1945
Ausgesinn
◄ |
19. Joerhonnert |
20. Joerhonnert
| 21. Joerhonnert
◄◄ |
◄ |
1941 |
1942 |
1943 |
1944 |
1945
| 1946
| 1947
| 1948
| 1949
| ►
| ►►
Dës Säit befaasst sech mam Joer 1945.
Evenementer
[änneren | Quelltext änneren]Europa
[änneren | Quelltext änneren]- 27. Januar: D'KZ Auschwitz gëtt vun der Rouder Arméi befreit.
- 30. Januar: Beim Massaker am KZ Sonnenburg ginn iwwer 800 Prisonéier, dorënner 91 Lëtzebuerger, vun der SS duerch Genéckschoss doutgemaach, just ier d'Rout Arméi d'Lager befreie konnt.
- 4. bis 11. Februar: Konferenz vu Jalta.
- 25. Abrëll: Zu Torgau op der Elbe feiere sowjetesch an US-amerikanesch Zaldoten hiert Zesummekommen an Däitschland.
- 8. Mee: Kapitulatioun vun Däitschland; Enn vum Zweete Weltkrich an Europa.
- 10. Oktober: D'NSDAP an all hir Niewenorganisatioune gi vun den Alliéierte verbueden.
- 14. November: Ufank vun den Nürnberger Prozesser.
-
Konferenz vu Jalta
-
Amerikanesch a sowjetesch Genereel zu Torgau
-
De Feldmarschall Keitel ënnerschreift déi däitsch Kapitulatioun (8. Mee).
-
Deel vun den Ugekloten am zentralen Nürnberger Prozess.
Lëtzebuerg
[änneren | Quelltext änneren]- 12. Februar: Mat der Réck-Befreiung vu Veianen duerch d'amerikanesch Arméi ass ganz Lëtzebuerg nees vun den däitsche Besatzer befreit.
- 20. Mäerz: Déi vun der Regierung agesate Assemblée consultative kënnt eng éischt Kéier zesummen.
- 14. Abrëll: D'Groussherzogin Charlotte kënnt aus dem Exil vu London zeréck.
- 24. Abrëll bis 25. Mee: D'Groussherzogin Charlotte besicht op 6 Tier den Norden an den Oste vum Land, fir sech e Bild vun de grousse Schied a villen Dierfer ze maachen.
- Mee - August: Am Munnerëffer Palace Hotel, deen an en US-Gefaangelager ëmfunktionéiert gouf an de Spëtznumm Camp Ashcan krut, ginn all déi héichrangeg däitsch Militär an Nazie gefaangegehalen a verhéiert, ier s'op Nürnberg bruecht ginn.
- 27. Juni: D'Zaldote vun der Luxembourg Battery kommen hannescht op Lëtzebuerg.
- 1. August: D'Resistenzorganisatioune Letzeburger Freihétsbond (LFB), Lëtzeburger Patriote Liga (LPL), Letzeburger Ro'de Lé'w (LRL) a Letzeburger Volléks-Legio’n (LVL) an d'Luxembourg Battery verkënnegen d'Schafe vum Groupement patriotique et démocratique (GPD).
- 21. Juli: Fënneffache Muerd um Wandhaff, bei Welschent.
- 18. August: Lescht vun am ganzen 18 Sëtzunge vun der Assemblée consultative. D'Virkrichs-Chamber huet ewell nees e Quorum, fir Decisiounen huele ze kënnen.
- 1. September: Déi éischt Nummer vun der Revue - Letzeburger Illustre'ert kënnt eraus.
- 7. Oktober: Gemengewalen.
- 20. Oktober: Accord tëscht Lëtzebuerg an den "Général Commandant en Chef Français en Allemagne" iwwer d'Participatioun vun 2 Batalljoune vun der Lëtzebuerger Arméi bei der militärescher Besetzung vun den däitsche Landkreeser Bitburg a Saarburg.
- 21. Oktober: Bei den éischte Chamberwalen nom Krich kritt d'CSV 25 Sëtz, d'Lëtzebuerger Aarbechterpartei der 11, de Groupement patriotique et démocratique der 9, d'KPL der 5 an d'Parti des Indépendants de l'Est 1 Sëtz.
