2009
Ausgesinn
◄ |
20. Joerhonnert |
21. Joerhonnert
◄◄ |
◄ |
2005 |
2006 |
2007 |
2008 |
2009
| 2010
| 2011
| 2012
| 2013
| ►
| ►►
Dës Säit befaasst sech mam Joer 2009.
D'Joer 2009 huet op engem Donneschdeg ugefaangen. Et war kee Schaltjoer.
Evenementer
[änneren | Quelltext änneren]
Europa
[änneren | Quelltext änneren]- 1. Januar: D'Slowakei trëtt der Eurozon bei a féiert den Euro als Wärung an.
- 27. Januar: An Island trëtt déi konservativ-sozialdemokratesch Regierung ënner dem Geir Haarde no deeglaange Protester géint hir Aart a Weis, mat der Finanzkris ëmgaangen ze sinn, zeréck. D'Jóhanna Sigurðardóttir gëtt den 1. Februar nei Premierministesch.
- 8. Februar: Bei de Wale fir de Liechtensteinesche Landtag (Parlament) gewënnt d'Vaterländische Union (VU); de Klaus Tschütscher gëtt de 25. Mäerz Ministerpresident.
- 12. Mäerz: De Valdis Dombrovskis gëtt neie Premierminister a Lettland.
- 24. Mäerz: Déi tschechesch Regierung ënner dem Mirek Topolánek, déi d'EU-Presidence huet, trëtt no engem Mësstrauensvott am tschechesche Parlament zeréck. Den 8. Mee iwwerhëlt d'Regierung vum Jan Fischer iwwerganksméisseg d'Amtsgeschäfter.
- 29. Mäerz: D'Awunner vu Mayotte stëmmen dofir, datt d'Insel 2011 e franséischt Departement soll ginn.
- 1. Abrëll: Albanien a Kroatie gi Member vun der NATO.
- 5. Abrëll: De Gjorge Ivanov gewënnt am zweeten Tour d'Presidentschaftswalen a Mazedonien.
- 5. Abrëll: Den Ivan Gašparovič gëtt am zweeten Tour bei de Presidentschaftswalen an der Slowakei erëmgewielt.
- 5. Abrëll: Bei de Parlamentswalen a Moldawien gewënnt d'Kommunistesch Partei (Partidul Comuniştilor din Republica Moldova) ënner dem Vladimir Voronin mat ronn 60 % vun de Sëtz. Well keng grouss genuch Majoritéit do ass, fir en neie President ze wielen, gëtt d'Parlament nees opgeléist.
- 5. Abrëll: An Dänemark gëtt de Lars Løkke Rasmussen Premierminister, nodeem den Anders Fogh Rasmussen Generalsekretär vun der NATO gouf.
- 6. Abrëll: Bei engem Äerdbiewen an Abruzzen (Italien), ronderëm d'Stad L'Aquila, stierwe bal 300 Mënschen, ronn 40.000 verléieren hiert Doheem.
- 14. Abrëll: De Gordon Bajnai gëtt nom Récktrëtt vum Ferenc Gyurcsány zum ongresche Premierminister ernannt.
- 17. Mee: D'Dalia Grybauskaitė gëtt mat 69 % vun de Stëmmen zur Presidentin a Litauen gewielt.
- 23. Mee: Den Horst Köhler gëtt a sengem Amt vum Däitsche Bundespresident confirméiert.
- 4. – 7. Juni: Wale fir d'Europäescht Parlament 2009 a 27 EU-Memberstaaten.
- 5. Juni: De Jaume Bartumeu gëtt zum Premierminister vun Andorra ernannt.
- 28. Juni: Parlamentswalen an Albanien.
- 5. Juli: Bei de Parlamentswalen a Bulgarien gewënnt déi oppositionell GERB-Partei vum Bojko Borissow at knapps 40 % vun de Stëmmen.
- 6. Juli: D'Jadranka Kosor gëtt, nom Récktrëtt vum Ivo Sanader, Regierungscheffin a Kroatien.
