1977
Ausgesinn
◄ |
19. Joerhonnert |
20. Joerhonnert
| 21. Joerhonnert
◄◄ |
◄ |
1973 |
1974 |
1975 |
1976 |
1977
| 1978
| 1979
| 1980
| 1981
| ►
| ►►
Dës Säit befaasst sech mam Joer 1977.
D'Joer 1977 huet op engem Samschdeg ugefaangen. Et war kee Schaltjoer.
Evenementer
[änneren | Quelltext änneren]Europa
[änneren | Quelltext änneren]- 5. Januar: D'Charta 77 gëtt an der Tschechoslowakei publizéiert.
- 15. Juni: Éischt demokratesch Walen zanter 1936 a Spuenien.
- 5. September-19. Oktober: En RAF-Kommando entféiert an ermuert den däitsche Patronatspresident Hanns Martin Schleyer.
- 10. September: Lescht Hiriichtung mat der Guillotine a Frankräich.
- 13.-17. Oktober: Entféierung vum Lufthansa-FligerLandshut op Mogadischu a Befreiung duerch d'GSG9.
- 14. Oktober: Amnestie-Gesetz a Spuenien, politesch Flüchtlinge kënnen nees hannescht.
- uechtert Joer: an Italie maache 1.600 Attentater am Ganzen 31 Doudeger.
Lëtzebuerg
[änneren | Quelltext änneren]- 3. Abrëll: Fir d'éischt Kéier nom Zweete Weltkrich féiert Lëtzebuerg d'Summerzäit an.
- 5. Mee: D'Jean-Monnet-Gebai um Kierchbierg gëtt ageweit.
- 3. Juni: D'Sidor zu Leideleng fänk u mat schaffen.
- Juni: De Centre hospitalier de Luxembourg gëtt a Betrib geholl.
- 6. November: Eng 4.000 Leit demonstréieren zu Diddeleng fir d'Erhale vun den Aarbechtsplazen.
- 24. Dezember: D'Chamber stëmmt fir d'Opsetze vun enger Tripartite am Stolsecteur.
-
Aweiung Jean-Monnet-Gebai
-
Centre hospitalier
Afrika
[änneren | Quelltext änneren]- 27. Juni: Dschibuti gëtt onofhängeg.
- 4. Dezember: De Jean-Bédel Bokassa léisst sech zum Keeser vun der Zentralafrikanescher Republik kréinen.
- Den UN-Sécherheetsrot verhänkt e Waffenembargo iwwer Südafrika.
Amerika
[änneren | Quelltext änneren]USA
[änneren | Quelltext änneren]- 20. Januar: Den Jimmy Carter trëtt säin Amt als President vun den USA un.
Südamerika
[änneren | Quelltext änneren]Asien
[änneren | Quelltext änneren]- 5. Juli: D'Arméi stierzt d'Regierung Bhutto a bréngt déi biergerkrichsänlech Zoustänn a Pakistan op en Enn. De Generol Muhammed Ziaul Haq ergräift d'Muecht.
- D'Indira Gandhi verléiert an Indien Parlamentswalen.
Ozeanien & Pazifik
[änneren | Quelltext änneren]Noen Osten an Arabesch Welt
[änneren | Quelltext änneren]- 17. Mee: De Menahem Begin gëtt Premierminister an Israel.
- 14. August: Déi israeelesch Gesetzer gëllen och an der Gasa-Sträif an am Westjordanland.
- 19. November: Den egyptesche President Anwar El-Saddat mécht eng offiziell Rees an Israel an erkennt domat den israeelesche Staat un. Ried virun der Knesset.
Konscht a Kultur
[änneren | Quelltext änneren]- 31. Januar: De Centre Georges-Pompidou zu Paräis gëtt ageweit.
Molerei
[änneren | Quelltext änneren]Literatur
[änneren | Quelltext änneren]Musek
[änneren | Quelltext änneren]- 7. Mee: D'Marie Myriam gewënnt fir Frankräich mam Lidd L'oiseau et l'enfant den 22. Eurovision Song Contest zu London.