- 14. November: D'Regierung vun der Nationaler Unioun trëtt hir Funktioun un.
-
D'Groussherzogin kënnt vu London zeréck
-
Prisonnéier am Camp Ashcan
-
Logo 1. Nummer vun der Revue
-
Sëtzverdeelung no de Chamberwalen
Afrika
[änneren | Quelltext änneren]Amerika
[änneren | Quelltext änneren]USA
[änneren | Quelltext änneren]Südamerika
[änneren | Quelltext änneren]Asien
[änneren | Quelltext änneren]
De Pazifikkrich dauert nach bis August 1945. An dësem Krich, dem asiateschen Deel vum Zweete Weltkrich, steet dat keeserlecht Japan géint China, d'Vereenegt Staate vun Amerika, Groussbritannien an zum Schluss och d'Sowjetunioun) an engem battere Kampf. Nodeem d'Amerikaner bannent dräi Deeg zwou Atombommen iwwer de japanesche Stied Hiroshima an Nagasaki explodéiere gelooss hunn, war de Krich mat der Kapitulatioun vu Japan am den 2. September 1945 offiziell eriwwer.
Ozeanien & Pazifik
[änneren | Quelltext änneren]Arabesch Welt
[änneren | Quelltext änneren]- 22. Mäerz: Grënnung vun der Arabescher Liga zu Kairo.
Konscht a Kultur
[änneren | Quelltext änneren]Molerei
[änneren | Quelltext änneren]Literatur
[änneren | Quelltext änneren]Musek
[änneren | Quelltext änneren]Wëssenschaft an Technik
[änneren | Quelltext änneren]Sport
[änneren | Quelltext änneren]- 13. Mee: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp gewënnt an der Stad Lëtzebuerg 4:1 géint Belsch. D'Goler fir d'Lëtzebuerger hunn de Léon Mart (2), Camille Libar a Gusty Kemp geschoss.[1]
- 27. Mee: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert an der Stad Lëtzebuerg 2:3 géint Frankräich. D'Goler fir d'Lëtzebuerger hunn de Gusty Kemp a Léon Mart geschoss.[2]
Gebuer
[änneren | Quelltext änneren]- 1. Januar: Jacky Ickx, belsche Formel-1 Pilot.
- 2. Januar: Peter Patzak, éisträchesche Filmregisseur an Dréibuchauteur.
- 5. Januar: Roger Spottiswoode, kanadesche Filmregisseur an Dréibuchauteur.
- 8. Januar: Elga Sorbas, däitsch Schauspillerin.
- 9. Januar: Lewon Ter-Petrosjan, armeenesche Staatspresident.
- 10. Januar: Rod Stewart, englesche Popsänger.
- 10. Januar: Gunther von Hagens, däitschen Anatom.
- 11. Januar: Christine Kaufmann, éisträichesch-däitsch Schauspillerin an Autorin.
- 16. Januar: Anatoli Nikolajewitsch Perminow, russesche Militärwëssenschaftler.
- 19. Januar: Franz Keller, däitsche Schileefer.
- 20. Januar: Gianni Amelio, italieenesche Filmregisseur an Dréibuchauteur.
- 26. Januar: Sylvie Bréal, franséisch Schauspillerin.
- 26. Januar: Jeremy Rifkin, US-amerikanesche Soziolog, Ekonomist a Publizist.
- 28. Januar: Marthe Keller, Schwäizer Schauspillerin.
- 29. Januar: Ibrahim Boubacar Keïta, malesche Politiker.
- 29. Januar: Tom Selleck, US-amerikanesche Schauspiller.
- 6. Februar: Bob Marley, jamaikanesche Reggae-Museker.
- 9. Februar: Mia Farrow, US-amerikanesche Schauspillerin.
- 11. Februar: Harley Cokeliss, US-amerikanesche Filmregisseur, Dréibuchauteur a Filmproduzent.
- 12. Februar: Luc Dupanloup (Dupa), belsche Comiczeechner.
- 13. Februar: Carlo Sunnen, lëtzebuergesche Philosoph an Auteur.
- 14. Februar: Hans-Adam II., Prënz vu Liechtenstein.
- 26. Februar: Bernard Plossu, franséische Fotograf.
