1970
Op d'Navigatioun wiesselen
Op d'Siche wiesselen
◄ |
19. Joerhonnert |
20. Joerhonnert
| 21. Joerhonnert
◄◄ |
◄ |
1966 |
1967 |
1968 |
1969 |
1970
| 1971
| 1972
| 1973
| 1974
| ►
| ►►
Dës Säit befaasst sech mam Joer 1970.
D'Joer 1970 huet op engem Donneschdeg ugefaangen. Et war kee Schaltjoer.
Inhaltsverzeechnes
Evenementer[änneren | Quelltext änneren]
Europa[änneren | Quelltext änneren]
- 14. Mee: An Däitschland gëtt d'Rote Armee Fraktion gegrënnt.
- 7. Dezember: Dem däitsche Bundeskanzler Willy Brandt säi Knéifall vu Warschau
- 14. Dezember-22. Dezember: Aarbechteropstand a Polen (virun allem Gdańsk, Gdynia a Szczecin) mat Streik, Massendemonstratiounen a Versammlunge wéinst massive Präiserhéijungen. Bei de bluddegen Ausernanersetzunge vun den Aarbechter mat Police an Arméi kommen e puer Mënschen ëm d'Liewen.
Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]
- 1. Januar: D'TVA gëtt agefouert.
- 4. Mäerz: D'Cargolux Airlines International S.A. gi gegrënnt.
- 9. Dezember: Per Gesetz gëtt d'40-Stonne-Woch agefouert.
Afrika[änneren | Quelltext änneren]
- 24. Abrëll: Gambia gëtt Republik. Staatspresident gëtt den Daouda Jawara.
- 4. Juni: Tonga gëtt vu Groussbritannien onofhängeg.
Amerika[änneren | Quelltext änneren]
USA[änneren | Quelltext änneren]
Südamerika[änneren | Quelltext änneren]
Asien[änneren | Quelltext änneren]
- 18. Mäerz: De Lon Nol entmuecht de Prënz Norodom Sihanouk vu Kambodscha.
- 29. Abrëll: US-Invasioun a Kambodscha mam Zil, d'Ravitaillementsweeër vun den Nord-Vietnamesen no Südvietnam ofzeschneiden.
- 10. Oktober: Fidschi gëtt vu Groussbritannien onofhängeg.
Ozeanien & Pazifik[änneren | Quelltext änneren]
Arabesch Welt[änneren | Quelltext änneren]
- 23. Juli: De Sultan Qabus bin Said bin Taimur Al Said gëtt Staatspresident an Oman.
- 2. September - 22. September: Palestinenseropstand a Jordanien (Schwaarze September).
Konscht a Kultur[änneren | Quelltext änneren]
Molerei[änneren | Quelltext änneren]
Literatur[änneren | Quelltext änneren]
- Edmond Dune, Poèmes en prose de Trakl.
Musek[änneren | Quelltext änneren]
- 21. Mäerz: D'Dana gewënnt fir Irland mam Lidd All Kinds of Everything de 15. Eurovision Song Contest zu Amsterdam.
Wëssenschaft an Technik[änneren | Quelltext änneren]
Sport[änneren | Quelltext änneren]
- 4. Januar: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe spillt op Malta 1:1 géint Malta. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet den Nicky Hoffmann geschoss.[1]
- 10. Mäerz: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert zu Eindhoven 0:3 géint Holland.[2]
- 16. Abrëll: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert zu Paräis 1:3 géint Frankräich. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet den Nico Braun geschoss.[3]
- 9. Mee: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert an der Stad Lëtzebuerg 0:1 géint Tschechoslowakei.[4]
- 14. Oktober: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert an der Stad Lëtzebuerg, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Europameeschterschaft 1972 0:2 géint Jugoslawien.[5]
- 15. November: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert an der Stad Lëtzebuerg, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Europameeschterschaft 1972, 0:5 géint d'DDR.[6]
Gebuer[änneren | Quelltext änneren]
- Jan Eelen, flämeschen Televisiounsregisseur.
- 4. Januar Jeff Rohen, lëtzebuergeschen Handballspiller.
- 9. Januar: Lara Fabian, belsch Sängerin.
- 13. Januar: Marco Pantani, italienesche Vëlossportler.
- 19. Januar: Iiro Rantala, finneschen Jazzpianist.
- 26. Januar: Bjarni Benediktsson, islännesche Politiker.
- 3. Februar: Serge Tonnar, lëtzebuergesche Museker, Komponist, Schrëftsteller a Schauspiller.
- 14. Februar: Simon Pegg, englesche Schauspiller.
- 5. Mäerz: Aleksandar Vučić, serbesche Politiker.
- 23. Mäerz: Sergueï Afanassiev, lëtzebuergeschen Handballspiller.
- 26. Mäerz: Alberto David, lëtzebuergesche Schachspiller.
- 31. Mäerz: Alenka Bratušek, slowenesch Politikerin.
- 8. Abrëll: Steve Greisch, lëtzebuergeschen Jazz-Museker.
- 8. Abrëll: Andrej Plenković, kroatesche Politiker.
- 12. Abrëll: Tom Leick, lëtzebuergesche Schauspiller.
- 26. Abrëll: Melania Trump, slowenesch-US-amerikanescht Model.
- 29. Abrëll: Uma Thurman, US-amerikanesch Schauspillerin.
- 9. Mee: Marek Erhardt, däitsche Schauspiller.
- 25. Mee: Neil Marshall, englesche Filmregisseur an Dréibuchauteur.
- 30. Mee: Susanne Jaspers, däitsch Schrëftstellerin.
- 26. Juni: Paul Thomas Anderson, US-amerikanesche Filmregisseur.
- 6. Juli: Roger Cicero, däitsche Sänger.
- 16. Juli: Pjotr Alexandrowitsch Klimow, russesche Komponist an Dichter.
- 23. Juli: Saulius Skvernelis, litauesche Politiker.
- 1. August: David James, englesche Foussballspiller.
- 3. August: Andrea Binsfeld, däitsch Historikerin.
- 10. August: Joachim van der Vlugt, hollännesche Moler.
- 10. August: Wouter van der Vlugt, hollännesche Sculpteur a Miwweldesigner.
- 12. August: Frank Deville, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 16. August: Patrick Santer, lëtzebuergesche Politiker.
- 23. August: River Phoenix, US-amerikanesche Schauspiller.
- 26. August: Mark Benecke, däitsche Kriminalbiolog.
- 28. August: Loïc Leferme, franséischen Apnoe-Daucher.
- 10. September: Tim Plester, britesche Schauspiller.
- 13. September: Diane Adehm, lëtzebuergesch Politikerin.
- 11. Oktober: Daniel Bintz, lëtzebuergesche Vëlossportler.
- 12. Oktober: Cláudia Abreu, brasilianesch Schauspillerin.
- 15. Oktober: Pernilla Wiberg, schwedesch Alpinschileeferin.
- 27. Oktober: Jonathan Stroud, britesche Schrëftsteller.
- 27. November: Serge Rohmann, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 28. November: Édouard Philippe, franséische Politiker.
- 12. Dezember: Jean-Louis Siweck, lëtzebuergesche Journalist.
Gestuerwen[änneren | Quelltext änneren]
- 1. Januar: Eduard von Borsody, éisträichesche Filmregisseur.
- 25. Januar: Jules Vannérus, belsch-lëtzebuergeschen Historiker an Archivist.
- 25. Januar: Etienne Bausch, lëtzebuergesche Foussballspiller an Olympionik.
- 27. Januar: Erich Heckel, däitsche Moler.
- 2. Februar: Bertrand Russell, britesche Mathematiker a Philosoph.
- 7. Februar: Jean-Pierre Pier, lëtzebuergesche Schoulmeeschter an Auteur.
- 17. Februar: Samuel Joseph Agnon, hebräeschen Epiker.
- 17. Februar: Alfred Newman, US-amerikanesche Filmkomponist.
- 25. Februar: Mark Rothko, russesch-amerikanesche Moler.
- 8. Abrëll: Felix vu Bourbon-Parma, Prënz-Consort vu Lëtzebuerg.
- 20. Abrëll: Paul Celan, däitschen Dichter.
- 4. Mee: Piero Pierotti, italienesche Filmregisseur an Dréibuchauteur.
- 9. Mee: Franz Etzel, däitsche Politiker.
- 12. Mee: Nelly Sachs, däitsch-jiddesch Schrëftstellerin a Lyrikerin.
- 24. Mee: Folco Lulli, italienesche Schauspiller.
- 28. Mee: Jacques Bos, lëtzebuergeschen Apdikter.
- 14. Juni: Guido Malatesta, italienesche Filmregisseur an Dréibuchauteur.
- 14. Juli: Luis Mariano, spuenesch-baskeschen Tenor.
- 22. Juli: Fritz Kortner, éisträichesche Schauspiller, Film an Theaterregisseur.
- 27. Juli: António de Oliveira Salazar, portugisesche Ministerpresident.
- 1. August: Frances Farmer, US-amerikanesch Schauspillerin.
- 18. August: Soledad Miranda, spuenesch Schauspillerin.
- 30. August: Ernst Zinner, däitschen Astronom an Astronomiehistoriker.
- 1. September: François Mauriac, franséische Schrëftsteller.
- 9. September: Ferdinand Gremling, lëtzebuergesche Schrëftsteller.
- 18. September: Jimi Hendrix, amerikanesche Gittarist, Sänger a Komponist.
- 20. September: Josy Meyers Friob, lëtzebuergeschen Zeecheprof a Moler.
- 23. September: Bourvil, franséische Schauspiller a Sänger.
- 25. September: Erich Maria Remarque, däitschen Auteur.
- 28. September: Gamal Abdel Nasser, egyptische Politiker.
- 2. Oktober: Grethe Weiser, däitsch Schauspillerin.
- 4. Oktober: Janis Joplin, US-amerikanesch Sängerin.
- 8. Oktober: Jean Giono, franséische Schrëftsteller an Erzieler.
- 10. Oktober: Édouard Daladier, franséische Politiker (Parti Radical Socialiste).
- 9. November: Charles de Gaulle, franséische Generol a Staatspresident.
- 10. November: René Nussbaum, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 19. November: Georges Gredt, lëtzebuergeschen Ingenieur.
- 12. Dezember: John Paddy Carstairs, engleschen Auteur, Filmregisseur an Dréibuchauteur.
- Okuro Oikawa, japaneschen Astronom.
- Benjamin Boss, US-amerikaneschen Astronom.
Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]
| Commons: 1970 – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen[Quelltext änneren]
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Malta-Lëtzebuerg de 4. Dezember 1970 op der Websäit vun European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Holland-Lëtzebuerg den 10. Mäerz 1970 op der Websäit vun European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Frankräich-Lëtzebuerg de 16. Abrëll 1970 op der Websäit vun European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Tschechoslsowakei den 9. Mee 1970 op der Websäit vun European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Jugoslawien de 14. Oktober 1970 op der Websäit vun European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-DDR de 15. November 1970 op der Websäit vun European Football