- Grënnung vun der EAV (Erste Allgemeine Verunsicherung) an Éisträich.
- Grënnung vun den Dire Straits.
- Placken
- I Robot vun Alan Parsons Project.
- Trans -Europe Express vu Kraftwerk.
- News of the World vu Queen.
- Animals vu Pink Floyd.
- Never Mind The Bollocks Here's The... vun de Sex Pistols.
Kino
[änneren | Quelltext änneren]Wëssenschaft an Technik
[änneren | Quelltext änneren]Sport
[änneren | Quelltext änneren]- 30. Mäerz: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu London, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 1978, 0:5 géint England.[1]
- 24. Abrëll: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu Sion 0:3 géint Schwäiz.[2]
- 26. Mee: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert an der Stad Lëtzebuerg, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 1978, 0:1 géint Finnland.[3]
- 21. September: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert an der Stad Lëtzebuerg, 0:1 géint Schwäiz.[4]
- 12. Oktober: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert an der Stad Lëtzebuerg, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 1978, 0:2 géint England.[5]
- 3. Dezember: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu Roum, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 1978, 0:3 géint Italien.[6]
Gebuer
[änneren | Quelltext änneren]- 4. Januar: David Millar, schottesche professionelle Vëlossportler.
- 13. Januar: Orlando Bloom, brittesche Schauspiller.
- 21. Januar: Joyce Serres, lëtzebuergesch Volleyballspillerin.
- 24. Januar: Michelle Hunziker, Schwäizer Moderatorin, Sängerin a Fotomodel.
- 28. Januar: Takuma Satō, F1-Pilot.
- 2. Februar: Shakira, kolumbianesch Pop-Sängerin.
- 8. Februar: David Farrell, Bassist vun der Band Linkin Park.
- 11. Februar: Mike Shinoda, MC vun der Band Linkin Park.
- 14. Februar: Cadel Evans, australesche professionelle Vëlossportler.
- 26. Februar: Rainer von Vielen, däitsche Museker
- 3. Mäerz: Luc Decker, lëtzebuergesche Schwëmmer.
- 4. Mäerz: Lisa Kaltenegger, éisträichesch Astronomin an Astrophysikerin.
- 3. Mäerz: Stéphanie Kovacs, lëtzebuergesch Historikerin.
- 14. Mäerz: Ida Corr, dänesch Popsängerin.
- 14. Mäerz: Joseph Hahn, DJ vun der Band Linkin Park.
- 2. Abrëll: Michael Fassbender, iresch-däitsche Schauspiller.
- 4. Abrëll: Sam Tanson, lëtzebuergesch Politikerin.
- 6. Abrëll: Christian Weier, lëtzebuergesche Reider.
- 12. Abrëll: François Ries, lëtzebuergesche Volleyballspiller.
- 13. Abrëll: Tadej Valjavec, sloweenesche professionelle Vëlossportler.
- 14. Abrëll: Sarah Michelle Gellar, US-amerikanesch Schauspillerin.
- 22. Abrëll: Veronique Da Silva, lëtzebuergesch Volleyballspillerin.
- 3. Mee: Maryam Mirzakhani, iranesch Mathematikerin.
- 5. Mee: Jessica Schwarz, däitsch Schauspillerin.
- 8. Mee: Max Hengel, lëtzebuergesche Politiker.
- 10. Mee: Nick Heidfeld, F1-Pilot.
- 11. Mee: Janne Ahonen, finnesche Schisprénger.
- 16. Mee: Ronny Ackermann, däitsche Schileefer.
- 31. Mee: Marc Bertemes, lëtzebuergesche Moler.
- 1. Juni: Guy Rosen, lëtzebuergeschen Danzsportler.
- 3. Juni: Joelle Hoffmann, lëtzebuergesch Basketballspillerin.
- 13. Juni: Nathalie Ronvaux, belsch Theaterregisseurin, -autorin a Lyrikerin.
- 16. Juni: Sascha Wagener, lëtzebuergesche Politiker.
- 18. Juni: Kaja Kallas, estesch Politikerin.
- 19. Juni: Maria Cioncan, rumänesch Liichtathleetin.
- 19. Juni: Catherine Lorent, lëtzebuergesch Molerin.
- 21. Juni: Claudine Koch, lëtzebuergesch Basketballspillerin.
- 27. Juni: Raúl, spuenesche Foussballspiller.
- 1. Juli: Claudia Passeri, italieenesch Graphikdesignerin.
- 1. Juli: Liv Tyler, US-amerikanesch Schauspillerin.
- 5. Juli: Nicolas Kiefer, däitschen Tennisspiller.
- 13. Juli: Daniel Pannrucker, lëtzebuergesche Medien-Entreprener.
- 14. Juli: Nilceu Aparecido Santos, brasilianesche professionelle Vëlossportler.
- 18. Juli: Alexander Sergejewitsch Morosewitsch, russesche Schachgroussmeeschter.
- 22. Juli: Danielle Scheuer, lëtzebuergesch Multimediakënschtlerin.
- 25. Juli: Gordon Braun, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 3. August: Kristina Köhler, däitsch Politikerin a Bundesministesch.
- 17. August: Thierry Henry, franséische Foussballspiller.
- 20. August: Stéphane Gillet, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 25. August: Diego Corrales, US-amerikanesche Boxer.
- 26. August: Max Dauphin, lëtzebuergesche Kënschtler.
- 26. August: Eric Grand, lëtzebuergesche Basketballspiller.
- 6. September: Katalin Novák, ungaresch Politikerin.
- 17. September: Juan Antonio Flecha, spuenesche Vëlossportler.
- 21. September: Natalia Gavrilița, moldawesch Politikerin an Ekonomistin.
- 24. September: Frank Fahrenhorst, däitsche Foussballspiller.
- 26. September: Kevin Muhlen, lëtzebuergesche Konschthistoriker.
- 29. September: Debelah Morgan, US-amerikanesch Pop- an R&B-Sängerin.
- 30. September: Jules Werner, lëtzebuergesche Schauspiller.
- 3. Oktober: Carole Dieschbourg, lëtzebuergesch Geschäftsfra a Politikerin.
- 8. Oktober: Gabriel Boisanté, lëtzebuergesche Schauspiller, Politiker an Entreprener.
- 15. Oktober: David Trezeguet, franséische Foussballspiller.
- 18. Oktober: Ken Jean-Pierre Diederich, lëtzebuergesche Basketballspiller an -trainer.
- 5. November: Christian Poos, lëtzebuergesche Vëlossportler.
- 6. November: Dan Biancalana, lëtzebuergesche Politiker.
- 10. November: Brittany Murphy, US-amerikanesch Schauspillerin.
- 16. November: Maggie Gyllenhaal, US-amerikanesch Schauspillerin.
- 19. November: Mette Frederiksen, dänesch Politikerin.
- 25. November: Max Jacoby, lëtzebuergesche Filmregisseur.
- 26. November: Corinne Goetz, lëtzebuergesch Molerin.
- 26. November: Ivan Basso, italieenesche professionelle Vëlossportler
- 1. Dezember: Brad Delson, Gittarist vun der Band Linkin Park.
- 2. Dezember: Marjan Šarec, sloweenesche Schauspiller a Politiker.
- 7. Dezember: Robert Abela, malteesesche Politiker.
- 10. Dezember: Anna Kim, éisträichesch Schrëftstellerin.
- 19. Dezember: Samy Deluxe, däitsche Rapper.
- 21. Dezember: Emmanuel Macron, franséische Politiker a Staatspresident.
- 23. Dezember: Thierry Origer, lëtzebuergesche Reliounswëssenschaftler an Organist
- 31. Dezember: Psy, südkoreanesche Rapper.
- Betty Fontaine, lëtzebuergesch Geschäftsfra.
- Tom Lucas, lëtzebuergesche Fotograf.
Gestuerwen
[änneren | Quelltext änneren]- Pietro Francisci, italieenesche Filmregisseur.
- Eugène Vées, Jazz-Gittarist a Banjospiller.
- 2. Januar: Erroll Garner, US-amerikaneschen Jazz-Pianist.
- 3. Januar: Tom Gries, US-amerikanesche Filmregisseur, Dréibuchauteur a Produzent.
- 6. Januar: Paul Reichling, lëtzebuergesche Moler.
- 6. Januar: Niall MacGinnis, iresche Schauspiller.
- 8. Januar: François Heck, lëtzebuergesche Vëlossportler, Pistard.
- 10. Januar: Günther Stoll, däitsche Schauspiller.
- 12. Januar: Henri-Georges Clouzot, franséische Filmregisseur, Dréibuchauteur a Filmproduzent.
- 14. Januar: Anais Nin, US-amerikanesch Schrëftstellerin.
- 18. Januar: Yvonne Printemps, franséisch Schauspillerin a Sängerin.
- 18. Januar: Carl Zuckmayer, däitsche Schrëftsteller.
- 23. Januar: Pierre Kellner, lëtzebuergesche Sportsjournalist.
- 15. Februar: Joseph Mille, lëtzebuergesche Lokalpolitiker.
- 13. Mäerz: Nicolas Rausch, lëtzebuergesche Vëlossportler an Olympionik.
- 23. Mäerz: Jean Welter, lëtzebuergesche Boxer an Olympionik.
- 25. Mäerz: Nunnally Johnson, US-amerikaneschen Dréibuchauteur a Regisseur.
- 4. Abrëll: Emile Gillen, Direkter vun der lëtzebuergescher Forstverwaltung.
- 11. Abrëll: Jacques Prévert, franséischen Auteur.
- 11. Abrëll: Jacques Reifenberg, lëtzebuergesche Lokalpolitiker.
- 15. Abrëll: Robert Stumper, lëtzebuergesche Cheemiker, Zoolog an Naturwëssenschaftler.
- 28. Abrëll: Josef Herberger, däitsche Foussballtrainer (Das Wunder von Bern).
- 5. Mee: Ludwig Erhard, däitsche Politiker a Bundeskanzler.
- 5. Mee: Renaud Mary, franséische Schauspiller.
- 10. Mee: Joan Crawford, US-amerikanesch Schauspillerin.
- 15. Mee: Herbert Wilcox, brittesche Filmproduzent a Filmregisseur.
- 2. Juni: Stephen Boyd, US-amerikanesche Schauspiller.
- 3. Juni: Roberto Rossellini, italieenesche Filmregisseur.
- 4. Juni: Ray Philippe, lëtzebuergesche Boxer.
- 16. Juni: Wernher von Braun, däitsch-amerikanesche Rakéiteconstructeur.
- 17. Juni: Aloyse Bové, lëtzebuergesche Moler a Bannenarchitekt.
- 22. Juni: Jacqueline Audry, franséisch Regisseurin.
- 26. Juni: Henri Luja, lëtzebuergesche Landschaftsarchitekt an Urbanist.
- 2. Juli: Vladimir Nabokov, US-amerikanesche Schrëftsteller.
- 2. Juli: François Krebs, lëtzezebuergesche Foussballspiller
- 26. Juli: Charles vu Lëtzebuerg, Prënz vu Lëtzebuerg
- 27. Juli: Lee Miller, US-amerikanesch Fotografin
- 16. August: Elvis Presley, US-amerikanesche Museker (King of Rock'n'Roll)
- 3. August: Camille Schumacher, lëtzebuergesche Foussballspiller an Olympionik
- 4. August: Jules Steichen, lëtzebuergesche Boxer an Olympionik
- 17. August: Delmer Daves, Filmregisseur
- 19. August: Groucho Marx, US-amerikanesche Schauspiller a Komiker.
