1997
Op d'Navigatioun wiesselen
Op d'Siche wiesselen
◄ |
19. Joerhonnert |
20. Joerhonnert
| 21. Joerhonnert
◄◄ |
◄ |
1993 |
1994 |
1995 |
1996 |
1997
| 1998
| 1999
| 2000
| 2001
| ►
| ►►
Dës Säit befaasst sech mam Joer 1997.
D'Joer 1997 huet op engem Mëttwoch ugefaangen.
Inhaltsverzeechnes
Evenementer[änneren | Quelltext änneren]
Europa[änneren | Quelltext änneren]
- 19. Januar: De Petar Stojanov gëtt Staatspresident a Bulgarien.
- 1. Mäerz: An Albanien kënnt et nom Zesummebroch vun engem gigantesche Pyramidespill zu staarken Onrouen; d'Regierung ënnert dem President Sali Berisha trëtt zréck.
- 1. Mee: Bei den Wale fir d'britescht Parlament gewënnt d'Labour Party ënnert dem Tony Blair.
- 21. Mee: Den Ivan Kostov gëtt Ministerpresident a Bulgarien.
- 26. Juli: Op engem Fluchmmeeting zu Ostende fält e jordanesche Konschtfliger erof. E fält op d'Spectateuren an zéng Leit kommen ëm d'Liewen, 58 Stéck gi blesséiert.
- 21. September: Parlamentswalen a Polen.
- 2. Oktober: Den Traité vun Amsterdam gëtt ënnerschriwwen. En trëtt 1999 a Kraaft.
Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]
- 6. Abrëll: Um Houwald kënnt bei der Kolisioun tëscht engem Persounen- an engem Gidderzuch 1 Persoun em d'Liewen.
- 17. Abrëll: Mat Le Jeudi kënnt eng éischte Kéier eng franséischsproocheg Wochenzeitung eraus.
- 22. Juni: De Michael Jackson trëtt um Krakelshaff viru 45.000 Spectateuren op.
- 1. Juli - 31. Dezember: Lëtzebuerg huet d'Presidence vum Conseil vun der Europäescher Unioun.
- 28. August: Op Belval geet dee leschten Héichuewen zu Lëtzebuerg aus.
- Dezember: Lëtzebuerg huet säin éischen BSE-Fall.
- D'CLT fusionnéiert mat der Bertelsmann-Duechter UFA zu CLT-UFA (spéider RTL Group).
Afrika[änneren | Quelltext änneren]
- 4. Februar: Südafrika kritt eng nei Verfassung.
- 17. November: Terrorattack op Touriste virum Tempel vun der Hatschepsut zu Luxor, Egypten; 68 Mënsche stierwen.
Amerika[änneren | Quelltext änneren]
USA[änneren | Quelltext änneren]
Südamerika[änneren | Quelltext änneren]
- 6. August: Den Hugo Banzer gëtt President a Bolivien.
Asien[änneren | Quelltext änneren]
- 23. Mee: Den Hodschatoleslam Seyed Mohammad Khatami gëtt Staatspresident am Iran.
- 1. Juli: Hongkong geet un China zréck.
- 25. Juli: De Kocheril Raman Narayanan gëtt Staatspresident an Indien.
- 1. bis 10. Dezember: Zu Kyoto (Japan) ass eng international Klimakonferenz, op där sech d'Industrielänner verflichten, hir Zäregas-Emissiounen ze reduzéieren.
Ozeanien & Pazifik[änneren | Quelltext änneren]
Arabesch Welt[änneren | Quelltext änneren]
Konscht a Kultur[änneren | Quelltext änneren]
- Oktober: Zu Bilbao mécht de Guggenheim-Musée seng Dieren op.
Molerei[änneren | Quelltext änneren]
Literatur[änneren | Quelltext änneren]
- Joanne K. Rowling: Harry Potter and the Philosopher's Stone
Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]
- Servais-Präis: Margret Steckel fir Der Letzte vom Bayrischen Platz.
