(221) Eos

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) 221 Eos)
(221) Eos
Eegenschafte vum Orbit
Orbittyp Haaptceintureasteroid
Eos-Asteroiden
Bezuchspositioun Equinoxe: J2000.0
Grouss Hallefachs 3,012 A.E.
Exzentrizitéit 0,103
Sideresch Ëmlafzäit 5 Joer 83 Deeg
Mëttel Bunnvitess 17,162 km/s
Inklinatioun 10,888 Grad
Physikalesch Eegenschaften
Duerchmiesser 104 km
Rotatiounsperiod 10 h 20 min
Albedo 0,140
Absolut Hellegkeet 7,67M
Spektralklass S
Entdeckung
Entdecker Johann Palisa
Entdeckungsdatum 18. Januar 1882
Plaz Wien


Den (221) Eos ass een Asteroid vun der baussenzeger Haaptasteroidenceinture, deen den 18. Januar 1882 vum Johann Palisa am Universitéits-Observatoire zu Wien entdeckt gouf.

Den Himmelskierper krut den Numm vun der Eos, Gëttin vum Sonnenopgang aus der griichescher Mythologie.

Den Eos beweegt sech an engem Ofstand vun 2,701 (Perihel) bis 3,322 (Aphel) astronomeschen Eenheeten an 5,227 Joer ëm d'Sonn. D'Bunn ass 10,9° géint d'Ekliptik gebéit, d'Bunnexzentrizitéit ass 0,103.

Den Eos huet en Duerchmiesser vun 104 Kilometer. Hien huet eng relativ hell, silikaträich Fläch mat enger Albedo vun 0,140. A ronn 10 Stonnen a 26 Minutte rotéiert den Asteroid ëm seng eegen Achs.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]