Nénganzwanzeg
| 29 | |
|---|---|
| Nénganzwanzeg | |
|
| |
| positiv ganz Zuel, Primzuel, ongerued Zuel | |
| Virgänger | Aachtanzwanzeg |
| Nofollger | Drësseg |
| Ordinalzuel | nénganzwanzegst |
| Eegenschaften | |
| Primfacteur(en) | 29 |
| Deeler | 1, 29 |
| Zuel vun Dezimalzifferen | 2 |
| Aner Duerstellungen | |
| Réimesch | XXIX |
| Binär | 11101 |
| Oktal | 35 |
| Duodezimal | 25 |
| Hexadezimal | 1D |
|
| |
Déi natierlech Zuel Nénganzwanzeg (29) ass d'Nofollgerin vun der Aachtanzwanzeg an d'Virgängerin vun der Drësseg. Et ass eng ongerued Zuel.
Dat réimescht Zeeche fir d'Nénganzwanzeg ass XXIX.
Et ass eng Primzuel.
Mathematik
[änneren | Quelltext änneren]D'Nénganzwanzeg ass déi zéngt Primzuel. Si bilt e Primzuelenzwilling zesumme mat der Eenandrësseg. D'Nénganzwanzeg ass och déi sechst Sophie-Germain-Primzuel.[1] Si ass déi klengst Primzuel, déi d'Zomm vun dräi Quadrater ass, déi hannertenee kommen: .
D'Nénganzwanzeg ass eng Lucas-Primzuel,[2] eng Pell-Primzuel,[3] an eng Tetranacci-Zuel.[4] Si ass eng Eisenstein-Primzuel ouni Imaginärdeel a mat dem Realdeel vun der Form 3n − 1. D'29 ass och déi zéngt supersingulär Primzuel.[5]
Keng vun deen éischten 29 natierlechen Zuelen huet méi wéi zwee verschidde Primfacteuren. Dat ass déi längst Folleg vu konsekutiven Zuele mat dëser Eegenschaft.
D'29 ass eng Markoff-Zuel.
D'29 ass no der 12, 17 an 22 déi nächst Perrin-Zuel.[6]
Naturwëssenschaft
[änneren | Quelltext änneren]- Am Periodesystem vun den Elementer an der Chimie ass d'Nénganzwanzeg d'Uerdnungszuel vum Koffer.
- De Moundmount dauert ongeféier 29,5 Deeg.
- De Saturn-Joer dauert ongeféier 29,5 Joer.
- De Mount Februar huet an engem Schaltjoer 29 Deeg.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Nénganzwanzeg – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ A005384 - OEIS. oeis.org. Gekuckt den 12.10.2025.
- ↑ A005479 - OEIS. oeis.org. Gekuckt den 12.10.2025.
- ↑ A086383 - OEIS. oeis.org. Gekuckt den 12.10.2025.
- ↑ A000078 - OEIS. oeis.org. Gekuckt den 12.10.2025.
- ↑ A002267 - OEIS. oeis.org. Gekuckt den 12.10.2025.
- ↑ A001608 - OEIS. oeis.org. Gekuckt den 12.10.2025.