- 13./14. September: Bei de Parlamentswalen an Norwegen behält d'rout-rout-gréng Koalitioun ënner dem Jens Stoltenberg d'Majoritéit, si kritt 86 Sëtz.
- 25. September: Moldawien: Déi aus den Neiwalen am August ervirgaange Regierung ënner dem Premierminister Vlad Filat gëtt vereedegt.
- 27. September: Bei de Parlamentswalen an Däitschland gëtt d'CDU-CSU déi stäerkst Partei, d'SPD verléiert staark an d'FDP an Die Linke gewanne Stëmme bäi.
- 27. September: Bei de Parlamentswalen a Portugal bleift dem Premier José Sócrates seng Partido Socialista 96 vun 226 Sëtz stäerkst Partei, verléiert awer hir absolut Majoritéit.
- 1. Oktober: Grënnung vun der Europapartei Allianz vun den Europäesche Konservativen a Reformisten
- 2. Oktober: Beim 2. Referendum an Irland iwwer den Traité vu Lissabon stëmmen 67,1 % vun de Wieler fir den Traité.
- 4. Oktober: D'Parlamentswalen a Griicheland gi vun der sozialistescher PASOK gewonnen, de 6. Oktober gëtt déi nei Regierung ënner dem Giorgos Andrea Papandreou vereedegt.
- 28. Oktober: Déi nei däitsch CDU-CSU-FDP-Koalitiounsregierung ënner der Angela Merkel als Kanzlerin gëtt vereedegt.
- 1. Dezember: Den Traité vu Lissabon trëtt a Kraaft, nodeem en den 3. November mat Tschechie vun alle 27 Memberstaate ratifizéiert gi war.
- 6. Dezember: Bei de Presidentschaftswalen a Rumänien gëtt den Traian Băsescu knapps erëmgewielt.
Lëtzebuerg
[änneren | Quelltext änneren]- 1. Januar: D'Chéques-services ginn agefouert, fir Kannerbetreiung baussent de Schoulstonnen.
- 12. Mäerz: Verfassungsännerung (Art. 34): De Groussherzog promulgéiert just nach Gesetzer, a brauch se net méi ze sanktionéieren.
- 7. Juni: Wale fir d'Chamber a fir d'Europäescht Parlament. Bei de Chamberwale kritt d'CSV 26 Sëtz (+2), d'LSAP der 13 (-1), d'DP 9 (-1), déi Gréng 7 (+/-0), d'ADR 4 (-1), déi Lénk 1 (+1) an d'KPL (0) an d'Biergerlëscht (/) kee Sëtz. Bei den Europawale ginn 3 Sëtz un d'CSV; d'LSAP, d'DP an déi Gréng hu jee 1.
- 23. Juli: D'Regierung Juncker-Asselborn II, wéi déi virdrun eng Koalitioun aus CSV an LSAP, gëtt vereedegt.
-
Zesummesetzung vun der neier Chamber
Afrika
[änneren | Quelltext änneren]- 11. Februar: De Morgan Tsvangirai gëtt neie Premierminister an Simbabwe.
- 2. Mäerz: De President vu Guinea-Bissau, João Bernardo Vieira, gëtt bei engem Militärputsch erschoss.
- 18. Mäerz: den Andry Rajoelina autoproklaméiert sech President vu Madagaskar, nodeem de Marc Ravalomanana den Dag virdrun zeréckgetruede war an d'Muecht engem "militäreschem Directoire" iwwerdroen hat.
- 9. Mee: De Jacob Zuma gëtt zum neie President vu Südafrika vereedegt, nodeem en de 6. Mee vum Parlament an dës Funktioun gewielt gouf.
- 3. September: Den Ali Bongo gewënnt d'Presidentschaftswalen am Gabun.
- 8. September: De Malam Bacai Sanhá gëtt neie President vu Guinea-Bissau.
- 29. November: Den Obiang Nguema gëtt zum President vun Equatorialguinea erëmgewielt.

Arabesch Staaten an Afrika
[änneren | Quelltext änneren]- 11. Abrëll: Den Abdelaziz Bouteflika gëtt als President vun Algerien erëmgewielt.
