Op den Inhalt sprangen

Associatioun vun de Lëtzebuerger Bibliothekären, Archivisten an Dokumentalisten

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) A.L.B.A.D.)
Associatioun vun de Lëtzebuerger Bibliothekären, Archivisten an Dokumentalisten
Rechtsform Association sans but lucratif
Grënnungsdatum 16. Dezember 1991
Sëtz Ettelbréck
  45, rue Dr Klein
Presidentin Estelle Beck[1]
Generalsekretärin Nicole Moujon
Sekretär Bernard Linster
Member vu(n) International Federation of Library Associations and Institutions, European Bureau of Library, Information and Documentation Associations
RCS F3048
Websäit http://www.albad.lu/

D'Associatioun vun de Lëtzebuerger Bibliothekären, Archivisten an Dokumentalisten[sic], ass eng lëtzebuergesch ASBL déi de 16. Dezember 1991 ënner dem Numm Association Luxembourgeoise des Bibliothécaires, Archivistes et Documentalistes gegrënnt gouf; d'Statute goufen de 6. August 1996 am Memorial C – N°377 publizéiert[2]. Zu hire Membere gehéiert och d'Nationalarchiv.

Zu den Ziler vun der Associatioun gehéieren ë. a.:

  • d'Ënnerstëtzung vun den Interesse vum Beruff vun de Bibliothekären, Archivisten an Dokumentalisten;
  • d'Ausbilden an eng berufflech Weiderbildung fir hir Membere bidden;
  • d'Bibliothéikswëssenschaft, d'Archivwëssenschaft an d'Dokumentatiounstechniken z'entwéckelen.

Enn Mäerz 2009 gouf an enger aussergewéinlecher Generalversammlung eestëmmeg decidéiert, den Numm op Lëtzebuergesch z'änneren[3], fir dem Dilemma am Fall vun engem däitschen an / oder franséischen Numm aus dem Wee ze goen. D'Ofkierzung ALBAD konnt op déi Manéier bäibehale ginn.

D'ALBAD, an d'Lëtzebuerger Nationalbibliothéik sinn déi eenzeg lëtzebuergesch Membere vun der IFLA, der International Federation of Library Associations.

D'Presidentin ass zënter 2020 d'Estelle Beck; virdru war de Jean-Marie Reding de President.

D'ALBAD vergëtt all 5 Joer den ALBAD-Präis.

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. (fr) Accueil. ALBAD. Gekuckt de 15.10.2025.
  2. Archive copy Archivéiert de 26.06.2007. Gekuckt den 08.01.2009.
  3. Ännerung den 23. Mäerz 2009 am Handelsregëster ënnert der RCSL-Nummer F3048 agedroen