47 Ursae Majoris

Vu Wikipedia
47 Ursae Majoris
Chalawan
Positioun vum Chalawan zu Psi Ursae Majoris.
Stärebild: Ursa Major (UMa)
Daten
Equinoxe J2000.0
Rektaszensioun 10h}} 59m 27,974s [1]
Deklinatioun + 40° 25' 48,92"
visuell Magnitude + 5,1 mag[1]
Spektralklass: G1 V[1]
verännerleche Stärtyp
Astrometrie
Radialvitess: (+12,6 ± 0,9) km/s[1]
Parallax (71,11 ± 0,25) mas[2]
Distanz (45,87 ± 0,16) Lj[2]
Absolut Hellegkeet zirka +4,3 mag
Physikalesch Eegenschaften
Mass: ≈ 1 M☉
Radius: zirka 1,3 R☉
Liichtkraaft: zirka 1,5 L☉
Uewerflächentemperatur 5855 K
Alter: zirka 6 x 109
Aner Bezeechnungen
Bonner Duerchmusterung BD +41° 2147
Bright Star Catalogue HR 4277
Flamsteed-Bezeechnung 47 Ursae Majoris
FK5 1282
Gliese-Katalog GJ 407
Henry-Draper-Katalog HD 95128
Hipparcos-Katalog HIP 53721
SAO-Katalog SAO 43557
Tycho-Katalog TYC 3009/2703/1
Weider Katalogen

De 47 Ursae Majoris, (ofgekierzt: 47 UMa) oder Chalawan ass e Gielen Zwerg d'selwecht wéi eis Sonn. Hie läit ronn 46 Liichtjoer vun eis ewech am Stärebild Ursa Major. De Stär huet e Planéitesystem, dat nobewisen aus dräi Exoplanéite besteet.

Den Numm Chalawan[änneren | Quelltext änneren]

D'Ufanksbezeechnung vum Stär war 47 Ursae Majoris. No engem ëffentleche Concours vun der I.A.U. krut de Stär de 15. Dezember 2015 den offiziellen Numm "Chalawan" no engem Krokodilkinnek aus der Mythologie vum thailännesche Volleksglawen.

Distanz a Visualitéit[änneren | Quelltext änneren]

De Chalawan ass relativ no bei eisem Sonnesystem. Wéinst der astrometrescher Parallaxemiessung duerch den Hipparcos-Satellit, déi eng Parallax vun zirka 71 Millibousekonne ginn huet, läit de Stär op enger Distanz vun ongeféier 14,1 Parsec.[3] Well de Stär eng visuell Magnitude vu 5,1 huet, ass et ënner gudde Bedéngunge méiglech, de Stär mat bloussem A um Nuetshimmel ze gesinn.

Stellar Eegenschaften[änneren | Quelltext änneren]

D'Mass vum Chalawan ass ongeféier sou grouss wéi déi vun der Sonn, allerdéngs huet de Stär ronn 10 % méi Eisen wéi eis Sonn. De Spektraltyp vum Chalawan ass G1V, woufir hie mat knapps 5855 K Uewerflächentemperatur[4] e bëssi méi waarm ass wéi d'Sonn. Déi absolut Hellegkeet ass +4,29 Gréisseklass. Dat bedeit, datt seng Liichtkraaft ongeféier 60 % méi grouss ass wéi déi vun der Sonn. Genee wéi d'Sonn läit de Chalawan op der Haaptrei am HR-Diagramm. Hie wandelt a sengem Kär, duerch Kärfusioun also Waasserstoff zu Helium ëm. Wéinst der Chromosphärenaktivitéit gëtt geschat, datt de Stär knapps 6 Milliarde Joer al ass, obwuel evolutionär Modeller en Alter vun 8,7 Milliarde Joer erginn haten.[5]

Planéitesystem[änneren | Quelltext änneren]

D'Ëmlafbunne vun de Planéite vum Chalawan (schwaarz) an am Sonnesystem (blo) am Verglach

Am Joer 1996 haten déi béid amerikanesch Astronomen Geoffrey Marcy an R. Paul Butler nogewisen, datt de Chalawan vun engem Planéit ëmkreest gëtt. D'Entdeckung baséiert op Miessunge vun der Radialvitess vum Stär, dee vun ëmkreesende Planéite liicht beaflosst gëtt. D'Miessunge goufe mam Dopplereffekt am Spektrum vum Stär virgeholl. De Planéit mat eppes méi wéi zweeanhalleffacher Jupitermass krut d'Bezeechnung Taphao Thong a kreest eemol a ronn 1078 Deeg ëm säin Zentralstär.