- 25. Oktober: Presidentschafts- a Legislativwalen a Marokko, de Zine el-Abidine Ben Ali gëtt erëmgewielt.
Amerika
[änneren | Quelltext änneren]USA
[änneren | Quelltext änneren]- 20. Januar: De Barack Obama gëtt zum 44. President vun den USA vereedegt.
- 31. Januar: D'USS Kitty Hawk (CV-63) de leschten net-atomare Fligerdréier vun der US-Navy gëtt no 48 Joer ausser Déngscht gestallt.
- 1. Juni: Den amerikaneschen Autosconstructeur General Motors deklaréiert sech a Faillite.
Mëttel- a Südamerika
[änneren | Quelltext änneren]- 15. Mäerz: De Mauricio Funes gëtt zum neie Staatspresident vun El Salvador gewielt. Hien trëtt den 1. Juni säin Amt un.
- 1. Juni: Den Air France Fluch 447 mat 228 Leit u Bord fält tëscht Rio a Paräis an den Atlanteschen Ozean erof.
- 28. Juni: Militärputsch an Honduras géint de Staatspresident Manuel Zelaya.
- 5. Juli: A Mexiko gewënnt déi oppositionell Partei vun der institutionaliséierter Revolutioun (PRI) d'Parlamentswalen.
- 6. Dezember: Den Evo Morales gëtt zum President vu Bolivien erëmgewielt.
Asien
[änneren | Quelltext änneren]- 3. Abrëll: De Najib Tun Razak gëtt President vu Malaysia.
- 9. Abrëll: Parlamentswalen an Indonesien.
- 16., 22., 23. an 30. Abrëll; 7. an 13. Mee: Parlamentswalen an Indien, déi vun der UPA, enger Koalitioun ënner der Féierung vun der Kongresspartei gewonne gëtt.
- 13. Juni: De Mahmoud Ahmadinejad gëtt zum Gewënner vun de Presidentschaftswalen am Iran deklaréiert; den ënnerleeënen Oppositiounsleader Mir-Hossein Mussawi kontestéiert déi Victoire; et kënnt an den Deeg duerno zu Masseprotester zu Teheran an an anere Stied, déi bluddeg ënnerdréckt ginn.
- 30. August: D'Demokratesch Partei vu Japan mam Yukio Hatoyama gewënnt d'Parlamentswalen a Japan a léist domat d'Liberal-Demokratesch Partei of, déi zanter dem Enn vum 2. Weltkrich un der Regierung war.
- 30. September: Bei engem Äerdbiewen op der indoneesescher Insel Sumatra an engem Nobiewen, deen Dag drop, kommen iwwer 1100 Leit ëm d'Liewen.
Ozeanien & Pazifik
[änneren | Quelltext änneren]- 2. September: De Iolu Abil gëtt zum President a Vanuatu ernannt.
Noen Osten
[änneren | Quelltext änneren]- 10. Februar: Parlamentswalen an Israel.
- 1. Abrëll: De Benjamin Netanjahu gëtt neie Regierungschef an Israel.
Antarktis
[änneren | Quelltext änneren]- 25. Februar: Eng international Ekipp vu Wëssenschaftler gëtt bekannt, datt se fäerdeg si mat dem Opmoosse vun de Gamburtsev-Bierger déi komplett ënner dem Äis verstoppt sinn.
Konscht a Kultur
[änneren | Quelltext änneren]- Linz a Vilnius sinn Europäesch Kulturhaaptstied.
Molerei
[änneren | Quelltext änneren]Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Servais-Präis fir dem Pol Sax säin U5.
- Concours littéraire national 2009 fir der Ela Baumann hire Libretto Riesenangst und Mäuseherz.
Musek
[änneren | Quelltext änneren]- 12. Mee–16. Mee: Den Alexander Rybak gewënnt fir Norwegen mam Lidd Fairytale de 54. Eurovision Song Contest zu Oslo.
Kino
[änneren | Quelltext änneren]- Slumdog Millionnaire vum Dany Bole gewënnt den Oscar fir de beschte Film.