Musek[änneren | Quelltext änneren]
- 3. Mee: D'Grupp Katrina and the Waves gewënnt fir Groussbritannien mam Lidd Love shine a light den 42. Eurovision Song Contest zu Dublin.
Wëssenschaft an Technik[änneren | Quelltext änneren]
- 24. Februar: D'Schof Dolly, dat am Summer 1996 gebuer gouf, gëtt der Ëffentlechkeet presentéiert.
Sport[änneren | Quelltext änneren]
- 31. Mäerz: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert an der Stad Lëtzebuerg, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 1998, 0:3 géint Israel.[1]
- 30. Abrëll: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert zu Moskau, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 1998, 0:3 géint Russland.[2]
- 8. Juni: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert zu Burgas, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 1998, 0:4 géint Bulgarien.[3]
- De Jan Ullrich gewënnt den Tour de France.
- 7. September: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert an der Stad Lëtzebuerg, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 1998, 1:3 géint Zypern. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet de Paolo Amodio geschoss.[4]
- 11. Oktober: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe verléiert zu Limassol, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 1998, 0:2 géint Zypern.[5]
Gebuer[änneren | Quelltext änneren]
- 11. Januar: Pit Leyder, lëtzebuergesche Vëlossportler.
- 30. Januar: Leon Biel, lëtzebuergeschen Handballspiller.
- 4. Februar: Ivan Pavlovic, lëtzebuergeschen Handballspiller.
- 18. Februar: Christopher Martins Pereira, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 18. Februar: Eric Veiga, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 3. Mäerz: Ben Weyer, lëtzebuergeschen Handballspiller.
- 5. Abrëll: Danel Sinani, lëtzebuerge3sche Foussballspiller.
- 15. Abrëll: Tim Hall, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 22. Mee: Enes Mahmutovic, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 4. Juni: Luca Tomassini, lëtzebuergeschen Handballspiller.
- 12. Juli: Malala Yousafzai, pakistanesch Kannerrechtlerin a Friddensnobelpräisdréiesch.
- 15. August: Julie Meynen, lëtzebuergesch Schwëmmerin.
- 29. August: Nicolas Brisbois, lëtzebuergesche Volleyballspiller.
- 9. November: Florian Bohnert, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 26. November: Alex Knaff, lëtzebuergeschen Tennisspiller.
Gestuerwen[änneren | Quelltext änneren]
- 1. Januar: Jean Feller, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 5. Januar: André Franquin, belsche Comic-Auteur (Gaston Lagaffe).
- 7. Januar: Joseph Leydenbach, lëtzebuergesche Banquier a Schrëftsteller
- 17. Januar: Clyde William Tombaugh, US-amerikaneschen Astronom.
- 3. Februar: Bohumil Hrabal, tschechesche Schrëftsteller.
- 5. Februar: Norbert Ketter, lëtzebuergesche Fotograf.
- 19. Februar: Deng Xiaoping, chinesesche Politiker.
- 2. Mäerz: Vicente Parra, spuenesche Filmschauspiller
- 14. Mäerz: Fred Zinnemann, US-amerikanesche Filmregisseur.
- 14. Mäerz: Nicolas Morn, Lëtzebuerger Vëlossportler.
- 15. Mäerz: Victor Vasarely, franséische Moler a Graphiker.
- 15. Mäerz: Antoine Weiss, lëtzebuergesche Gewerkschaftler.
- 17. Mäerz: Pitty Scheer, lëtzebuergesche Vëlossportler.
- 29. Mäerz: Hans Quest, däitsche Schauspiller a Regisseur.
- 31. Mäerz: Lyman Spitzer, US-amerikaneschen Astrophysiker.
- 10. Abrëll: Martin Schwarzschild, US-amerikaneschen Astrophysiker.
- 16. Abrëll: Roland Topor, franséischen Auteur, Schauspiller a Moler.
- 17. Abrëll: Chaim Herzog, israelesche Generol a Politiker.
- 21. Abrëll: Roger Jacobs, lëtzebuergesche Vëlossportler.
- 29. Abrëll: Will Reuland, lëtzebuergeschen Auteur a Chronist.