En zweete Planéit, genannt Taphao Kaew, gouf 2001 vum Debra Fischer, Geoffrey Marcy an dem R. Paul Butler nees mat der Radialvitessmethod entdeckt. Hie brauch fir een Ëmlafronn 2391 Deeg an huet ongeféier d'hallschent vun der Jupitermass.

Déi béid Planéite sinn an enger änlecher Konfiguratioun wéi de Jupiter an de Saturn an eisem Sonnesystem. D'Verhältnes vun den Ëmlafzäite läit a béide Systemer bei zirka 5:2, an d'Masseverhältnes ass och identesch. Déi méi kleng Gréisstenuerdnung an déi méi gréisser Massen implizéieren zudeem, datt tëscht de béide Planéite méi staark géigesäiteg gravitativ Beaflossunge geschéien, wéi tëscht dem Saturn an dem Jupiter. Dorop gëtt ugeholl, datt déi real Masse vun de Planéiten net vill méi grouss kënne sinn, wéi déi duerch d'Radialvitessmiessunge bestëmmte Minimalmoossen.

Duerch weider Analyse vun de Radialvitessdate vum Stär mat Hëllef vun der Bayesscher Statistik huet de Philip C. Gregory an den Debra Fischer am Joer 2010 d'Entdeckung vun engem drëtte Planéit bekannt gemaach, 47 Ursae Majoris d. Hie läit däitlech méi wäit vu sengem seinem Zentralstär ewech (zirka 11,6 AE) a brauch fir en Ëmlaf ronn 38 Joer. Seng Mindestmass entsprécht der 1,6-facher Jupitermass.

Simulatiounen erginn, datt am bannenzege Beräich vun der habitabler Zon (d'Zon ëm e Stär, wou Liewen existéiere kéint) vum Chalawan e Gestengsplanéit op enger stabiler Ëmlafbunn existéiere kéint. D'Presenz vun engem Gasris bannenzeg vun enger Distanz vun 2,5 AEvum Stär dierft eigentlech d'Formatioun vu Planéiten a vu Waasservirkomme gestéiert hunn. Verschidde Planéiten an der habitabler Zon vum Chalawan sinn dofir warscheinlech kleng an dréchen.

Planéitesystem vum Chalawan

Planéit
(no der Distanz vum Stär)
Entdeckung
(Joer)
Masse
(in M)
Ëmlafzäit
(an Deeg)
Grouss Hallefachs
(an A.E.)
Exzentrizitéit
Taphao Thong 1996 2,53+0,07−0,06 1078 ± 2 2,100 ± 0,02 0,032 ± 0,014
Taphao Kaew 2001 0,540+0,066−0,073 2391+100−87 3,6 ± 0,1 0,098+0,047−0,096
47 Ursae Majoris d 2010 1,64+0,29−0,48 14002+4018−5095 11,6+2,1−2,9 0,16+0,09−0,16

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: 47 Ursae Majoris – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 1,2 1,3 SIMBAD-Datenbank
  2. 2,0 2,1 Hipparcos-Katalog
  3. HIP 53721 Der Hipparcos und Tychokatalog. ESA (1997). (22. Juli 2006)
  4. R. Butler et al.: Catalog of Nearby Exoplanets. In: The Astrophysical Journal. Band 646, 2006, S. 505–522.
  5. C. Saffe et al.: On the Ages of Exoplanet Host Stars. In: Astronomy and Astrophysics. Band 443, Nr. 2, 2005, S. 609–626.