1960
Op d'Navigatioun wiesselen
Op d'Siche wiesselen
◄ |
19. Joerhonnert |
20. Joerhonnert
| 21. Joerhonnert
◄◄ |
◄ |
1956 |
1957 |
1958 |
1959 |
1960
| 1961
| 1962
| 1963
| 1964
| ►
| ►►
Dës Säit befaasst sech mam Joer 1960.
Inhaltsverzeechnes
Evenementer[änneren | Quelltext änneren]
Europa[änneren | Quelltext änneren]
- 1. Januar: Währungsreform a Frankräich: 1 Nouveau Franc kritt de Wäert vun 100 Ancien Francs.
- 4. Januar: Eng Rëtsch Staate grënnen d'Europäesch Fräihandelsassociatioun (EFTA).
- 1. Mee: En US-amerikaneschen U-2 Spionageflijer gëtt iwwer Swerdlowsk ofgeschoss.
- 3. Mee: D'EFTA-Ofkommes trëtt a Kraaft.
- 7. Mee: Den Ieweschte Sowjet wielt de Leonid Brejnew als President vu sengem Presidium.
- 27. Mee: D'tierkescht Militär putscht ënner dem Generol Cemal Gürsel géint d'Regierung vum Adnan Menderes, deen exekutéiert gëtt.
- 16. August: Zypern gëtt vu Groussbritannien onofhängeg.
- 15. Dezember: De belsche Kinnek Baudouin I. bestit sech mat der Fabiola de Mora y Aragón.
Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]
- De Barrage Esch-Sauer ass fäerdeg gebaut.
- 28. Januar: De Staatsrot plënnert a säi neit Gebai um Fëschmaart.
Afrika[änneren | Quelltext änneren]
- 1. Januar: Ost-Kamerun (Kamerun) gëtt vu Frankräich onofhängeg.
- 21. Mäerz: Am südafrikaneschen Township Sharpeville ginn 69 Schwaarzer bei enger Manifestatioun erschoss (Sharpeville-Massaker).
- 30. Mäerz: D'südafrikanesch Regierung verbitt den Afrikaneschen Nationalkongress an d'Panafrikanesch Bewegung ufanks fir ee Joer.
- 1. Abrëll: Den UNO-Sécherheetsrot fuerdert Südafrika op, mat der Rassentrennung opzehalen.
- 27. Abrëll: Togo gëtt vu Frankräich onofhängeg.
- 5. Mee: Den Ahmadou Ahidjo gëtt éischte President vun der Republik Kamerun.
- 18. Juni: D'Republik Senegal gëtt onofhängeg.
- 26. Juni: Madagaskar gëtt vu Frankräich onofhängeg.
- 26. Juni: Somaliland (virdru British Somaliland) gëtt onofhängeg.
- 30. Juni: Zaire gëtt vun der Belsch onofhängeg.
- 1. Juli: Italienescht Somaliland (südlecht Somalia) gëtt onofhängeg.
- 1. Juli: Somaliland an Italienescht Somaliland vereenege sech zu Somalia.
- 1. August: Dahomey (zanter 1975 Benin) gëtt vu Frankräich onofhängeg.
- 3. August: D'Republik Niger gëtt vu Frankräich onofhängeg.
- 5. August: Uewervolta (zanter 1984 Burkina Faso) gëtt vu Frankräich onofhängeg.
- 7. August: Elfebeeküst gëtt vu Frankräich onofhängeg.
- 11. August: D'Republik Tschad gëtt vu Frankräich onofhängeg.
- 13. August: D'Zentralafrikanesch Republik gëtt vu Frankräich onofhängeg.
- 15. August: D'Republik Kongo gëtt vu Frankräich onofhängeg.
- 17. August: D'Republik Gabun gëtt vu Frankräich onofhängeg.
- 20. August: Senegal gëtt vu Frankräich onofhängeg.
- 22. September: Mali gëtt eng onofhängeg Republik (virdru war et a Federatioun mam Senegal)
- 1. Oktober: Nigeria gëtt vu Groussbritannien onofhängeg.