- Séraphine vum Martin Provost gewënnt de César fir de beschte Film.
- Das weiße Band vum Michael Haneke gewënnt d'Gëlle Palm bei den 62. Filmfestspiller vu Cannes.
Lëtzebuerg
[änneren | Quelltext änneren]- 4. Dezember: De 4. Lëtzebuerger Filmpräis geet un dem Jean-Claude Schlim säin House of Boys (bescht Fictioun) an dem Andy Bausch säin Entrée d'artistes (beschten Documentaire).
Wëssenschaft an Technik
[änneren | Quelltext änneren]Ekonomie
[änneren | Quelltext änneren]- 12. November: Iberia a British Airways kënnegen un, ze fusionéieren.
Sport
[änneren | Quelltext änneren]- Den F91 Diddeleng gewënnt fir d'fënneft Kéier hannereneen d'Foussballchampionnat an och d'Coupe de Luxembourg.
- 28. Mäerz: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert an der Stad Lëtzebuerg, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 2010, 0:4 géint Lettland.[1]
- 1. Abrëll: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu Riga, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 2010, 0:2 géint Lettland.[2]
- Den Andy Schleck gëtt Sportler, d'Liz May Sportlerin vum Joer.
- Den Alberto Contador gewënnt den Tour de France 2009; den Andy Schleck gëtt Zweeten.
- 12. August: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert an der Stad Lëtzebuerg 0:1 géint Litauen.[3]
- 5. September: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp spillt zu Chisinau, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 2010, 0:0 géint Moldawien.[4]
- 9. September: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu Ramat Gan, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 2010, 0:7 géint Israel.[5]
- 10. Oktober: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert an der Stad Lëtzebuerg, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 2010, 0:3 géint Schwäiz.[6]
- 14. Oktober: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu Athen, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 2010, 1:2 géint Griicheland. Och de Gol fir d'Lëtzebuerger gouf vun engem griichesche Spiller geschoss (Selbstgol).[7]
- 14. November: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp spillt an der Stad Lëtzebuerg 1:1 géint Island. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet de Kim Kintziger geschoss.[8]
Gebuer
[änneren | Quelltext änneren]- 28. Januar: Enzo Duarte, lëtzebuergesch-kapverdianesche Foussballspiller.
Gestuerwen
[änneren | Quelltext änneren]- Roger Meyrath, lëtzebuergesche Moler.
- 1. Januar: Johannes Mario Simmel, éisträichesche Schrëftsteller.
- 1. Januar: Helen Suzman, südafrikanesch Politikerin.
- 2. Januar: Inger Christensen, dänesch Schrëftstellerin.
- 9. Januar: Dave Dee, englesche Sänger.
- 10. Januar: René Herms, däitschen 800-Meter Leefer.
- 11. Januar: Thierry van Werveke, lëtzebuergesche Schauspiller a Sänger.
- 12. Januar: Claude Berri, franséische Filmregisseur, -produzent a -schauspiller.
- 13. Januar: Patrick McGoohan, US-amerikanesche Filmschauspiller.
- 14. Januar: Ricardo Montalbán, mexikanesche Filmschauspiller.
- 14. Januar: Édouard-Marie Weber, lëtzebuergesche Moler.
- 16. Januar: Andrew Wyeth, US-amerikanesche Moler.
- 17. Januar: Edmund Leopold de Rothschild, englesche Banquier.
- 21. Januar: Charles W. Juels, US-amerikaneschen Amateurastronom.
- 25. Januar: Eleanor Helin, US-amerikanesch Astronomin.
- 27. Januar: John Updike, US-amerikaneschen Auteur.
- 29. Januar: François Villiers, franséische Filmregisseur an Dréibuchauteur.
- 30. Januar: Ingemar Johansson, schweedesche Boxer a Weltmeeschter am Schwéiergewiicht.
- 7. Februar: Marie-Thérèse Kolbach, lëtzebuergesch Molerin.
- 11. Februar: Yvonne Useldinger, lëtzebuergesch Politikerin, Resistenzlerin a Fraerechtlerin.
