1951
Ausgesinn
◄ |
19. Joerhonnert |
20. Joerhonnert
| 21. Joerhonnert
◄◄ |
◄ |
1947 |
1948 |
1949 |
1950 |
1951
| 1952
| 1953
| 1954
| 1955
| ►
| ►►
Dës Säit befaasst sech mam Joer 1951.
Evenementer
[änneren | Quelltext änneren]Europa
[änneren | Quelltext änneren]- 10. Mäerz: Den Henri Queuille léist de René Pleven als Premierminister vu Frankräich of.
- 18. Abrëll: Duerch den Traité vu Paräis gëtt d'Europäesch Communautéit fir Stol a Kuel (CECA) gegrënnt. En trëtt am Juli 1952 a Kraaft.
- 27. Mee: De Sozialdemokrat Theodor Körner gëtt zum neie Staatspresident an Éisträich gewielt.
- 16./17. Juli: De Baudouin gëtt Kinnek vun de Belsch, nodeem säi Papp Leopold III. zeréckgetrueden ass.
- 21. Juli: De Francisco Craveiro Lopes gëtt zum President vu Portugal gewielt (bis 1959).
- 11. August: De René Pleven gëtt op en Neits Premierminister a Frankräich.
- 20. September: D'NATO decidéiert, Griicheland an d'Tierkei opzehuelen, dat trëtt den 18. Februar 1952 a Kraaft.
- 26. Oktober: A Groussbritannie gewënnt d'Konservativ Partei ënner dem Winston Churchill d'Parlamentswale fir d'Ënnescht Chamber. Dëse gëtt op en Neits Premierminister.
Lëtzebuerg
[änneren | Quelltext änneren]- 20. Mäerz: Ofkommes tëscht Lëtzebuerg an den USA, mat deem d'USA 20 ha Land zu Hamm kréien, fir do e Kierfecht fir ronn 6000 Zaldoten, déi an der Ardenneschluecht an an ëm Lëtzebuerg gefall sinn, z'amenagéieren.
- 29. Mee: D'Société électrique de l'Our gëtt gegrënnt.
- : Partiell 3. JuniChamberwalen am Zentrum an am Norden. An der Chamber huet d'CSV 21 Sëtz, d'LSAP der 19, de Groupement patriotique et démocratique der 8 an d'KPL der 4.
- : D' 3. JuliRegierung Dupong-Bodson hëlt hir Funktioun op.
- : Déi éischt 5. JuliVerkéiersluucht zu Lëtzebuerg gëtt op der Bréisseler Plaz a Betrib geholl.
- : Lëtzebuerg erkläert Däitschland offiziell, datt de Krichszoustand tëscht hinnen eriwwer ass. 9. August
Afrika
[änneren | Quelltext änneren]- 15. Oktober: D'egyptesch Regierung kënnegt den Hëllefspakt mat Groussbritannien vun 1936; De Kinnek Faruq erkläert sech zum Kinnek vu Sudan; Souveränitéit vun de Britten iwwer de Suezkanal gëtt net méi unerkannt. Doropshi besetzen d'Britten den 19. November Ismailia, wou et bei Ausernanersetzunge mat 14 Doudege kënnt.
- 24. Dezember: Libyen gëtt vun Italien onofhängeg. Staatschef gëtt den Idris I.
Amerika
[änneren | Quelltext änneren]USA
[änneren | Quelltext änneren]- 26. Januar: Den US-Senator Joseph McCarthy gëtt President vun der Senats-Enqêtekommissioun iwwer on-amerikanesch Aktivitéiten.
- 15. Mäerz: De Jacobo Arbenz Guzmán gëtt Staatspresident a Guatemala (bis 1954).
- : D'US-amerikanesch Bierger 5. AbrëllEthel a Julius Rosenberg gi wéinst Spionage fir d'Sowjetunioun zum Doud verurteelt.
Südamerika
[änneren | Quelltext änneren]- 11. November: De Juan Peron gëtt als Staatspresident vun Argentinien erëmgewielt.
Asien
[änneren | Quelltext änneren]- : 4. JanuarKoreakrich: Truppen aus Nordkorea a China eruewere Seoul.
- 12. Februar: De Schah Mohammad Reza Pahlavi bestit sech mat der Soraya Esfandiary Bakhtiari.
- 14. Mäerz: D'UNO-Truppen eruewere Seoul zeréck.
- : De 8. SeptemberFriddenstraité vu San Francisco gëtt tëscht Japan an 48 Staaten ënnerschriwwen. En trëtt den 28. Abrëll 1952 a Kraaft.
- 16. Oktober: De pakistanesche Premierminister Liaquat Ali Khan gëtt bei engem Attentat ermuert.
Ozeanien & Pazifik
[änneren | Quelltext änneren]Arabesch Welt an Noen Osten
[änneren | Quelltext änneren]- 20. Juli: De Kinnek Abdallah I. vu Jordanien gëtt um Tempelbierg zu Jerusalem ermuert.
Konscht a Kultur
[änneren | Quelltext änneren]Molerei
[änneren | Quelltext änneren]Literatur
[änneren | Quelltext änneren]Musek
[änneren | Quelltext änneren]Wëssenschaft an Technik
[änneren | Quelltext änneren]Sport
[änneren | Quelltext änneren]- 15. Abrëll: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp spillt zu Bruges 3:3 géint Belsch. D'Goler fir d'Lëtzebuerger hunn ee belsche Spiller (Selbstgol), de Vic Feller a Jules Gales geschoss.[1]
- : Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu 3. JuniEsch-Uelzecht 0:2 géint Frankräich.[2]
- 17. Juni: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu Bregenz 3:5 géint Éisträich. D'Goler fir d'Lëtzebuerger hunn de Vic Nurenberg, Vic Feller an Nicolas Kettel geschoss.[3]
- 24. Juni: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu Luzern 3:4 géint Schwäiz. D'Goler fir d'Lëtzebuerger hunn de Vic Feller an Nicolas Kettel (2) geschoss.[4]
- : Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp gewënnt an der 4. NovemberStad Lëtzebuerg 3:0 géint Finnland. D'Goler fir d'Lëtzebuerger hunn den Tapio Pylkkonen (Selbstgol), Vic Nurenberg a François Muller geschoss.[5]
- 25. November: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu Bruges 0:2 géint Belsch.[6]
- 23. Dezember: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu Essen 1:4 géint d'Bundesrepublik Däitschland. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet de François Muller geschoss.[7]
Gebuer
[änneren | Quelltext änneren]- Häns'che Weiss, däitschen Jazz-Gittarist.
- : 1. JanuarHans-Joachim Stuck, däitschen Autossportler.
- : 9. JanuarMichel Barnier, franséische Politiker.
- Henri Goedert, lëtzebuergesche Jurist an Auteur. 9. Januar:
- 11. Januar: Albert Genen, lëtzebuergesche Museker an Dirigent.
- 12. Januar: Kirstie Alley, US-amerikanesch Schauspillerin.
- 16. Januar: François Tesch, lëtzebuergesche Manager.
- 22. Januar: Josy Melde, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 24. Januar: Claude Hemmer, lëtzebuergeschen Ekonomist, Staatsbeamten a fréiere Member vum Staatsrot.
- 30. Januar: Phil Collins, brittesche Museker.
- : 6. FebruarJacques Villeret, franséische Schauspiller.
- : 7. FebruarMayte Mateos, spuenesch Sängerin.
- 20. Februar: Gordon Brown, brittesche Politiker.
- 24. Februar: Monique Melsen, lëtzebuergesch Sängerin a Kabarettistin.
- 24. Februar: Laimdota Straujuma, lettesch Ekonomistin a Politikerin.
- 28. Februar: Raphaële Billetdoux, franséisch Schrëftstellerin a Filmregisseurin.
- : 4. MäerzChris Rea, englesche Sänger.
- : 6. MäerzGerrie Knetemann, professionellen hollännesche Vëlossportler.
- : 7. MäerzJean Schiltz, lëtzebuergesche Politiker a Gewerkschaftler.
- 11. Mäerz: Dominique Sanda, franséisch Schauspillerin.
- 17. Mäerz: Sydne Rome, US-amerikanesch Schauspillerin.
- 17. Mäerz: Kurt Russell, US-amerikanesche Schauspiller a Produzent.
- 24. Mäerz: Marcel Thull, lëtzebuergesche Vëlossportler.
- : 8. AbrëllGeir Haarde, islännesche Politiker.
- : 9. AbrëllRoger Fandel, lëtzebuergesche Foussballspiller an -trainer.
- 13. Abrëll: Jeanpaul Goergen, lëtzebuergesche Politolog a Filmkritiker.