- 28. November: Mauretanien gëtt vu Frankräich onofhängeg.
Amerika[änneren | Quelltext änneren]
USA[änneren | Quelltext änneren]
- 21. Abrëll: D'Civil Rights Bill gëtt de Schwaarzen d'Walrecht.
- 8. November: Den John Fitzgerald Kennedy (Democrats Party) gewënnt d'Presidentschaftswale mat 49,7 % vun de Stëmmen (34 221 463 Stëmmen) géint de Richard Nixon (Republican Party), dee 49,5 % (34 108 583 Stëmmen) krut.
Südamerika[änneren | Quelltext änneren]
- 21. Abrëll: Brasília ass fäerdeg gebaut a léist Rio de Janeiro als Haaptstad vu Brasilien of.
- 11. Mee: Den israelesche Geheimdéngscht Mossad fänkt den Adolf Eichmann zu Buenos Aires.
Asien[änneren | Quelltext änneren]
- 15. Juli: Den Ho Chi Minh gëtt als President vun Nordvietnam erëmgewielt.
- 20. Juli: A Ceylon gewënnt d'SLFP ënner der Sirimavo Bandaranaike d'Parlamentswalen; et ass dëst déi éischt Kéier, wou an engem Land eng Fra demokratesch zum Regierungschef gewielt gëtt.
- 8. September: Staatsstreech am Laos, de Suvanna Phūmā kënnt un d'Spëtzt vum Land.
Ozeanien & Pazifik[änneren | Quelltext änneren]
Arabesch Welt[änneren | Quelltext änneren]
Konscht a Kultur[änneren | Quelltext änneren]
Molerei[änneren | Quelltext änneren]
Literatur[änneren | Quelltext änneren]
Musek[änneren | Quelltext änneren]
- 29. Mäerz: D'Jacqueline Boyer gewënnt fir Frankräich mam Lidd Tom Pillibi de 5. Eurovision Song Contest zu London.
Wëssenschaft an Technik[änneren | Quelltext änneren]
- 9. Januar: De Gamal Abdel Nasser leet de Grondsteen fir den Assuan-Staudamm.
- 21. Januar: De Schimpans Ham flitt mat enger Mercury-Kapsel als éischt Liewewiesen an de Weltraum.
- 25. Januar: De Jacques Piccard erreecht mat sengem Batyscaph déi déifst Plaz ënner dem Mier (10.916 Meter).
- 1. Abrëll: Deen éischte meteorologesche Satellit, den Tiros 1 gëtt vun den USA op Orbit bruecht.
- 18. August: D'Antibabypëll gëtt an den USA op de Maart bruecht.
- Den SI-System gëtt ugeholl.
- Den engleschen Ingenieur a Chirurg John Charnley setzt als Éischten engem Patient e kënschtlech Hëftgelenk an.
- Den US-amerikanesche Physiker Theodore Harold Maiman baut den éischten Laser.
Ekonomie[änneren | Quelltext änneren]
- 14. September: Iran, Irak, Kuwait, Saudi-Arabien a Venezuela grënnen d'OPEC
- 14. Dezember: D'OECD gëtt gegrënnt.
Sport[änneren | Quelltext änneren]
Fousball[änneren | Quelltext änneren]
- Foussball-EM a Frankraich: D'Sowjetunioun gewënnt d'Finall géint Jugoslawien (2:1 n. V.).
Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]
- D'Jeunesse Esch gëtt nationale Champion, den The National Schëffleng gewënnt d'Coupe du Luxembourg.
