AIDA Cruises

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
D'AIDAcara mat dem fir AIDA-Schëffer typeschen Ustrach
Dat neit Flaggschëff AIDAdiva

AIDA Cruises ass eng Reederei mat Sëtz zu Rostock. Als Duechtergesellschaft vun der Costa Crociere S.p.A. gehéiert si zu den elo zwielef Croisièresgesellschafte vun der Carnival Corporation & plc.

AIDA ass net d'Bezeechnung vun engem eenzele Croisièresschëff, mä déi iwwergräifend Bezeechnung vun enger ganzer Flott vu Schëffer.

D'Entreprise[änneren | Quelltext änneren]

D'Entreprise AIDA Cruises (virdru Seetours) ass an Däitschland féierend, wat d'Ugeboter vu Croisièren ugeet. Am Joer 2006 goufe vun hir 239.000 Passagéier transportéiert; den Ëmsaz huet zirka 408 Milliounen Euro erreecht, wat engem Maartundeel vu 35 % entsprécht. AIDA Cruises beschäftegt neierdengs 2.400 Persounen aus 25 Länner. Dovun si ronn 2.000 Persounen u Bord vun de Schëffer a 400 u Land beschäftegt.

Am Joer 2000 huet d'P&O Princess Cruises eng Majoritéit vun 51 % um Kapital vun der Entreprise Seetours iwwerholl. Zanter der Fusioun vun der P&O Princess mat dem Carnival-Grupp am Joer 2003 gehéiert elo och AIDA Cruises zur Carnival Corporation & plc, dem weltwäit gréissten Ubidder vu Croisièren.

Vum 1. November 2004 un, féiert d'Gesellschaft d'Firmebezeechnung AIDA Cruises German Branch of Costa Crociere. D'Entreprise gehéiert vun do un zu enger aneren Duechter vu Carnival, den italieenesche Costa Croisièren. Dat erkläert, firwat d'AIDA-Flott zanter 2004 ënner italieeneschem Pavillon fiert.

Flott[änneren | Quelltext änneren]

00 De Contenu vun dësem Kapitel oder dësem Artikel ass net vollstänneg oder net méi aktuell. Hëlleft wgl. mat, en ze komplettéieren oder nees op de leschte Stand ze bréngen.

D'Flott vun AIDA Cruises besteet aus de Schëffer AIDAcara (zanter 1996), AIDAvita (zanter 2002), AIDAaura (zanter 2003) an AIDAdiva (zanter 2007). All fuere se ënner italieeneschem Pavillon. Doheem si s'am Hafe vu Genua. Vun 2004 bis Mäerz 2007 huet och d'AIDAblu zur Flott gehéiert. Si ass dunn un déi englesch Reederei Ocean Village verkaaft ginn a gouf duerch d'AIDAdiva ersat. Bis zum Joer 2012 soll d'AIDA-Flott vu 5.400 op 16.384 Better erweidert ginn, a bis dohin all Joer en neit Schëff bäikréien.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: AIDA – Biller, Videoen oder Audiodateien