352 Luxembourg News

Vu Wikipedia

352 Luxembourg News war eng lëtzebuergesch Zäitschrëft, déi tëscht September 2003 a Januar 2009 eemol d'Woch erauskoum. Se gouf vun der New Media Group sàrl erausginn; Editeur war de Pol Wirtz. New Media Group gouf uganks Januar 2009 fir faillite erkläert.[1]

Den Ënnertitel "Independent weekly information for the international community" gëtt d'Zilpublikum un: Auslänner, déi zu Lëtzebuerg wunnen, an déi éischter am Engleschen doheem sinn. D'Zeitung war dann och ganz op Englesch geschriwwen. Déi éischt puer Säite goufen en Iwwerbléck iwwer déi wichtegst Theemen, déi an deenen Deeg virdrun zu Lëtzebuerg d'Aktualitéit bestëmmt haten, duerno koum Reportagen, e Manifestatiounskalenner, Kulturkritiken, Lieserbréiwer a Meenungen, Annoncen, asw.

D'Recettë koumen zu 95 % aus der Publicitéit an zu 5 % aus Abonnementer a dem Verkaf an den Zeitungsbutteker. Staatlech Pressehëllef gouf et keng, well d'Konditiounen dofir net erfëllt waren.

D'Nofollgerzeitung 352LuxMag konnt sech och knapps zwee Joer halen.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Tageblatt, 7. Januar 2009, S. 40