- 22. August: Georges Govers, lëtzebuergeschen Affekot, Resistenzler a Politiker.
- 23. August: Fernand Guth, lëtzebuergesche Foussballspiller an Olympionik.
- 28. August: Peter Altmeier, däitsche Politiker.
- 30. August: Bernhard Sticker, däitschen Astronom a Wëssenschaftshistoriker.
- 5. September: Marcel Thiry, belsche Schrëftsteller.
- 6. September: Charles Lehrmann, Groussrabbiner vu Lëtzebuerg.
- 12. September: Steve Biko, südafrikanesche Biergerrechtler.
- 16. September: Maria Callas, griichesch-US-amerikanesch Operesängerin.
- 20. September: André-Marie Charue, belsche Geeschtlechen a Bëschof vun Namouer.
- 28. September: Fritz Rasqué, lëtzebuergesche Geeschtlechen an Auteur.
- 9. Oktober: Peter Mosbacher, däitsche Schauspiller an Theaterregisseur.
- 14. Oktober: Bing Crosby, US-amerikanesche Sänger.
- 16. Oktober: Roland Toutain, franséische Schauspiller a Cascadeur.
- 18. Oktober: Andreas Baader, Grënnungsmember vun der RAF.
- 18. Oktober: Gudrun Ensslin, Grënnungsmember vun der RAF.
- 18. Oktober: Jan-Carl Raspe, Member vun der Kommune 2 a West-Berlin a vum SDS.
- 18. Oktober: Hanns-Martin Schleyer, däitsche Jurist (Arbeitgeberpräsident).
- 20. Oktober: Alberto Cardone, italieenesche Filmregisseur.
- 20. Oktober: Tun Deutsch, lëtzebuergesche Kabarettist, Schauspiller a Regisseur.
- 25. Oktober: Félix Gouin, franséische Politiker.
- 26. Oktober: Elisabeth Flickenschildt, däitsch Schauspillerin.
- 27. Oktober: Michel Jungblut, lëtzebuergesche Sculpteur an Olympionik.
- 5. November: René Goscinny, franséischen Auteur a Comic-Auteur.
- 5. November: Guillaume Radot, franséische Filmregisseur an Dréibuchauteur.
- 13. November: Jean-Pierre Erpelding, lëtzebuergesche Schrëftsteller.
- 25. November: Jean-Pierre "Jemp" Fiedler, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 28. November: Charles Quaino, lëtzebuergeschen Turner an Olympionik.
- 6. Dezember: Nicolas Leonardy, lëtzebuergesche Politiker.
- 11. Dezember: Luis Humberto Salgado, ecuadorianesche Komponist a Pianist.
- 17. Dezember: Raoul Follereau, franséische Schrëftsteller a Pionéier am Kampf géint d'Lepra.
- 19. Dezember: Jacques Tourneur, US-amerikanesche Filmregisseur.
- 20. Dezember: Walter Drechsel, däitsche Politiker.
- 22. Dezember: Karl John, däitsche Schauspiller.
- 25. Dezember: Charlie Chaplin, US-amerikanesche Schauspiller.
- 26. Dezember: Howard Hawks, US-amerikanesche Filmregisseur, Dréibuchauteur a Produzent.
- 26. Dezember: Adolf Weis, lëtzebuergesche Schoulmeeschter a Schrëftsteller.
- 28. Dezember: Jean Braun, lëtzebuergesche Lokalpolitiker.
- 30. Dezember: Camille Wolff, lëtzebuergeschen Tennisspiller an Olympionik.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: 1977 – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch England-Lëtzebuerg den 30. Mäerz 1977 op der Websäit vun European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Schwäiz-Lëtzebuerg de 24. Abrëll 1977 op der Websäit vun European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Finnland de 26. Mee 1977 op der Websäit vun European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Schwäiz den 21. September 1977 op der Websäit vun European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-England den 12. Oktober 1977 op der Websäit vun European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Italien-Lëtzebuerg den 3. Dezember 1977 op der Websäit vun European Football