- 28. Februar: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert an der Stad Lëtzebuerg 2:5 géint Belsch. D'Goler fir d'Lëtzebuerger hunn de François Konter an Erny Brenner geschoss.[1]
- 27. Mäerz: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe spillt an der Stad Lëtzebuerg, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Olympesch Summerspiller 1960, 0:0 géint Schwäiz.[2]
- 10. Abrëll: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe gewënnt an der Stad Lëtzebuerg, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Olympesch Summerspiller 1960, 5:3 géint Frankräich. D'Goler fir d'Lëtzebuerger hunn den Erny Brenner, Marcel Theis, Josy Kunnert, Louis Pilot a François Konter geschoss.[3]
- 13. Abrëll: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe spillt zu Basel, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Olympesch Summerspiller 1960, 2:2 géint Schwäiz. D'Goler fir d'Lëtzebuerger hunn de Josy Kunnert an Erny Brenner geschoss.[4]
- 2. Oktober: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert an der Stad Lëtzebuerg 2:4 géint Belsch. D'Goler fir d'Lëtzebuerger hunn de Léon Letsch an Henri Cirelli geschoss.[5]
- 19. Oktober: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert an der Stad Lëtzebuerg, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 1962, 0:9 géint England.[6]
Gebuer[änneren | Quelltext änneren]
- Erik Truffaz, franséischen Jazztrompettist.
- Angelina Whalley, däitsch Physiologin.
- Miloš Tichý, tschecheschen Astronom.
- 2. Januar: Damon Damiani, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 5. Januar: Bettina Tietjen, däitsch TV-Moderatorin.
- 10. Januar: Brian Cowen, iresche Politiker.
- 14. Januar: Marcel Bossi, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 17. Januar: André Grosbusch, lëtzebuergeschen Historiker.
- 15. Januar Marc Frising, lëtzebuergeschen Zeechner a Graphiker.
- 20. Januar: Ján Figeľ, slowakesche Politiker an EU-Kommissär.
- 22. Januar: Marcos Kyprianou, zypriotesche Politiker an EU-Kommissär.
- 29. Januar: Pol Sax, lëtzebuergesche Schrëftsteller.
- 29. Januar: Erny Gillen, lëtzebuergeschen Theolog a Paschtouer.
- 30. Januar: Claude Wiseler, lëtzebuergesche Politiker.
- 2. Februar: Bunny Godillot, franséisch Schauspillerin.
- 3. Februar: Christian Kmiotek, lëtzebuergesche Schauspiller.
- 8. Februar: Benigno Aquino III., philippinesche Politiker.
- 8. Februar: Alfred Gusenbauer, éisträichesche Politiker, Bundeskanzler.
- 14. Februar: Meg Tilly, US-amerikanesch Schauspillerin.
- 18. Februar: Greta Scacchi, italienesch Filmschauspillerin.
- 19. Februar: Andrew Mountbatten-Windsor, Duke of York, drëtt Kand vun der Kinnigin Elisabeth II.
- 21. Februar: Plamen Orescharski, bulgaresche Politiker.
- 21. Februar: Christiane Wickler, lëtzebuergesch Politikerin.
- 23. Februar: Gloria von Thurn und Taxis, däitsch Entrepreneuse.
- 24. Februar: Marc Angel, lëtzebuergesche Kënschtler.
- 29. Februar: Cheb Khaled, algeresche Raï-Museker.
- 7. Mäerz: Ivan Lendl, tschecheschen Tennisspiller.
- 21. Mäerz: Ayrton Senna, brasilianesche Formel-1-Pilot.
- 24. Mäerz: Nena, däitsch Popmusekerin.
- 28. Mäerz: José Maria Pereira Neves, kapverdianesche Politiker.
- 28. Mäerz: Éric-Emmanuel Schmitt, franséische Schrëftsteller.
- 13. Abrëll: Rudi Völler, däitsche Foussballspiller.
- 2. Abrëll: Robert Philippart, lëtzebuergeschen Historiker an Ekonomist.
- 15. Abrëll: Philippe, Kinnek vun de Belsch.
- 18. Abrëll: Neo Rauch, däitsche Moler.
- 20. Abrëll: Miguel Díaz-Canel, kubanesche Politiker.
- 20. Abrëll: Danièle Kaber, lëtzebuergesch Liichtathletin, an dräimol Sportlerin vum Joer.
- 24. Abrëll: Michel Think, lëtzebuergesche Schéisser.
- 28. Abrëll: Josy Birsens, lëtzebuergesche Jesuit.
- 1. Mee: Gast Groeber, lëtzebuergeschen Auteur.
- 2. Mee: Gjorge Ivanov, mazedonesche Politikwëssenschaftler a Staatspresident.
