26P/Grigg-Skjellerup

Vu Wikipedia
26P/Grigg-Skjellerup
153P/Ikeya-Zhang
Orbittyp kuerzperiodesch
Grouss Hallefachs 2,965
Perihel 0,997 AE
Aphel 4,933 AE
Numeresch Exzentrizitéit 0.664
Bunnschréi 21,087 Grad
Perihelduerchgank 23. Mäerz 2008
Ëmlafdauer 5 a 38 d
Ëmlafvitess 38,48 km/s
Physikalesch Eegenschafte vum Kär
Entdecker J. Grigg, J. F. Skjellerup
Entdeckungsdatum 23. Juli 1902
Aner Bezeechnungen 1902 II, 1922 I

Den 26P/Grigg-Skjellerup ass e Koméit, deen 1992 als zweet Zil vun der Giotto-Sond vun der ESA op nëmmen 200 km Distanz passéiert gouf.

De Koméit gouf nom neiséilännesche Schoulmeeschter John Grigg an dem australeschen Telegraphentechniker John Francis Skjellerup genannt. De Grigg hat de Koméit den 23. Juli 1902 fir d'éischt entdeckt; de Skjellerup hat hien am Mee 1922 vun enger Observatiounsplaz a Südafrika nei entdeckt.

De Grigg-Skjellerup ass d'Quell vum Pi-Puppiden-Meteorstroum, deen op der Südhallefkugel vun der Äerd ëm den 23. Abrëll observéiert ka ginn. An dësem gouf 2003 en neit Mineral entdeckt, dat zu Éiere vum Astronom a Planéitefuerscher Donald E. Brownlee den Numm Brownleeit krut.

Den nächste Perihel vum Koméit Grigg-Skjellerup ass den 1. Oktober 2018

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]