Op den Inhalt sprangen

24-Stonne vu Le Mans

Vu Wikipedia
Dëse Sportsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Zwee Bugatti (N° 29 an 28) an ee Montier Special bei der éischter Editioun 1923
De Ferrari 499P vun der Ekipp Ferrari AF Corse, Gewënner vun 2024

D'24-Stonne vu Le Mans ass eng Laangstrecken-Autoscourse iwwer 24 Stonnen, déi am Juni (gemenkerhand an der véieranzwanzegster Woch vum Joer) ofgehale gëtt. D'Course gëtt vum Automobile Club de l'Ouest organiséiert a fiert iwwer de Circuit des 24 Heures, südlech vu Le Mans am franséischen Departement Sarthe. D'Course gëtt zënter 1923 ofgehalen an zielt nieft dem Grand Prix de Monaco an der Indianapolis 500 zu den dräi prestigiéiste Courssen op der Welt.

Iwwer d'Jore sinn änlech Courssen uechter d'Welt entstanen, déi sech un de 24-Stonne vu Le Mans inspiréiert hunn. Dozou zielen absënns d'24-Stonnen zu Daytona, um Nürburgring an zu Spa-Francorchamps.

2012 huet déi amerikanesch National Geographic Society d'Course vu Le Mans op der éischter Plaz vun de Sportsevenementer op der Welt klasséiert. Zënter dem selwechte Joer gehéiert d'Course zur FIA-Laangstrecken-Weltmeeschterschaft.

Am Joer 1920 huet de Georges Durand, de Generalsekretär vum Automobile Club de l'Ouest, sech fir d'Organisatioun vun engem Concours agesat, fir zum technesche Fortschrëtt bäizedroen an de Wuesstem vum Automobil ze fërderen, andeems d'Autosconstructeuren d'Zouverlässegkeet an den Entwécklungsstand vun hire Gefierer virstelle kéinten.

Op der éischter Editioun de 26. a 27. Mee 1923 sinn dräianzwanzeg Ekippe matgefuer. An all Auto sinn zwee Pilote gefuer, déi sech Dag an Nuecht ofgewiesselt hunn. D'Course gouf vum André Lagache an dem René Léonard an engem Chenard & Walcker gewonnen. Si sinn 128 Ronne mat enger Duerchschnëttsvitess vun 92,064 km/h gefuer.

De Circuit zënter 2018

Den urspréngleche Circuit hat eng Längt vu 17,262 km. Am Laf vun de Jore gouf et eng Rëtsch Upassungen an zënter 2018 ass de Circuit a senger 15. Variant 13,626 km laang. E leeft deels iwwer de Circuit Bugatti an eng grouss Partie iwwer Stroossen, déi baussent der Course fir den normale Verkéier op sinn.

Déidlech Accidenter vu Piloten

[änneren | Quelltext änneren]

Tëscht dem éischten déidlechen Accident am Joer 1925 an dem leschten (2013) sinn 22 Piloten ëm d'Liewe komm(Stand: 2025): 1 baussent dem Circuit, 1 beim Training, 1 an der Prequalifikatioun, 3 bei Essaien a 16 wärend der Course.

Katastroph vun 1955

[änneren | Quelltext änneren]

Den 11. Juni 1955 gouf et déi bis elo gréisst Katastroph am Motorsport, wéi Deeler vum Fransous Pierre Levegh sengem Mercedes-Benz 300 SLR no enger Kollisioun op der leschter Ligne droite an d'Tribün geschleidert goufen. Mam Levegh sinn am Ganze 84 Leit beim Accident ëm d'Liewe komm. D'Ursaach war, datt de Jaguar-Pilot Mike Hawthorn, de méi luesen Austin-Healey vum Lance Macklin lénks iwwerholl huet, an dunn op eemol no riets gezunn an haart gebremst huet, fir e Boxestopp ze maachen. De Macklin, de geschnidde gouf, huet missen no lénks auswäichen, huet awer net gesinn, datt de Levegh mat héijer Vitess vun hannen erbäi koum a konnt dofir net reagéieren.

D'Course ass trotz dem Accident virugaangen. Offiziell housch et, et hätt ee verhënnere wollten, datt déi ronn 250.000 Spectateure fortgaangen an domat d'Weeër vun de Secouriste verspaart hätten.

Den Hawthorn ass och no sengem Boxestopp virugefuer, obwuel hien den Ausléiser vun der Katastroph war. Hien huet d'Course zesumme mat sengem Teamkolleeg Ivor Bueb gewonnen.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: fr:24_Heures_du_Mans#Palmarès.

 Commons: 24-Stonne vu Le Mans – Biller, Videoen oder Audiodateien