Joseph Jean Pierre Laurent

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) A. Laurent)
Joseph Jean Pierre Laurent
Gebuer 31. Januar 1823
Bagnols-sur-Cèze
Gestuerwen 4. Mäerz 1900
Marseille
Nationalitéit Frankräich
Aktivitéit Astronom, Chimist

De Joseph Jean Pierre Laurent, och bekannt als A. Laurent, war e franséischen Amateurastronom.

De Laurent huet den 22. Januar 1858 den Asteroid (51) Nemausa entdeckt.[1]

Hien huet soss keen Asteroid méi entdeckt an et ass och wéineg iwwer hie bekannt. Vum Astronom Benjamin Valz, Direkter vum Observatoire vu Marseille, gouf de Laurent als "élève distingué de l'école marseillaise" ("ausgezeechente Student vun der Marseiller Schoul") beschriwwen,[2] a vu sengem Nofollger, dem Édouard Stephan als "jeune homme très habile" ("qualifizéierte jonke Mann").[3] Als seng offiziell Aarbecht gëtt "contrôleur au bureau de garantie" genannt, sou hunn d'Astronomen hien als "Amateur" bezeechent.[2].[4]

Den Asteroid Nemausa gouf an engem Privatobservatoire zu Nîmes entdeckt, deen zu engem Haus gehéiert huet an deem virdrun de Benjamin Valz gewunnt huet. De Valz gouf Direkter vum Observatoire vu Marseille an hat säin Haus dem Laurent uvertraut. D'Haus an der Rue Nationale 32 huet haut eng Gedenkplack, déi un d'Entdeckung erënnert.[5]

Fir seng Entdeckung gouf de Laurent 1858 zesumme mat aneren Asteroiden- a Koméitenentdecker, (Goldschmidt, Searle, Tuttle, Winnecke an Donati) mam Lalande-Präis ausgezeechent.[6]

Him zu Éiere gouf een am Joer 1876 vum Prosper Mathieu Henry entdeckten Asteroid (162) Laurentia genannt.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Lutz D. Schmadel: Dictionary of minor planet names (5. Oplo), Springer, Berlin Heidelberg 2003, (en) S. 20
  2. 2,0 2,1 Cosmos. Revue encyclopédique hebdomadaire des progrès des sciences Band 12, Februar/Mäerz 1858, (fr) S. 197
  3. Édouard Stephan: (fr) http://www.oamp.fr/patrimoine/stephan2.html | wayback=20120619191720 | text=L'Observatoire de Marseille (seconde partie: histoire depuis la Révolution)}} in: Encyclopédie départementale des Bouches du Rhône Band 6, Marseille 1914
  4. Joseph Johann von Littrow, Karl Ludwig von Littrow: Die Wunder des Himmels, oder gemeinfassliche Darstellung des Weltsystemes (5. Oplo), Gustav Weise, Stuttgart 1866, S. 400
  5. (fr) Extrait. Histoire de la ville de Nîmes. Par Adolphe Pieyre, 1886. Découverte de Nemausa op nemausensis.com; mat Foto vun der Gedenktafel)
  6. Compte rendu des séances de l'Académie des sciences Band 48, Mäerz 1859, S. 485–487 an (fr) S. 638