Op den Inhalt sprangen

aLIVe

Vu Wikipedia
ALIVe

aLIVe ass e Jugendroman a Lëtzebuerger Sprooch vun der Auteurin Anja Di Bartolomeo, deen am November 2025 bei den Editions Guy Binsfeld erauskoum.

Ëm wat geet et am Roman?

[änneren | Quelltext änneren]

No senger Première geet d'Liv op Paräis, fir do op der Ecole des Beaux-arts ze studéieren. Hatt plënnert an eng WG, léiert nei Leit kennen, a stellt sech den Erausfuererungen a Froen, déi engem als jonken Erwuessenen an enger neier Groussstad esou stellen...

aLIVe ass d’Suite vu Koma21, deen eng 3 Joer éischter spillt.

Bibliographie

[änneren | Quelltext änneren]

Der Anja Di Bartolomeo geléngt et ... op eng oft touchant Manéier, d'Onsécherheeten, awer och d'Opreegung vun der Studentin, déi d'Cubenhaiser an d'Cubeleit aus dem Lëtzebuerger Kaff hannert sech léisst, ze portraitéieren. Si zeechent deen Ament am Liewen, wou alles opsteet an alles méi intensiv ass, well et eng Uneneereiung vun éischte Kéieren ass... .

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Jeff Schinker: "Lëtzebuerg du wäerts mer (net) feelen. Rezept fir en erfollegräiche Roman an xer Kategorie 'Young Adult'.". dLëtzebuerger Land, Nr.50, 72. Jg., 12.12.2025, S.27.