Op den Inhalt sprangen

Eent

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) 1 (Zuel))
1
Eent
net-negativ ganz Zuel, ongerued Zuel, Dräieckszuel, zentréiert Dräieckszuel, Quadratzuel, Kubus, zentréiert dekagonal Zuel, zentréiert Pentachoronzuel, Zwielefeckzuel, Ikosaederzuel, Aachteckzuel, Fënnefeckzuel, Fibonacci-Zuel, positiv ganz Zuel, Potenz vun Zwee, Mersenne-Zuel, Harshad-Zuel
Virgänger Null
Nofollger Zwee
Ordinalzuel éischt
Eegenschaften
Primfacteur(en) keng
Deeler 1
Zuel vun Dezimalzifferen 1
Aner Duerstellungen
Réimesch I
Binär 1
Oktal 1
Duodezimal 1
Hexadezimal 1

Déi natierlech Zuel Eent (1) ass d'Nofollgerin vun der Null an d'Virgängerin vun der Zwee.

Dat réimescht Zeeche fir d'Eent ass I.

D'Zuel Eent ass eng ongerued Zuel an Deeler vun all Zuel.

Et ass a keng Primzuel.

An der Informatik ass d'Zuel Eent ganz wichteg, well se zesumme mat der Null de Binärcode bilt. Si representéiert "on" a Maschinnesprooch. D'Eent fënnt een, a Programméiersproochen als Boolesch Variabel (1 = wouer, 0 = falsch).

D'Wuert Proton ass griichesch fir "éischt".

Déi lëtzebuergesch Grammaire[1] seet iwwer d'Eent:

Les adjectifs numéraux cardinaux sont invariables à l'exception de eent et zwee. Ces deux adjectifs changent suivant le genre du substantif qui suit ou qui est sous-entendu.

Beispiller fir eent:

MännlechWeiblechSächlech
ee Maulef,

een Ament

eng Forschettee Kallef,

een Haus

Eng an eent an der Sprooch

[änneren | Quelltext änneren]
  • eng hallef Stonn
  • eng an eng hallef Stonn oder annerhallef Stonn
  • 5,1 = fënnef Komma eent

awer:

  • 7,1 Euro = siwe Komma een Euro
  • 3,1 norwegesch Kroun = dräi Komma eng norwegesch Kroun.
  • 4,1 Pond = véier Komma ee Pond

Naturwëssenschaft

[änneren | Quelltext änneren]

Am Periodesystem vun den Elementer an der Chimie ass d'Eent d'Uerdnungszuel vum Waasserstoff. Waasserstoff besteet nëmmen aus engem Kär mat engem Proton an engem Elektron.

D'Wuert "Mono" steet fir d'Zuel Eent. Mono gëtt dacks an der Chimie benotzt, zum Beispill fir chemesch Verbindung wéi Kuelemonoxid a Monochloromethan ze beschreiwen.

Et gëtt ee Stär am Sonnesystem: d'Sonn. D'Äerd huet ee Mound an de Merkur ass den éischte Planéit am Sonnesystem.

De Messier 1 (M1) (och NGC 1952) och Krabbenniwwel oder Kriibsniwwel ass e Rescht vun der Supernova 1054 am Stärebild Taurus.

Den NGC 1 ass eng Spiralgalaxie am Stärebild Pegasus, dat iwwer 150 Millioune Liichtjoer vun der Äerd ewech ass. Vun der Äerd aus gesinn, läit den NGC 1 nërdlech vum NGC 2.

 Commons: Eent – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Grammaire de la langue luxembourgeoise, Ministère de l'éducation nationale, de l'enfance et de la jeunesse, Luxembourg 2005, Nouvelle édition entièrement révisée et actualisée, Luxembourg 2020, 2e tirage, Luxembourg 2022 ISBN 978-99959-1-206-2
  2. (de) Künstlerkollektiv Richtung 22 steckt hinter „RTL Eent“. luxemburger-wort-online (20.01.2024). Gekuckt den 20.01.2024.