Op den Inhalt sprangen

Asiatesch Infrastruktur-Investitiounsbank

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) AIIB)

D'Asiatesch Infrastruktur-Investitiounsbank (en.: Asian Infrastructure Investment Bank - AIIB) ass eng international Finanzinstitutioun, déi vun der chineesescher Regierung initiéiert gouf. D'Zil vun dëser multilateraler Entwécklungsbank ass et, Infrastrukturprojeten an Asien ze finanzéieren.

De Projet vun der AIIB gouf 2013 vu China virgestallt[1] an am Kader vun enger Zeremonie am Oktober 2014 zu Peking lancéiert.[2] Vum Juni 2015 u ginn d'Accorde mat de Länner, déi matmaachen, ënnerschriwwen. Dat soll bis Enn des Joers gemaach sinn.

De 15. Abrëll 2015 hate bal all asiatesch Länner an déi meescht grouss Länner baussent Asien (d'USA a Japan, déi d'ADB dominiéeren, waren net derbäi) als "Prospective Founding Members" (viraussiichtlech Grënnungsmemberen) engagéiert. Nordkorea an Taiwan haten eng Demande gemaach, Matgrënner ze ginn, si goufen awer refuséiert.

Stand 21.Juli 2021 ginn et 87 Membere vu der AIIB.

D'Volleksrepublik China ass de gréisste Member mat 30 % vum Kapital a 26 % vum Stëmmrecht.[3] Bei alle wichtegen Decisiounen ass eng Majoritéit vu 75 % vun alle Stëmmen néideg; China kann deemno e Veto aleeën. Ausserdeem gesinn d'Statute vir, datt 70 % vum Kapital aus Asie komme muss.

Lëtzebuerg huet sech de 27. Mäerz 2015, als éischt EU-Land, engagéiert, mat 69,69 Milliounen Dollar mat derbäi ze sinn[4].

Land
(regional)
Bäitrëttsdatum
Afghanistan13. Oktober 2017[5]
Aserbaidjan24. Juni 2016[6]
Australien25. Dezember 2015[7]
Bahrain24. August 2018
Bangladesch22. Mäerz 2016
Brunei25. Dezember 2015
China25. Dezember 2015
Fidschi11. Dezember 2017[8]
Georgien25. Dezember 2015[9]
Hong Kong7. Juni 2017
Indien11. Januar 2016
Indonesien14. Januar 2016
Iran16. Januar 2017[10]
Israel15. Januar 2016[11]
Jordanien25. Dezember 2015
Kambodja17. Mee 2016
Katar24. Juni 2016
Kasachstan18. Abrëll 2016
Kirgisistan11. Abrëll 2016[12]
Laos15. Januar 2016
Malaysia27. Mäerz 2017
Malediven4. Januar 2016
Mongolei25. Dezember 2015
Myanmar25. Dezember 2015
Nepal13. Januar 2016
Neiséiland25. Dezember 2015
Oman21. Juni 2016
Timor-Leste22. November 2017[8]
Pakistan25. Dezember 2015
Philippinnen28. Dezember 2016
Russland28. Dezember 2015[13]
Saudi-Arabien19. Februar 2016
Samoa3. April 2018[14]
Singapur25. Dezember 2015
Sri Lanka22. Juni 2016
Südkorea25. Dezember 2015[15]
Tadjikistan16. Januar 2016
Thailand20. Juni 2016
Tierkei15. Januar 2016[16]
Usbekistan30. November 2016
Vanuatu6. Mäerz 2018
Vereenegt Arabesch Emirater15. Januar 2016[17]
Vietnam11. Abrëlll 2016
Zypern25. Juni 2018[14]
Land
(weltwäit)
Bäitrëttsdatum
Egypten4. August 2016[18]
Ethiopien13. Mee 2017
Belsch10. Juli 2019
Dänemark15. Januar 2016
Däitschland25. Dezember 2015
Ecuador1. November 2019
Finnland7. Januar 2016[9]
Frankräich16. Juni 2016
Griicheland20. August 2019
Guinea12. Juli 2019
Irland23. Oktober 2017
Island4. Mäerz 2016[6]
Italien13. Juli 2016
Kanada19. Mäerz 2018
Holland25. Dezember 2015[9]
Norwegen25. Dezember 2015[19]
Lëtzebuerg25. Dezember 2015
Malta7. Januar 2016[12]
Madagaskar25. Juni 2018
Éisträich25. Dezember 2015
Polen15. Juni 2016
Portugal8. Februar 2017[20]
Rumänien28. Dezember 2018
Schweden23. Juni 2016[6]
Serbien15. August 2019
CHE Schwäiz25. Abrëll 2016[21]
Spuenien1. Dezember 2017[22]
Sudan13. September 2018
Ungarn16. Juni 2016[23]
Vereenegt Kinnekräich25. Dezember 2015
Wäissrussland17. Januar 2019

D'AIIB gëtt vu verschiddene Kritiker als eng Konkurrenz vun der Weltbank ugesinn, dem Internationale Wärungsfong (IMF) an der Asiatescher Entwécklungsbank (ADB), déi duerch déi westlech Länner, virop d'Vereenegt Staate vun Amerika, dominéiert ginn.[24] Och gesinn Observateuren an hir eng Méiglechkeet, déi chineesesch Wärung Remnimbi z'internationaliséieren an dem US-Dollar als international Wärung Konkurrenz ze maachen.[25]

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. "China says new bank to complement existing institutions." The Washington Post 21.03.2015
  2. "Three major nations absent as China launches World Bank rival in Asia." Reuters| 05.11.2014.
  3. "AIIB launch signals China's new ambition." Financial Times, 29.06.2015
  4. "Luxembourg confirms to become founding member of AIIB." chinadaily.com Updated: 19.03.2015 10:31.
  5. tolonews.com
  6. 1 2 3 news.xinhuanet.com
  7. NHK: |Australia to join AIIB 29. Mäerz 2015
  8. 1 2 xinhuanet.com
  9. 1 2 3 Schabloun:Webarchiv
  10. Schabloun:Webarchiv
  11. mfa.gov.il
  12. 1 2 news.xinhuanet.com
  13. Xinhua: Russia announces decision to join AIIB, 28. März 2015
  14. 1 2 aiib.org
  15. Xinhua: S. Korea decides to join China-proposed AIIB, 26. März 2015
  16. Xinhua: Turkey applies to join China-proposed AIIB, 26. März 2015
  17. ca.reuters.com Archivéiert de 14.04.2015. Gekuckt de 05.02.2025.
  18. Xinhua: China welcomes Egypt's application to AIIB, 30. März 2015
  19. Taiwan and Norway sign up to AIIB bbc.com, 2015-03-31
  20. |Archivierte Kopie |wayback=20150413233130
  21. Schweiz nimmt am Gründungsprozess der AIIB teil
  22. Mitgliederliste der Bank
  23. Magyarország csatlakozik az Ázsiai Infrastrukturális Beruházási Bankhoz (Ungarn wird Mitglied der Asiatischen Infrastrukturinvestmentbank)
  24. "Support for China-led development bank grows despite US opposition." The Guardian, 2015-à3-15.
  25. "Luxembourg to become founding member of China-led investment bank." wort.lu, 27 March, 2015 at 15:25.