- 27. Februar: Daniel Olbrychski, polnesche Schauspiller.
- 28. Februar: Mimsy Farmer, US-amerikanesch Schauspillerin.
- 9. Mäerz: Fernand Emmel, lëtzebuergeschen Archivist, Historiker a Genealogist.
- 10. Mäerz: Pierre Seck, lëtzebuergesche Cheemiker a Chimiesprofesser.
- 11. Mäerz: Lucien Kayser, lëtzebuergeschen Auteur an Enseignant.
- 13. Mäerz: Jean Petit, lëtzebuergeschen Architekt.
- 14. Mäerz: Herman van Veen, hollännesche Liddermécher.
- 24. Mäerz: Curtis Hanson, US-amerikanesche Filmregisseur an Dréibuchauteur.
- 26. Mäerz: Joseph Schaack, lëtzebuergesche Gewerkschaftler a Politiker.
- 27. Mäerz: Harry Rowohlt, däitschen Auteur, Iwwersetzer a Schauspiller.
- 30. Mäerz: Eric Clapton, Rock- a Blues-Gittarist a -Sänger.
- 3. Abrëll: Catherine Spaak, franséisch Schauspillerin.
- 4. Abrëll: Daniel Cohn-Bendit, däitsch-franséische Publizist a Politiker.
- 5. Abrëll: Steve Carver, US-amerikanesche Filmregisseur.
- 7. Abrëll: Werner Schroeter, däitsche Filmregisseur, Theaterregisseur an Dréibuchauteur.
- 7. Abrëll: Joël Robuchon: franséische Kach a Gastronom.
- 12. Abrëll: Édouard Kutten, lëtzebuergeschen Enseignant a sozialkriteschen Auteur.
- 14. Abrëll: Ritchie Blackmore, britteschen Hardrock-Gittarist vun der Grupp Deep Purple
- 14. Abrëll: Jean Larriaga, franséischen Dréibuchauteur a Filmregisseur.
- 14. Abrëll: Sailele Tuila'epa Malielegaoi, Politiker aus Samoa.
- 25. Abrëll: Björn Ulvaeus, schweedesche Sänger, (ABBA)
- 8. Mee: Keith Jarrett, US-amerikaneschen Jazzpianist.
- 14. Mee: Yochanan Vollach, Foussballspiller.
- 16. Mee: Jean-Marie Degèsves, belsche Filmregisseur a Schauspiller.
- 19. Mee: Pete Townshend, brittesch Museker (The Who).
- 19. Mee: Pierre Joseph Thuot, US-amerikaneschen Astronaut.
- 31. Mee: Rainer Werner Fassbinder, däitsche Regisseur.
- 31. Mee: Laurent Gbagbo, President vun der Côte d'Ivoire.
- 7. Juni: Enrico Montesano, italieenesche Schauspiller.
- 10. Juni: René Kayl, lëtzebuergesche Moler a Sculpteur.
- 11. Juni: Roland Moreno, franséischen Erfinder.
- 17. Juni: Eddy Merckx, belsche Vëloscoureur.
- 19. Juni: Aung San Suu Kyi, Politikerin aus Myanmar.
- 19. Juni: Radovan Karadžić, President vun der Republika Srpska, Krichsverbriecher am Bosniekrich.
- 29. Juni: Marcel Gilles, Radio- a Fernseekommentator.
- 29. Juni: Irène Jouannet, franséisch Filmregisseurin an Dréibuchautorin.
- 25. Juli: Joseph Jentgen, lëtzebuergeschen Architekt.
- 26. Juli: Suzanna Leigh, brittesch Schauspillerin.
- 26. Juli: Helen Mirren, brittesch Schauspillerin.
- 28. Juli: Jim Davis, US-amerikanesche Comicszeechner.
- 30. Juli: Patrick Modiano, franséischen Auteur an Nobelpräisdréier.
- 6. August: Frank Cassenti, franséische Filmregisseur.
- 7. August: Caroline Cellier, franséisch Schauspillerin.
- 12. August: Jean Nouvel, franséischen Architekt.
- 14. August: Marja-Leena Junker, finnesch Schauspillerin an Theaterregisseurin.