- 13. Februar: Gianna Maria Canale, italieenesch Filmschauspillerin.
- 18. Februar: Franz Marischka, éisträichesch-brittesche Filmregisseur, Schauspiller an Dréibuchauteur.
- 22. Februar: Howard Zieff, US-amerikanesche Filmregisseur.
- 26. Februar: Ben Heyart, lëtzebuergesche Moler.
- 1. Mäerz: Paolo Maffei, italieeneschen Astronom an Astrophysiker.
- 2. Mäerz: João Bernardo Vieira, Staatspresident vu Guinea-Bissau.
- 6. Mäerz: Jeannot Heinen, lëtzebuergesche Komponist.
- 14. Mäerz: Alain Bashung, franséische Museker.
- 15. Mäerz: Paul Spang, lëtzebuergeschen Historiker.
- 15. Mäerz: Max Jacoby, däitsche Fotograf.
- 29. Mäerz: Maurice Jarre, franséische Filmmusek-Komponist.
- 31. Mäerz: Raúl Alfonsín, argentinesche Politiker a Staatspresident.
- 11. Abrëll: Roger Ludwig, lëtzebuergesche Vëlossportler an Olympionik.
- 14. Abrëll: Maurice Druon, franséischen Auteur a Politiker.
- 18. Abrëll: Jos Bellion, lëtzebuergesche Kanut an Olympionik.
- 19. Abrëll: Philippe Nicaud, franséische Schauspiller a Sänger.
- 22. Abrëll: Ken Annakin, brittesche Filmregisseur.
- 2. Mee: Léopold Reichling, lëtzebuergesche Biolog.
- 20. Mee: Pierre Gamarra, franséischen Auteur.
- 23. Mee: Roh Moo-hyun, südkoreanesche Politiker.
- 30. Mee: Luís Cabral, éischte President vu Guinea-Bissau.
- 1. Juni: Ken Clark, US-amerikanesche Schauspiller.
- 3. Juni: David Carradine, US-amerikanesche Schauspiller.
- 4. Juni: Henri-Jacques Huet, franséische Filmschauspiller.
- 8. Juni: Mathias Ries, lëtzebuergesche Vëlossportler.
- 8. Juni: Omar Bongo, President vum Gabun.
- 8. Juni: Henri Kaudé, lëtzebuergesche Schwëmmer a Sportler op de paralympesche Spiller 1992.
- 22. Juni: Karel Van Miert, belsche Politiker.
- 25. Juni: Farrah Fawcett, US-amerikanesch Schauspillerin.
- 25. Juni: Michael Jackson, US-amerikanesche Museker.
- 30. Juni: Pina Bausch, däitsch Dänzerin a Choreographin.
- 1. Juli: Karl Malden, US-amerikanesche Schauspiller.
- 3. Juli: Fernand Lorang, lëtzebuergeschen Auteur a Lokalhistoriker.
- 4. Juli: Jean-Baptiste Tati-Loutard, kongoleesesche Schrëftsteller.
- 6. Juli: Robert S. McNamara, US-amerikanesche Politiker.
- 19. Juli: Frank McCourt, US-amerikaneschen Auteur.
- 20. Juli: Charles-André Schommer, lëtzebuergeschen Zaldot bei der Operatioun Overlord.
- 25. Juli: Johnny Horne, hollännesch-lëtzebuergesche Museker.
- 25. Juli: Marcel Welter, lëtzebuergesche Foussballspiller an Olympionik.
- 30. Juli: Peter Zadek, däitsche Regisseur.
- 31. Juli: Jean-Paul Roussillon, franséische Schauspiller.
- 1. August: Corazón Aquino, philippinnesch Politikerin.
- 13. August: Les Paul, US-amerikanesche Gittarist a Gittare-Constructeur.
- 18. August: Kim Dae-jung, südkoreanesche Politiker.
- 20. August: Leo Obstbaum, Designer.
- 24. August: Toni Sailer, éisträichesche Schifuerer a Schauspiller.
- 25. August: Edward Kennedy, US-amerikanesche Politiker.
- 27. August: Sergei Michalkow, russeschen Auteur.
