22P/Kopff
Ausgesinn
| 22P/Kopff | |
|---|---|
| Orbittyp | Kuerzperiodesch |
| Grouss Hallefachs | 3,463 |
| Perihel | 1,578 AE |
| Aphel | 5,348 AE |
| Numeresch Exzentrizitéit | 0.544 |
| Bunnschréi | 4,724 Grad |
| Ëmlafdauer | 6 a 162 d |
| Albedo | 0,05 ± 0,01 |
| Physikalesch Eegenschafte vum Kär | |
| Duerchmiesser | (3,0 ± 0,4) km |
| Entdeckung | |
| Entdecker | August Kopff |
| Entdeckungsdatum | 23. August 1906 |
| Aner Bezeechnungen | 1906 IV, 1906e |
Den 22P/Kopff ass e kuerzperiodesche Koméit, deen den 23. August 1906 vum August Kopff zu Heidelberg entdeckt gouf. De Komét gouf 1912/1913 net observéiert, awer zanter 1919 bei all Perihelduerchgank. E Rendez-vous mam Planéit Jupiter am Joer 1954 huet seng Fluchbunn verännert an d'Ëmlafzäit ëm d'Sonn verkierzt.