- 14. August: Steve Martin, amerikanesche Komiker a Filmschauspiller.
- 14. August: Wim Wenders, däitsche Regisseur a Fotograf.
- 15. August: Jill Haworth, brittesch Schauspillerin.
- 15. August: Alain Juppé, franséische Politiker.
- 15. August: Pierre Langer, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 31. August: Itzhak Perlman, israeelesche Museker.
- 8. September: Christiane Krüger, däitsch Schauspillerin.
- 10. September: José Feliciano, puerto-ricanesche Sänger a Gittarist.
- 11. September: Franz Beckenbauer, däitsche Foussballspiller an -trainer.
- 14. September: Rob Roemen, lëtzebuergesche Politiker a Journalist
- 15. September: Jessye Norman, US-amerikanesch Sängerin..
- 19. September: Benoît Lamy, belsche Filmregisseur.
- 21. September: Jerry Bruckheimer, US-amerikanesche Filmproduzent.
- 26. September: Bryan Ferry, brittesche Sänger a Lidderauteur (Roxy Music).
- 29. September: Fernand Jeitz, lëtzebuergeschen internationale Foussballspiller.
- 30. September: Ralph Siegel, däitsche Museker, Komponist a Museksproduzent.
- 1. Oktober: Ram Nath Kovind, indesche Politiker a Staatspresident.
- 7. Oktober: Petz Lahure, lëtzebuergesche Sportsjournalist an Auteur.
- 12. Oktober: Aurore Clément, franséisch Schauspillerin.
- 12. Oktober: Jacques-Yves Henckes, lëtzebuergesche Politiker.
- 13. Oktober: Christophe, franséische Museker a Sänger.
- 25. Oktober: David Schramm, US-amerikaneschen Astrophysiker.
- 27. Oktober: Luiz Inácio Lula da Silva, brasilianesche Politiker, Staatspresident.
- 28. Oktober: Michel Pilz, lëtzebuergeschen Jazzmuseker.
- 29. Oktober: Jean-Paul Frisch, lëtzebuergesche Museker a Komponist.
- 3. November: Gerd Müller, däitsche Foussballspiller.
- 11. November: Daniel Ortega, nicaraguanesche President.
- 12. November: Neil Young, kanadescher Rockmuseker.
- 15. November: Anni-Frid Lyngstad, schweedesch Popsängerin ABBA.
- 17. November: Roland Joffé, brittesche Regisseur.
- 21. November: Goldie Hawn, US-amerikanesch Schauspillerin.
- 1. Dezember: Bette Midler, US-amerikanesch Sängerin, Schauspillerin a Komikerin.
- 4. Dezember: Luís Galvão Teles, portugisesche Filmregisseur a -produzent.
- 7. Dezember: René Klein, lëtzebuergesche Lycéesprofesser, Historiker, Heraldiker a Genealog.
- 24. Dezember: Lemmy Kilmister, brittesche Rocksänger.
- 28. Dezember: Birendra, Kinnek vun Nepal.
- 30. Dezember: Davy Jones, brittesche Sänger a Schauspiller.
Gestuerwen
[änneren | Quelltext änneren]- 30. Januar: Albert Mockel, belsche Schrëftsteller.
- Februar: Constant Bilocq, belsche Paschtouer a Resistenzler.
- 3. Februar: Nicolas Simmer, lëtzebuergeschen Enseignant an Auteur.
- 11. Februar: Azeglio Bemporad, italieeneschen Astronom.
- 22. Februar: Jan van Hout, hollännesche Vëlossportler a Resistenzler.
- 22. Februar: Emile Reding, lëtzebuergesche Resistenzler.
- 12. Mäerz: Anne Frank, Affer vum Holocaust.
- 12. Mäerz: Jean-Baptiste Scharlé, lëtzebuergesche Lokalpolitiker.
- 14. Mäerz: Jean-Pierre Welter, lëtzebuergesche Journalist.
- 15. Mäerz: Pierre Drieu La Rochelle, franséische Schrëftsteller.
- 21. Mäerz: Willy Wenkin, lëtzebuergesche Resistenzler.
- 26. Mäerz: David Lloyd George, brittesche Politiker.
- 28. Mäerz: Jacques Gallé, lëtzebuergeschen Eisebunner a Politiker.