- 1. September: René Kartheiser, lëtzebuergesche Schrëftsteller.
- 6. September: Sim, franséische Schauspiller, Komiker a Schrëftsteller.
- 8. September: Aage Niels Bohr, dänesche Physiker.
- 12. September: Norman Ernest Borlaug, US-amerikaneschen Agrarwëssenschaftler a Friddensnobelpräisdréier.
- 13. September: Arnold Laven, US-amerikanesche Filmregisseur a Filmproduzent.
- 14. September: Patrick Swayze, US-amerikanesche Schauspiller, Sänger an Dänzer.
- 16. September: Luciano Emmer, italieenesche Filmregisseur an Dréibuchauteur.
- 19. September: Eduard Zimmermann, däitschen Televisiounsmoderator a Sécherheetsexpert.
- 3. Oktober: Reinhard Mohn, däitschen Entreprener.
- 3. Oktober: Jean Pinchon, franséischen Agronom an Administrateur.
- 4. Oktober: Mercedes Sosa, argentinesch Sängerin.
- 7. Oktober: Irving Penn, US-amerikanesche Fotograf.
- 10. Oktober: Raymond Schummer, lëtzebuergesche Ringer an Olympionik.
- 12. Oktober: Frank Vandenbroucke, belsche Vëlossportler.
- 19. Oktober: Michel Schmitt, lëtzebuergesche Geeschtlechen a Kierchenhistoriker.
- 23. Oktober: Guido Zurli, italieenesche Filmregisseur.
- 26. Oktober: Karl Schaifers, däitschen Astronom.
- 27. Oktober: Pierre Doris, franséische Schauspiller a Chansonnier.
- 30. Oktober: Claude Lévi-Strauss, franséischen Anthropolog.
- 5. November: Christian Barbier, franséisch-belsche Schauspiller.
- 8. November: Witali Ginsburg, russesche Physiker an Nobelpräisdréier.
- 12. November: Danielle Godet, franséisch Schauspillerin.
- 12. November: Paul Wendkos, US-amerikanesche Filmregisseur.
- 15. November: Pierre Harmel, belsche Politiker.
- 18. November: Jeanne-Claude, franko-amerikanesch Kënschtlerin.
- 27. November: Jacques Baratier, franséische Filmregisseur.
- 28. November: Tony Kendall, italieenesche Schauspiller.
- 3. Dezember: Richard Todd, brittesche Schauspiller.
- 5. Dezember: Otto Graf Lambsdorff, däitsche Politiker.
- 13. Dezember: Dominique Zardi, franséische Schauspiller, Journalist an Auteur.
- 13. Dezember: Paul Anthony Samuelson, US-amerikaneschen Ekonomist an Nobelpräisdréier.
- 14. Dezember: Nic Klecker, lëtzebuergesche Schrëftsteller a Mënscherechtsaktivist.
- 17. Dezember: Aloyse Raths, lëtzebuergesche Resistenzler.
- 20. Dezember: Hossein Ali Montazeri, iranesche Grouss-Ajatollah.
- 20. Dezember: Brittany Murphy, US-amerikanesch Schauspillerin.
- 23. Dezember: Adri van Westerop, lëtzebuergesch Ëmweltberoderin a Politikerin.
- 24. Dezember: Giulio Bosetti, italieenesche Schauspiller an Theaterregisseur.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: 2009 – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Lettland den 28. Mäerz 2009 op der Websäit vun European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lettland-Lëtzebuerg den 1. Abrëll 2009 op der Websäit vun European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Litauen den 12. August 2009 op der Websäit vun European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Moldawien-Lëtzebuerg de 5. September 2009 op der Websäit vun European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Israel-Lëtzebuerg den 9. September 2009 op der Websäit vun European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Schwäiz den 10. Oktober 2009 op der Websäit vun European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Griicheland-Lëtzebuerg de 14. Oktober 2009 op der Websäit vun European Football
- ↑ D'Detailer vum Foussballlännermatch Lëtzebuerg-Island de 14. November 2009 op der Websäit vun European Football