- 4. Mee: Werner Faymann, éisträichesche Politiker.
- 6. Mee: Anne Parillaud, franséisch Schauspillerin.
- 10. Mee: Bono, iresche Sänger a Museker (U2).
- 18. Mee: Yannick Noah, franséischen Tennisspiller a Museker.
- 21. Mee: Françoise Hetto, lëtzebuergesch Educatrice, fréier Radiosspeakerin a Politikerin.
- 24. Mee: Kristin Scott Thomas, britesch Schauspillerin.
- 28. Mee: Anne-Marie Mesmoudi franséisch Sportlerin am athletesche Goen.
- 6. Juni: Steve Vai, US-amerikanesche Gittarist a Komponist.
- 8. Juni: Mick Hucknall, britesche Museker (Simply Red).
- 8. Juni: Agnès Soral, franséisch-Schwäizer Schauspillerin.
- 11. Juni: Anne Teresa De Keersmaeker, belsch Choreographin.
- 22. Juni: Erin Brockovich, US-amerikanesch Ëmweltaktivistin.
- 23. Juni: Jaume Nomen, spueneschen Astronom.
- 18. Juli: Al Ginter, lëtzebuergesche Batteur a Museksprof.
- 22. Juli: Doris Drescher, lëtzebuergesch Kënschtlerin.
- 22. Juli: Valentino Camarda, lëtzebuergesche Moler.
- 24. Juli: Jonathan Hill, britesche Politiker.
- 1. August: Roby Langers, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 4. August: José Luis Rodríguez Zapatero, spuenesche Politiker.
- 10. August: Antonio Banderas, spuenesche Schauspiller.
- 10. August: Nicoletta Braschi, italienesch Schauspillerin.
- 12. August: Laurent Fignon, franséische Vëlossportler.
- 17. August: Stephan Eicher, Schwäizer (Rock-)Chansonnier.
- 17. August: Sean Penn, US-amerikanesche Schauspiller, Regisseur an Auteur.
- 4. September: Michèle Prange, Schrëftstellerin, Journalistin, Literaturkritikerin a Professesch.
- 9. September: Hugh Grant, britesche Schauspiller.
- 10. September: Colin Firth, britesche Schauspiller.
- 20. September: Fonsy Grethen, lëtzebuergesche Welt- an Europameeschter am Billard.
- 28. September: Claude Schmit, lëtzebuergesche Manager.
- 6. Oktober: Yves Leterme, belsche Politiker.
- 10. Oktober: Caroline Mart, lëtzebuergesch Journalistin.
- 16. Oktober: William Bianchini, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 16. Oktober: Jiří Rusnok, tschechesche Politiker.
- 18. Oktober: Jean-Claude Van Damme, belsche Schauspiller.
- 30. Oktober: Diego Maradona, argentinesche Foussballist.
- 8. November: Mikael Nyqvist, schwedesche Schauspiller.
- 12. November: Maurane, belsch Sängerin.
- 15. November: Susanne Lothar, däitsch Schauspillerin.
- 16. November: Rolf Ulmerich, lëtzebuergeschen Handballspiller.
- 18. November: Kim Wilde, britesch Musekerin.
- 22. November: Leos Carax, franséische Filmregisseur.
- 26. November: Claude Turmes, lëtzebuergesche Politiker.
- 27. November: Julija Tymoschenko, ukrainesch Politikerin.
- 28. November: John Galliano, britesche Moudendesigner.
- 3. Dezember: Daryl Hannah, US-amerikanesch Schauspillerin.
- 3. Dezember: Julianne Moore, US-amerikanesch Schauspillerin.
- 4. Dezember: Eugène Berger, lëtzebuergesche Politiker an Alpinist.
- 7. Dezember: Abdellatif Kechiche, franséische Regisseur, Dréibuchauteur a Schauspiller.
- 10. Dezember: Kenneth Branagh, britesche Schauspiller a Regisseur.
- 15. Dezember: Kin Endate, japaneschen Astronom.
Gestuerwen[änneren | Quelltext änneren]
- François Bremer, lëtzebuergesche Gewiichthiewer an Olympionik.