- 31. Mäerz: Hans Fischer, däitsche Cheemiker a Medezinner, Nobelpräisdréier.
- 31. Mäerz: Pierre Goedert, lëtzebuergesche Lokalpolitiker.
- 2. Abrëll: Vilmos Apor, rumänesche Bëschof an Hellegen.
- 3. Abrëll: Dominique Moes, lëtzebuergesche Gewerkschaftler a Politiker.
- 5. Abrëll: Émile Lefort, lëtzebuergesche Resistenzler.
- 9. Abrëll: Georg Elser, däitsche Resistenzler.
- 12. Abrëll: Franklin D. Roosevelt, US-amerikanesche Politiker (32. US-President).
- 22. Abrëll: Käthe Kollwitz, däitsch Sculptrice.
- 24. Abrëll: Jacques Marie Bellwald, lëtzebuergesche Fotograf a Filmpionéier.
- 24. Abrëll: Paul Wurth, lëtzebuergeschen Industriellen.
- 28. Abrëll: Benito Mussolini, faschistesche Diktator vun Italien.
- 30. Abrëll: Adolf Hitler, "Führer" vum "Däitsche Räich".
- 30. Abrëll: Eva Braun, seng Fra fir een Dag.
- am Mee: Charles Buffet, lëtzebuergesche Politiker.
- 1. Mee: Joseph Goebbels, däitschen Nationalsozialist, "Reichspropagandaleiter".
- 5. Mee: Yvo Kerger, lëtzebuergeschen Eisebunner a Resistenzler.
- 12. Mee: Andrea Pasini, lëtzebuergesche Resistenzler.
- 23. Mee: Heinrich Himmler, däitschen NS-Politiker; "Reichsführer-SS".
- 1. Juni: Walter Frederick Gale, australesche Banquier an Astronom.
- 7. Juni: Camille Dennemeyer, lëtzebuergesche Journalist, Schrëftsteller a politeschen Aktivist.
- 19. Juli: Georges Vinter, franséische Schauspiller a Filmregisseur.
- 20. Juli: Paul Valéry, franséische Schrëftsteller.
- 10. August: Robert Goddard, US-amerikanesche Wëssenschaftler a Rakéitepionéier.
- 24. August: François de Colnet d'Huart, lëtzebuergesche Physiker a Mathematiker.
- 26. August: Franz Werfel, éisträichesche Schrëftsteller.
- 15. September: Anton von Webern, éisträichesche Komponist.
- 26. September: Béla Bartók, ungaresche Komponist a Pianist.
- 8. Oktober: Felix Salten, Schwäizer Feuilletonist a Schrëftsteller.
- 13. Oktober: Lucien Simon, franséische Moler, Zeechner a Lithograph.
- 10. Oktober: Joseph Darnand, Chef vun der Milice française (exekutéiert).
- 15. Oktober: Pierre Laval, franséische Politiker.
- 22. Oktober: Paul Goerens, lëtzebuergesch-däitsche Metallurgist.
- 24. Oktober: Henri Habig, lëtzebuergesche Gewerkschaftler a Lokalpolitiker.
- 24. Oktober: Vidkun Quisling, norwegesche Politiker a Kollaborateur.
- 24. Oktober: Édouard Wolff, lëtzebuergesche Veterinär a Politiker.
- 27. Oktober: Hanns Schwarz, éisträichesche Filmregisseur.
- 4. November: George Willis Ritchey, US-amerikaneschen Optiker, Astronom an Teleskopebauer.
- 9. November: Norbert Sinner, lëtzebuergesche Vëlossportler an Autoscoureur.
- 20. November: Francis William Aston, brittesche Cheemiker a Physiker.
- 7. Dezember: Joseph Clasen, lëtzebuergeschen Ingenieur an Industriellen.
- 11. Dezember: Charles Fabry, franséische Physiker.
- 18. Dezember: Gustav Simon, NSDAP-Gauleiter zu Lëtzebuerg
- 21. Dezember: George S. Patton, US-amerikanesche Véier-Stäre-Generol.
- 29. Dezember: Alois Čenský, tschecheschen Architekt.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: 1945 – Biller, Videoen oder Audiodateien |