Fënnef
| 5 | |
|---|---|
| Fënnef | |
|
| |
| Primzuel, positiv ganz Zuel, ongerued Zuel, Fënnefeckzuel, Fibonacci-Zuel, Harshad-Zuel | |
| Virgänger | Véier |
| Nofollger | Sechs |
| Ordinalzuel | fënneft |
| Eegenschaften | |
| Primfacteur(en) | 5 |
| Deeler | 1, 5 |
| Zuel vun Dezimalzifferen | 1 |
| Aner Duerstellungen | |
| Réimesch | V |
| Binär | 101 |
| Oktal | 5 |
| Duodezimal | 5 |
| Hexadezimal | 5 |
|
| |
Déi natierlech Zuel Fënnef (5) ass d'Nofollgerin vun der Véier an d'Virgängerin vun der Sechs.
Mathematik
[änneren | Quelltext änneren]D'Fënnef ass eng Kardinalzuel, eng Primzuel a si ass ongerued.
Dat réimescht Zeeche fir d'Fënnef ass V.

E Pentagon (vum algriicheschen πεντάγωνος pentágōnos), ass eng geometresch Figur. Et gehéiert zu der Grupp vun de Polygone a gëtt duerch fënnef Punkte definéiert.
Naturwëssenschaft
[änneren | Quelltext änneren]
Am Periodesystem vun den Elementer an der Chimie ass d'Fënnef d'Uerdnungszuel vum Bor. Déi 5. Grupp vum Periodesystem (och nach Vanadiumgrupp genannt), ass déi 5. Grupp (Kolonn) vum Periodesystem vun den Elementer. Pentan oder n-Pentan ass en aliphatesche Kuelewaasserstoff, deen zu der Famill vun den Alkane gehéiert. Et ass ee vun den dräi Isomeren aus der Grupp vun de Pentanen, déi nach aus Isopentan a Neopentan besteet.
De Messier 5 (M5) (och NGC 5904) ass e Kugelstärekoup am Stärebild Serpens. Den NGC 5 ass eng elliptesch Galaxie am Stärebild Andromeda. D'Quintett vum Stephan ass eng Grupp vu fënnef Galaxien am Stärebild Pegasus, déi 1876 vum franséischen Astronom Édouard Jean-Marie Stephan entdeckt goufen. De Palomar 5 (kuerz: Pal 5) ass e Kugelstärekoup am Stärebild Serpens.
Aneres
[änneren | Quelltext änneren]Dat griichescht Wuert fir fënnef (pente) fënnt een a frieme Wierder wéi Pentagon (Fënnefeck), Pentagramm (fënnefeckege Stär) oder Pentateuch (Fënnef Bicher vum Moses) an an den Nimm vu verschiddene chemesche Verbindungen wéi Pentan.
D'Verflechtung vun de fënnef Olympesche Réng symboliséiert d'Gesamtheet vun der olympescher Iddi an d'Vereenegung vun de fënnef Kontinenter déi doduerch entsteet, grad ewéi d'Zesummekomme vun Athleeten aus alle Länner.
D'Pentatech besteet aus de sougenannte fënnef Bicher vum Moses: Genesis, Exodus, Levitikus, Numeri an Deuteronomium. Déi 5 Bicher sinn och d'Basis vum Alen Testament.
De fënneffache Muerd um Wandhaff war e Muerdfall am Summer 1945 um Wandhaff bei Welschent (Gemeng Buerschent). Dem Christophe Wagner säi Film Eng nei Zäit (Samsa Film, 2015) gräift dëse Muerdfall a fiktionaliséierter Form op).[1]

E Museksensembel mat fënnef Instrumenter oder fënnef Persounen ass e Quintett. Eng bekannt Quintettkompositioun ass de Forellenquintett vum Franz Schubert.
D'Fënneft Republik (fr: Cinquième République) ass de republikanesche Regime, deen a Frankräich zanter dem 5. Oktober 1958 a Kraaft ass. Si ass d'Nofollgerin vun der Véierter Republik, déi 1946 agefouert gi war.
D'Nationalstrooss 5 oder N5, och „Escher Strooss“ genannt, ass eng lëtzebuergesch Nationalstrooss. Si féiert vu Lëtzebuerg op Rodange a vun do weider a Frankräich.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Fënnef – Biller, Videoen oder Audiodateien |
