(323) Brucia

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) 323 Brucia)
(323) Brucia
Eegenschafte vum Orbit
Orbittyp Haaptasteroidenceinture
Bezuchspositioun Equinoxe: J2000.0
Grouss Hallefachs 2,3826 A.E.
Exzentrizitéit 0,3012
Sideresch Ëmlafzäit 3,679 Joer
Inklinatioun 24,2334 Grad
Physikalesch Eegenschaften
Duerchmiesser 35,82 ± 1,7 km
Rotatiounsperiod 9,460 h
Albedo 0,176
Absolut Hellegkeet 9,73M
Spektralklass S-Typ
Entdeckung
Entdecker Max Wolf
Entdeckungsdatum 22. Dezember 1891
Plaz Landesobservatoire Heidelberg-Königstuhl
Aner Bezeechnungen 1934 JC, A923 JA


Den (323) Brucia ass en Asteroid vun der Haaptasteroidenceinture, deen den 22. Dezember 1891 vum däitschen Astronom Max Wolf entdeckt gouf.
De Brucia war den éischten Asteroid, deen op fotografeschem Wee entdeckt gouf. Den Himmelskierper gouf zu Éiere vun der Catherine Wolfe Bruce, enger Wëssenschaftlerin a Sponsorin vum Observatoire Heidelberg, genannt.

De Brucia beweegt sech op engem Ofstand vun 1,6649 (Perihel) bis 3,1003 (Aphel) astronomesch Eenheeten an 3,679 Joer op enger exzentrescher Bunn ëm d'Sonn. D'Bunn ass mat 24,2334° staark géint d'Ekliptik gekrëmmt. D'Bunnexzentrizitéit ass 0,3012.

De Brucia huet en Duerchmiesser vu ronn 36 Kilometer. Den Asteroid huet eng relativ hell, silikathalteg Uewerfläch mat enger Albedo vun 0,176.
Hie rotéiert a 9 Stonnen an 28 Minutten eemol ëm seng eegen Achs.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie