Op den Inhalt sprangen

Nonzéng

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) 19 (Zuel))
19
Nonzéng
positiv ganz Zuel, Primzuel, ongerued Zuel, zentréiert Dräieckszuel, Aachteckzuel
Virgänger Uechtzéng
Nofollger Zwanzeg
Ordinalzuel nonzéngt
Eegenschaften
Primfacteur(en) 19
Deeler 1, 19
Zuel vun Dezimalzifferen 2
Aner Duerstellungen
Réimesch XIX
Binär 10011
Oktal 23
Duodezimal 17
Hexadezimal 13

Déi natierlech Zuel Nonzéng (19) ass d'Nofollgerin vun der Uechtzéng an d'Virgängerin vun der Zwanzeg. Et ass eng ongerued Zuel.

Dat réimescht Zeeche fir d'Nonzéng ass XIX.

Et ass eng Primzuel an eng Størmer-Zuel.

reegelméissege Nonzéngeck

E Nonzéngeck oder Nondekagon ass e Villeck (Polygon), deen aus nonzéng Ecken a nonzéng Säite besteet.

Naturwëssenschaft

[änneren | Quelltext änneren]

De Messier 19 ass e helle Kugelstärekoup am Stärebild Ophiuchus. Den NGC 19 ass eng Balkespiralgalaxie am Stärebild Andromeda.

Am Periodesystem vun den Elementer an der Chimie ass d'Nonzéng d'Uerdnungszuel vum Kalium.

D'COVID-19-Pandemie ass en Ausbroch vun der neier Otemweeërkrankheet COVID-19 (oder "Covid-19" fir "Corona Virus Disease 2019").

Et gëtt nonzéng Zorte vu Schnéikläckelcher.

D' Nationalstrooss 19 oder N19 ass eng lëtzebuergesch Nationalstrooss féiert vun der Bleesbréck op Reisduerf.

De Buschtaf S, respektiv 's ass den nonzéngte Buschtaf am laténgeschen Alphabet.

 Commons: Nonzéng – Biller, Videoen oder Audiodateien