- 3. Mee: Narciso Yepes, klassesche Gittarist.
- 27. Mee: Nic Roeser, lëtzebuergeschen Turner an Olympionik.
- 18. Juni: Lew Sinowjewitsch Kopelew, russesche Schrëftsteller.
- 18. Juni: Alphonse Osch, lëtzebuergesche Politiker.
- 19. Juni: Olga Georges-Picot, franséisch Schauspillerin.
- 25. Juni: Jacques-Yves Cousteau, franséische Mieresfuerscher.
- 1. Juli: Robert Mitchum, US-amerikanesche Schauspiller.
- 2. Juli: James Stewart, US-amerikanesche Schauspiller.
- 8. Juli: Joseph Probst, lëtzebuergesche Moler.
- 12. Juli: François Furet, franséischen Historiker.
- 15. Juli: Gianni Versace, italieneschen Designer
- 18. Juli: Eugene Shoemaker, US-amerikaneschen Astronom an Geolog.
- 3. August: William S. Burroughs, US-amerikanesche Schrëftsteller.
- 4. August: Jeanne Calment, déi eelst Fra vun der Welt.
- 7. August: Léon Spartz, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 31. August: Diana Frances Spencer (Lady Di), Fra vum engleschen Trounfolger Prënz Charles.
- 4. September: Aldo Rossi, Architekt an Designer.
- 5. September: Georg Solti, ungareschen Dirigent.
- 5. September: Agnes Gonxha Bojaxhiu, albanesch Uerdensgrënnerin a Friddensnobelpräisdréierin (Mutter Teresa)
- 7. September: Mobutu Sese Seko, President vu Zaire.
- 24. September: Remy Wagner, lëtzebuergesche Foussballspiller an Olympionik.
- 25. September: Pierre Hentges jun., lëtzebuergesche Sportsprofesser a Sportsfonctionnaire.
- 25. September: Léon Wagner, lëtzebuergesche Gewerkschaftler.
- 29. September: Roy Lichtenstein, US-amerikanesche Moler.
- 10. Oktober: Harold French, englesche Schauspiller a Filmregisseur.
- 30. Oktober: Samuel Fuller, US-amerikanesche Regisseur, Dréibuchauteur a Schauspiller.
- 3. November: François Gillen, lëtzebuergesche Moler, Zeechner a Sculpteur.
- 6. November: Josef Pieper, däitsche Philosoph.
- 7. November: Mathias Thinnes, lëtzebuergesche Professer, Schouldirekter an Auteur.
- 15. November: Coen van Vrijberghe de Coningh, hollännesche Schauspiller.
- 16. November: Georges Marchais, franséische Politiker a Gewerkschaftler.
- 25. November: Barbara, franséisch Chanson-Sängerin a -Komponistin.
- 28. November: Georges Marchal, franséische Schauspiller.
- 30. November: Camille Hellinckx, lëtzebuergeschen Notaire a Politiker.
- 30. November: Françoise Prévost, franséisch Schauspillerin.
- 1. Dezember: Stéphane Grappelli, franséischen Jazz-Violonist.
- 5. Dezember: Jim Kirchen, lëtzebuergesche Vëlossportler.
- 19. Dezember: David Schramm, US-amerikaneschen Astrophysiker.
- 20. Dezember: Jean Haan, lëtzebuergesche Lokalhistoriker.
- 24. Dezember: Toshirō Mifune, japanesche Schauspiller.
- 24. Dezember: Vic Feller, lëtzebuergesche Foussballspiller.
Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]
| Commons: 1997 – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen[Quelltext änneren]
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Israel den 31. Mäerz 1997 op der Websäit vun European Football.info
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Russland-Lëtzebuerg den 30. Abrëll 1997 op der Websäit vun European Football.info
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Bulgarien-Lëtzebuerg den 8. Juni 1997 op der Websäit vun European Football.info
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Zypern de 7. September 1997 op der Websäit vun European Football.info
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Zypern-Lëtzebuerg den 11. Oktober 1997 op der Websäit vun European Football.info