Haaptsäit

Vu Wikipedia

Jidderee kann hei matmaachen - och Dir!

Hëlleft mat, Artikelen ze schreiwen, ze verbesseren oder auszebauen: Moien un eis nei Mataarbechter - Éischt Schrëtt - Lëtzebuergesch schreiwen?
Abléckleche WikiProjet: Nei Schreifweis 2019.

Artikel vun der Woch

Eng Arborloo op Haiti
Eng Arborloo op Haiti

Eng Arborloo ass eng einfach an ekologesch Toilette, déi een an Entwécklungslänner fënnt. Si besteet aus engem Lach, dat an de Buedem gegruewen ass an dat mat enger Plack oder engem Briet zougedeckt ass, an aus engem Opbau als Siichtschutz. Duerch e Lach an der Plack oder am Briet falen d'Exkrementer an d'Lach, a wann et voll ass gëtt e jonke Bam dra geplanzt.

Dës Zort Toilette gouf an den 1990er Joren am Simbabwe erfonnt an huet sech schnell an de ländleche Regiounen an anere waarme Länner verbreet, virun allem am Süden an am Oste vun Afrika an an der Karibik. D'Einfachheet, den niddrege Präis an déi sanitär a wirtschaftlech Virdeeler vun där Toilette hunn dozou bäigedroen, datt si vun Netregierungsorganisatiounen och an aneren afrikanesche Länner agefouert ginn ass.

Den Numm Arborloo kënnt vun "arbor", dem laténgesche Wuert fir Bam, a "loo", dem englesche Wuert fir Toilette, eng Bamtoilette deemno... > Méi

Aner Artikele vun der Woch

Wousst Dir schonn datt...

  • ... der UNESCO no e Buch op d'mannst 49 Säiten (ouni den Deckel) muss hunn?
  • ... deen éischte lëtzebuergesche Geldschäin 1856 vun enger privater Bank erausgi gouf, nämlech der BIL?
  • ... de Basiliscus plumifrons, eng Eidechsenaart, op Franséisch och lézard Jésus-Christ genannt gëtt, well en, fir senge Feinden z'entkommen, op den hënneschte Patten iwwer d'Waasser lafe kann?
  • ... d'Dräikinneksgaass an der Stad Lëtzebuerg sou genannt gëtt, well et do eng Bäckerei gouf, déi e Bild vun den Dräi Kinneken iwwer der Dier hänken hat?

Archiv

Op engem 16. Abrëll

Net den Datum vun haut? Klickt hei fir Äre Cache eidel ze maachen oder mellt Iech un!
Méi iwwer: ... de 16. Abrëll...soss en Dag2024
Archiv

Kierzlech Verstuerwener

Barbara Rush
Barbara Rush
Éischter am Joer - änneren

E Bléck op...

Wantermueren vum Dominique Lang,
gebuer virun 150 Joer, de 15. Abrëll 1874.
Archiv

Aner Wikimediaprojeten

Meta-Wiki Meta-Wiki – Koordinatioun    Commons Commons – Medien    Wiktionary Wiktionnaire – Dictionnaire    Wikibooks Wikibooks – Wierker    Wikiquote Wikiquote – Zitater    Wikiversity Wikiversity – Léierplattform    Wikisource Wikisource – Quellen    Wikinews Wikinews – Noriichten   Wikidata Wikidata – Wëssensdatebank    Wikivoyage Wikivoyage – Reeseguide    MediaWiki MediaWiki – MediaWiki-Software    Wikispecies Wikispecies – Datebank fir all d'Liewewiesen