Lëtzebuerger Filmpräis 2005

Vu Wikipedia
D'Affiche vun Heim ins Reich, ausgezeechent als beschte Lëtzebuerger Film a mam Publikumspräis

D'Zeremonie vum 2. Lëtzebuerger Filmpräis gouf de 14. Oktober 2005 an der aler Mousels-Brauerei a Clausen organiséiert. Si gouf vum Désirée Nosbusch moderéiert. An der Jury souzen d'Groussherzogin Maria Teresa, d'Sylvie Flammang, s'Josée Hansen, d'Lynne Polak, d'Myriam Muller, de Philippe Reynaert an de Faruk Günaltei.

Als beschte Film gouf dem Claude Lahr säin Dokumentarfilm Heim ins Reich ausgezeechent, deen och de Publikumspräis gewonnen huet. D'Jury huet donieft awer och entscheet, dem Christophe Wagner eng Mention spéciale auszeschwätze "fir säi Courage, am Film Doheem en aktuellen a ganz delicate Sujet ze traitéieren".[1]

Am Ganze waren 13 Kuerzfilmer, 13 Koproduktiounen, 11 Lëtzebuerger Filmer (dovu 5 Documentairen), 62 Techniker a 7 Schauspiller nominéiert.[2]

Fir d'éischte Kéier gouf de Präis fir déi bescht Filmmusek verdeelt. E gouf vun der Lëtzebuerger Agence fir de Schutz vum Auteursrecht, der Sacem, geschaf an ass un de Gast Waltzing fir d'Kompositioun vun der Musek vum Film George and the Dragon gaangen. An der Filmmuseksjury souzen de Raoul Nadalet, de Roland Wiltgen, de Eric Falchero, de Joël Heyar an de Bob Krieps.

Wärend der Woch vum Lëtzebuerger Film, vum 7. bis zum 13. Oktober, am Kino Utopia an an der Cinémathèque, an um Owend selwer, konnt de Public per SMS fir de Publikumspräis stëmmen. Dee Präis ass un den Documentaire Heim ins Reich gaangen. D'Pressevertrieder hunn dem Fatih Akin säi Gegen die Wand zum beschten europäesche Film auserwielt. Den Organisatiounscomité huet de Christophe Wagner als bescht Nowuesstalent bestëmmt.[2]

Palmarès:

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. filmfund.lu: Lëtzebuerger Filmpräis 2005 (gekuckt den 23. November 2021)
  2. 2,0 2,1 land.lu: Al Pacino meets Andy Bausch (1. September 2005)