- 2. Januar: Fausto Coppi, italieneschen Cyclist.
- 3. Januar: Gaspard Krettels, lëtzebuergesche Geeschtlechen, Enseignant, Journalist a Schrëftsteller.
- 4. Januar: Albert Camus, franséische Schrëftsteller.
- 13. Januar: Sibilla Aleramo, italienesch Schrëftstellerin.
- 22. Januar: Alphonse Steinès, lëtzebuergesche Journalist.
- 9. Februar: Emile Majerus, lëtzebuergesche Moler.
- 11. Februar: Victor Klemperer, däitsche Schrëftsteller a Literaturwëssenschaftler.
- 14. Februar: Isi Comes, lëtzebuergesche Schrëftsteller.
- 21. Februar: Jacques Becker, franséische Filmregisseur.
- 7. Abrëll: Nicolas Kettel, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 10. Abrëll: André Berthomieu, franséische Filmregisseur.
- 17. Abrëll: Eddie Cochran, US-amerikanesche Rock'n'Roll-Star.
- 20. Abrëll: Xenia Alexandrowna Romanowa, russesch Groussfürstin.
- 22. Abrëll: August Friedrich Thienemann, däitschen Zoolog a Limnolog.
- 25. Abrëll: August Kopff, däitschen Astronom.
- 19. Mee: René Guissart, franséische Filmregisseur a Kameramann.
- 22. Mee: Gustave Gretsch, Iechternacher Dokter a Gemengepolitiker.
- 23. Mee: Paul Wigreux, lëtzebuergeschen Architekt a Moler.
- 30. Mee: Boris Leonidowitsch Pasternak, russeschen Dichter a Schrëftsteller.
- 30. Mee: Frédéric Eyschen, lëtzebuergesche Leefer a Foussballspiller an Olympionik.
- 9. Juni: Eugène Kurth, lëtzebuergesche Moler.
- 13. Juni: Carl Keenan Seyfert, US-amerikaneschen Astronom.
- 20. Juni: André Patry, franséischen Astronom.
- 25. Juni: Walter Baade, däitschen Astronom.
- 16. Juli: Albert Kesselring, Generolfeldmarschall am Drëtte Räich.
- 24. Juli: Hans Albers, däitsche Schauspiller.
- 27. Juli: Julie Marie Vinter Hansen, dänesch Astronomin.
- 28. Juli: Oscar Stumper, lëtzebuergesche Philolog a Philosoph.
- 10. August: Oswald Veblen, US-amerikanesche Mathematiker.
- 7. September: Wilhelm Pieck, däitsche Kommunist, Politiker a President vun der DDR.
- 21. September: Frank Elmore Ross, US-amerikaneschen Astronom a Physiker.
- 22. September: Melanie Klein, éisträichesch - britesch Psychanalytikerin.
- 24. September: Harald Braun, däitsche Filmregisseur, Filmproduzent an Dréibuchauteur.
- 27. September: Paul Noesen, lëtzebuergesche Schoulmeeschter a Schrëftsteller.
- 15. Oktober: Henny Porten, däitsch Schauspillerin.
- 16. Oktober: Adolf Hnatek, éisträicheschen Astronom.
- 3. November: Harold Spencer Jones, briteschen Astronom.
- 5. November: Mack Sennett, US-amerikanesche Filmmécher.
- 16. November: Clark Gable, US-amerikanesche Schauspiller.
- 24. November: Olga Alexandrowna Romanowa, Groussfürstin vu Russland.
- 3. Dezember: Jempy Engel, lëtzebuergesche Vëlossportler.
Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]
| Commons: 1960 – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen[Quelltext änneren]
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Belsch den 28. Februar 1960 op der Websäit vun European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Schwäiz de 27. Mäerz 1960 op der Websäit vun European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Frankräich den 10. Abrëll 1960 op der Websäit vun European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Schwäiz-Lëtzebuerg den 13. Abrëll 1960 op der Websäit vun European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Belsch den 2. Oktober 1960 op der Websäit vun European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-England den 19. Oktober 1960 op der Websäit vun European Football