 6 | 7 |
8 | 9 | 10 | 11 | 12 | 13 | 14 |
15 | 16 | 17 | 18 | 19 | 20 | 21 |
22 | 23 | 24 | 25 | 26 | 27 | 28 |
29 | 30 | 31 | ||||
2024 |
Den 18. Januar ass den 18. Dag vum Joer am Gregorianesche Kalenner.
Evenementer
[änneren | Quelltext änneren]- 1535: De spueneschen Eruewerer Francisco Pizarro grënnt, um Südufer vum Floss Rimac, Lima, deemools nach Ciudad de los Reyes (Stad vun de Kinneken).
- 1701: De Kurfürst Friedrich III. vu Brandenburg kréint sech zu Königsberg eegenhänneg zum Kinnek a Preisen.
- 1778: Den James Cook entdeckt Hawaii.
- 1871: De Wilhelm I. vu Preisen gëtt däitsche Keeser.
- 1919: D'Paräisser Friddenskonferenz 1919 fänkt un, zwéin Deeg drop geet mat der Ënnerschrëft vum Friddenstraité vu Versailles den Éischte Weltkrich op en Enn.
Gebuer
[änneren | Quelltext änneren]-
Montesquieu
-
Warren de la Rue
-
Cary Grant
-
Alexander Van der Bellen
-
Kevin Costner
- 1689: Montesquieu, franséische Philosoph.
- 1815: Warren de la Rue, britteschen Astronom a Cheemiker.
- 1815: Konstantin von Tischendorf, däitschen Theolog.
- 1881: Nikolaus Wark, lëtzebuergesche Metallurgist.
- 1882: Alan Alexander Milne, englesche Schrëftsteller.
- 1892: Oliver Hardy, US-amerikanesche Schauspiller (Den Décken an den Dënnen).
- 1900: Fritz Schneider, lëtzebuergesche Professer an Auteur.
- 1903: Werner Hinz, däitsche Schauspiller.
- 1904: Cary Grant, US-amerikanesche Schauspiller.
- 1908: Lambert Schaus, lëtzebuergesche Politiker an Diplomat
- 1911: Gábor Darvas, ungaresche Komponist a Musekswëssenschaftler.
- 1911: Danny Kaye, US-amerikanesche Schauspiller, Komiker a Sänger.
- 1914: Arno Schmidt, däitsche Schrëftsteller.
- 1933: John Boorman, brittesche Regisseur.
- 1937: John Hume, nordiresche Politiker a Friddensnobelpräislaureat.
- 1942: Raymond Kirsch, lëtzebuergesche Jurist an Ekonomist.
- 1944: Alexander Van der Bellen, éisträicheschen Ekonomist a Politiker; Bundespresident.
- 1949: Philippe Starck, franséischen Designer an Architekt.
- 1955: Kevin Costner, US-amerikanesche Schauspiller.
- 1955: Hans van Tongeren, hollännesche Schauspiller.
- 1958: Jo Kox, administrativen Direkter vum Casino Luxembourg – Forum d'art contemporain.
- 1963: Phillip Boa, däitsche Museker a Komponist.
- 1979: Leo Varadkar, iresche Politiker.
- 1987: Johan Djourou, schwäizeresch-ivoresche Foussballspiller.
- 1993: Pia Berscheid, lëtzebuergesch Foussballspillerin.
Gestuerwen
[änneren | Quelltext änneren]- 1174 - Wenzel II., béimeschen Herzog a Kinnek.
- 1730: Péiter II. vu Russland, russeschen Zar (1727 bis 1730).
- 1759: Philipp Andreas Kilian, Kofferstiecher a Moler.
- 1787: Jean-Baptiste Determe, kathoulesche Geeschtlechen aus Lëtzebuerg zu Wien.
- 1797: Henri-Jean-Népomucène Crantz, lëtzebuergesche Botaniker.
- 1802: Antoine Darquier de Pellepoix, franséischen Astronom.
- 1862: John Tyler, 10. President vun de Vereenegte Staate vun Amerika.
- 1863: François Joseph Wirz, lëtzebuergeschen Ingenieur.
- 1878: Antoine César Becquerel, franséische Physiker.
- 1921: Wilhelm Foerster, däitschen Astronom.
- 1927: Hermann Müller, Schwäizer Wäibauingenieur a Botaniker.
- 1936: Rudyard Kipling, brittesche Schrëftsteller, Journalist an Nobelpräisdréier.
- 1972: Jacques Majerus, lëtzebuergesche Vëlossportler.
- 1972: George Mitchell, US-amerikanesche Schauspiller.
- 1977: Yvonne Printemps, franséisch Schauspillerin a Sängerin
- 1977: Carl Zuckmayer, däitsche Schrëftsteller
- 1995: Roger Gilson, lëtzebuergesche Vëlossportler.
- 2007: Cyril Mar Baselios Malancharuvil, indesche Bëschof
- 2010: Ursula Kübler, Schwäizer Schauspillerin an Dänzerin
- 2016: Glenn Frey, US-amerikanesche Rockmuseker
- 2016: Michel Tournier, franséische Schrëftsteller
- 2021: Jean-Pierre Bacri, franséische Schauspiller an Dréibuchauteur
- 2021: Aimé Knepper, lëtzebuergesche Resistenzler, Sportsprofesser a Liichtathleet
Feierdeeg
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: 18. Januar – Biller, Videoen oder Audiodateien |