- 17. Abrëll: Olivia Hussey, brittesch Schauspillerin.
- 21. Abrëll: Jean-Pierre Dardenne, belsche Regisseur a Schauspiller.
- 24. Abrëll: Enda Kenny, iresche Politiker.
- 27. Abrëll: Paul Dostert, lëtzebuergeschen Historiker.
- 27. Abrëll: Viviane Reding, lëtzebuergesch Politikerin.
- 27. Abrëll: Freundel Stuart, Politiker vu Barbados.
- : 3. MeeJan Bielecki, polnesche Politiker an Ekonomist.
- : 6. MeeSamuel Doe, liberianesche Politiker.
- : 8. MeeAlex Langini, lëtzebuergeschen Historiker.
- 22. Mee: Johan Verminnen, belsche Popsänger.
- 23. Mee: Antonis Samaras, griichesche Politiker.
- 24. Mee: Jean-Pierre Bacri, franséische Schauspiller an Dréibuch
- 25. Mee: François Bayrou, franséische Politiker.
- 25. Mee: Romain Goerend, lëtzebuergesche Journalist a Regisseur.
- 30. Mee: Fernando Lugo, President vum Paraguay.
- : 1. JuniOlivier Dassault, franséische Geschäftsmann a Politiker
- : 2. JuniRomain Mannelli, lëtzebuergesche Fechter.
- Gilbert Baker, US-amerikanesche Kënschtler a Createur vum Reeboufändel. 2. Juni:
- : 5. JuniFernand Roda, lëtzebuergesche Moler.
- 10. Juni: Aldo Catani, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 10. Juni: France Dougnac, franséisch Schauspillerin.
- 27. Juni: Mary McAleese, iresch Journalistin a Politikerin.
- 29. Juni: Don Rosa, US-amerikanesche Comic-Texter an -Zeechner.
- : 3. JuliJean-Claude Duvalier, haitianesche Politiker an Diktator.
- 10. Juli: Rajnath Singh, indesche Politiker.
- 18. Juli: Elio Di Rupo, belsche Politiker.
- 21. Juli: Robin Williams, US-amerikanesche Schauspiller.
- 23. Juli: Vinicio Monacelli, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 28. Juli: Santiago Calatrava, spueneschen Architekt.
- 29. Juli: Paul Holweck, lëtzebuergeschen Architekt
- : 3. AugustLucien Weiler, lëtzebuergesche Politiker.
- 10. August: Juan Manuel Santos, kolumbianesche Politiker.
- 16. August: Umaru Yar'Adua, nigerianesche Politiker.
- 20. August: Mohammed Mursi, egyptesche Politiker.
- : 3. SeptemberMaithripala Sirisena, sri-lankesche Politiker.
- : 4. SeptemberClaude Nilles, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- : 5. SeptemberMichèle Thoma, lëtzebuergesch Schrëftstellerin.
- John Schummer, lëtzebuergesche Politiker 5. September:
- : 6. SeptemberNico Valentiny, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 19. September: Marie-Anne Chazel, franséisch Schauspillerin, Filmregisseurin an Dréibuchauteurin.
- 20. September: Jhemp Hoscheit, lëtzebuergesche Schrëftsteller.
- 20. September: Javier Marías, spuenesche Schrëftsteller.
- 25. September: Pedro Almodóvar, spuenesche Regisseur.
- 26. September: Henri Roemer, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 29. September: Michelle Bachelet, chileenesch Politikerin, Staatspresidentin.
- 30. September: Barry Marshall, australeschen Dokter, Nobelpräis fir Medezin 2005.
- : 2. OktoberRomina Power, italieenesch-US-amerikanesch Sängerin a Schauspillerin.
- Sting, brittesche Museker. 2. Oktober:
- : 7. OktoberEnki Bilal, Comiczeechner.
- 11. Oktober: Jean-Jacques Goldman, franséische Komponist a Museker.
- 17. Oktober: Prabowo Subianto, indoneesesche Generol a Politiker.
- : 1. NovemberFabrice Luchini, franséische Schauspiller.
- : 4. NovemberTraian Băsescu, rumänesche Politiker.
- : 9. NovemberClaude Rohla, lëtzebuergesche Bouschéisser.
- 15. November: Antoinette Reuter, lëtzebuergesch Historikerin.
- 18. November: Heinrich Schiff, éisträicheschen Cellist an Dirigent.
- 27. Dezember: Christiane Schmit, lëtzebuergesch Molerin.
