21. November
Ausgesinn
<< | November | >> | ||||
Mé | Dë | Më | Do | Fr | Sa | So |
1 | 2 | 3 | ||||
4 | 5 | 6 | 7 | 8 | 9 | 10 |
11 | 12 | 13 | 14 | 15 | 16 | 17 |
18 | 19 | 20 | 21 | 22 | 23 | 24 |
25 | 26 | 27 | 28 | 29 | 30 | |
2024 |
Den 21. November ass den 325. Dag (326. am Schaltjoer) vum Joer am Gregorianesche Kalenner.
Evenementer
[änneren | Quelltext änneren]- 1783: Den éischte Waarmloftballon geet zu Paräis an d'Luucht.
- 1793: Frankräich: Schluecht vun Dol-de-Bretagne.
- 1806: Den Napoleon Bonaparte verhänkt eng Kontinentalspär géint Groussbritannien.
- 1852: De Louis-Napoléon Bonaparte rifft sech zum Keeser Napoleon III. vu Frankräich aus
- 1877: Den Thomas Edison annoncéiert d'Erfindung vum éischte Phonograph.
- 1918: Eng 20.000 amerikanesch Besatzungszaldote kommen op Lëtzebuerg.
- 1980: De Gaston Thorn gëtt zum President vun der Europäescher Kommissioun ernannt.
- 1995: Bosnien an Herzegowina: D'Friddensofkommes vun Dayton mécht dem Biergerkrich a Bosnien an Herzegowina en Enn.
Wëssenschaft an Technik
[änneren | Quelltext änneren]Astronomie
[änneren | Quelltext änneren]- 1886: Déi béid US-amerikanesch Astronome Frank Muller an Lewis A. Swift entdecken déi selwecht Spiralgalaxie. Well am Ufank net erkannt gouf, datt et sech ëm de selwechten Objet handelt, gouf d'Galaxie mat zwou Katalognummeren, NGC 17 an NGC 34 agedroe.
- 1886: Den amerikaneschen Astronom Lewis A. Swift entdeckt d'Spiralgalaxie NGC 35.
Sport
[änneren | Quelltext änneren]- 1948: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert an der Stad Lëtzebuerg 1:7 géint Belsch. De Gol fir d'Lëtzebuerger huet de Jean Becker geschoss.[1]
- 1981: Déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp verléiert zu Novi Sad, am Kader vun der Qualifikatioun fir d'Foussball-Weltmeeschterschaft 1982, 0:5 géint Jugoslawien.[2]
Gebuer
[änneren | Quelltext änneren]-
Voltaire
-
René Magritte
-
Björk
- 1694: Voltaire (François-Marie Arouet), franséische Schrëftsteller a Philosoph.
- 1851: Désiré-Joseph Mercier, belschen Theolog, Philosoph a Kardinol.
- 1852: Francisco Tárrega, spuenesche Gittarist a Komponist.
- 1881: Edmond Reiffers, lëtzebuergesche Jurist a Politiker.
- 1898: René Magritte, belsche Moler.
- 1899: Janine Ronceray, franséisch Schauspillerin.
- 1903: Preston Tucker, US-amerikaneschen Autosdesigner a -fabrikant.
- 1904: Coleman Bean Hawkins, US-amerikaneschen Jazz-Museker.
- 1913: Roy Boulting, brittesche Filmproduzent, Dréibuchauteur a Filmregisseur.
- 1920: John Chadwick, brittesche Philolog a Paleograph.
- 1921: Karl Schaifers, däitschen Astronom.
- 1924: Camille Polfer, lëtzebuergesche Professer, Deputéierten a Buergermeeschter vun der Stad Lëtzebuerg
- 1925: Edouard Thibold, lëtzebuergesche Moler a Prehistoriker.
- 1927: Barbara Rütting, däitsch Schauspillerin, Autorin a Politikerin.
- 1937: Bernard Bot, hollännesche Politiker.
- 1939: Jeannot Szwarc, franséische Filmregisseur.
- 1941: Juliet Mills, englesch Schauspillerin.
- 1945: Goldie Hawn, US-amerikanesch Schauspillerin.
- 1949: Alain Meyer, lëtzebuergesche Politiker an Enseignant.
- 1953: René Weller, däitsche Boxer.
- 1954: Claude Birenbaum, lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 1956: Nick Clesen, lëtzebuergesche Politiker.
- 1959: Rol Gelhausen, lëtzebuergeschen Auteur vu Cabaretsprogrammer.
- 1962: Renée Wagener, lëtzebuergesch Journalistin a Politikerin.
- 1965: Björk Guðmundsdóttir, islännesch Musekerin.
- 1975: Laurent Witz, franséischen Animatiounsfilmregisseur a -produzent.
- 1989: Maxime Chanot, franséisch-lëtzebuergesche Foussballspiller.
- 1990: Sacha Pulli, lëtzebuergeschen Handballspiller.
Gestuerwen
[änneren | Quelltext änneren]- 1695: Henry Purcell, englesche Komponist.
- 1811: Heinrich von Kleist, däitschen Dichter a Schrëftsteller.
- 1872: Torgeir Augundsson, norwegesche Museker.
- 1910: Charles Arendt, lëtzebuergeschen Architekt.
- 1916: Franz Joseph I. Keeser vun Éisträich, Apostolesche Kinnek vun Ungarn a Kinnek vu Béimen.
- 1922: Iwan Bloch, däitschen Dermatolog a Sexolog.
- 1979: Maurizio Arena, italieenesche Schauspiller a Filmregisseur.
- 1979: Marcel Langsam, lëtzebuergeschen Turner a Konschtschmadd.
- 1980: Walter Rilla, däitsche Schauspiller, Filmregisseur an Dréibuchauteur.
- 1993: Bruno Rossi, italieeneschen Astrophysiker an Astronom.
- 2000: Harald Leipnitz, däitsche Schauspiller.
- 2017: Peter Berling, däitsche Filmschauspiller, an Auteur.
- 2017: David Cassidy, US-amerikanesche Schauspiller a Sänger.
Feierdeeg
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: 21. November – Biller, Videoen oder Audiodateien |