- 29. November: Tonie Marshall, franséisch Filmregisseurin, Dréibuchautorin a Schauspillerin.
- : 1. DezemberTreat Williams, US-amerikanesche Schauspiller.
- 27. Dezember: Ernesto Zedillo Ponce de León, mexikanesche Politiker, Staatspresident.
- 27. Dezember: Jean Krier (Archeolog), lëtzebuergeschen Archeolog an Historiker.
- 28. Dezember: Gilbert Montagné, franséische Sänger.
- 30. Dezember: Paul Dahm, lëtzebuergesche Militärmuseker an Dirigent.
- 31. Dezember: Raymond Erbs, lëtzebuergesche Konschtfotograf.
Gestuerwen
[änneren | Quelltext änneren]- : 3. JanuarVictor Weiss, lëtzebuergesche Geeschtlechen an Dichter.
- 3. Januar: Nicolas Weirich, lëtzebuergesche Geeschtlechen an Auteur.
- 10. Januar: Sinclair Lewis, US-amerikanesche Schrëftsteller a Literatur-Nobelpräisdréier.
- 22. Januar: Harald Bohr, dänesche Mathematiker.
- 30. Januar: Ferdinand Porsche, éisträichesch-däitschen Autosconstructeur.
- : 8. FebruarFritz Thyssen, däitschen Industriellen.
- 19. Februar: André Gide, franséische Schrëftsteller.
- 22. Februar: Nicolas Wirtgen, lëtzebuergesche Bauer a Politiker.
- 23. Februar: Maurice Palgen, lëtzebuergeschen Turner an Olympionik.
- 15. Mäerz: John Stefanos Paraskevopoulos, griichesch-südafrikaneschen Astronom.
- : 9. AbrëllVilhelm Bjerknes, norwegesche Geophysiker.
- 29. Abrëll: Ludwig Wittgenstein, éisträichesch-brittesche Philosoph.
- : 2. MeeEdwin L. Marin, US-amerikanesche Filmregisseur.
- 21. Juni: Charles Dillon Perrine, US-amerikaneschen Astronom.
- 29. Juni: Serse Coppi, italieenesche Vëlossportler.
- : 2. JuliFerdinand Sauerbruch, däitsche Chirurg.
- 13. Juli: Arnold Schönberg, éisträichesche Komponist.
- 13. Juli: Nik Welter, lëtzebuergesche Schrëftsteller a Politiker.
- 19. Juli: Jean-Pierre Ker, lëtzebuergesche Moler a Graveur.
- 20. Juli: Abdallah ibn Hussain I., Emir a Kinnek vun (Trans-)Jordanien.
- 20. Juli: Wilhelm von Preußen, däitsche Krounprënz.
- 23. Juli: Philippe Pétain, franséische Maréchal a President.
- : Prinzessin 2. AugustÉlisabeth vu Lëtzebuerg.
- 14. August: William Randolph Hearst, US-amerikaneschen Editeur.
- 16. August: Louis Jouvet, franséische Schauspiller a Regisseur.
- 16. August: Hector Tiberghien, belsche Vëlossportler.
- 28. August: Robert Walker, US-amerikanesche Schauspiller (* Oktober 1918).
- 27. September: Pierre Godart, lëtzebuergeschen Dokter a Politiker.
- 28. Oktober: Mady Christians, éisträichesch-US-amerikanesch Schauspillerin.
- 29. Oktober: Robert Grant Aitken, US-amerikaneschen Astronom.
- : 6. NovemberThomas Francis Kiely, iresche Liichtathleet.
- 11. November: Jean Feltes, lëtzebuergesche Philolog a Linguist.
- 31. Dezember: Nicolas Didier, lëtzebuergesche Geeschtlechen, Pedagog an Historiker.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: 1951 – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Belsch-Lëtzebuerg de 15. Abrëll 1951 op der Websäit vun European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Frankräich den 3. Juni 1951 op der Websäit vun European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Éisträich-Lëtzebuerg de 17. Juni 1951 op der Websäit vun European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Schwäiz-Lëtzebuerg de 26. Juni 1951 op der Websäit vun European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Finnland de 4. November 1951 op der Websäit vun European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Belsch-Lëtzebuerg de 25. November 1951 op der Websäit vun European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Bundesrepublik Däitachland-Lëtzebuerg den 23. Dezember 1951 op der Websäit vun European Football