AVL-Linn 8

Vu Wikipedia
AVL-Linn 8
D'Linn 8 an der Faïencerie-Strooss
Bartreng - Lampertsbierg
Bedreiwer Autobus de la Ville de Luxembourg, Régime général des transports routiers
vu(n) Bartreng, Waassertuerm 49°37'15,6781"N, 6°2'53,1769"O
op Lampertsbierg, Lycée Michel Lucius 49°37'8,9"N, 6°6'52,4"O
iwwer Bartreng, Stroossen, Belair, Uewerstad, Lampertsbierg
Bustyp Standardbus
opgaang 13. Dezember 2020
technesch Donnéeën
allkéiers fir Aller a Retour
Längt 9.555 m, 9.908 m
Fuerzäit 35 min
mëttel Vitess 16,38 km/h, 16,99 km/h

D'AVL-Linn 8 ass eng Buslinn vun de Stater Bussen. Se fiert zanter dem 13. Dezember 2020 um Trajet Bartreng / Waassertuerm - Stroossen - Belair -Stad - Lampertsbierg an zeréck. Si huet 28 Halten um Aller an der 27 um Retour.

Um Lampertsbierg huet se den Terminus zesumme mat de Linnen 2 an 30 a fiert tëscht den Halte Fondation Pescatore a Lycée Michel-Lucius parallel mat der Linn 30. D'Linn 8 fiert an der Woch (méindes - samschdes) all 20 a sonndes all 30 Minutten.

Duerch eng Konventioun tëscht der Stad Lëtzebuerg an dem Mobilitéitsministère iwwer AVL-Buslinnen déi vun der Stad aus an eng Nopeschgemeng fueren, gehéiert d'Linn 8 zum “service coordonné AVL/RGTR”.

Halten op der Linn 8[änneren | Quelltext änneren]

(D'Nimm vun den Halte si sou uginn, wéi se am offizielle Fuerplang publizéiert sinn.)

Linn 8 Bemierkung
Bertrange, Waassertuerm
Bertrange, Millewee
Bertrange, Pesch
Strassen, Riedgen
Bertrange, Belle Étoile
Strassen, Schoenacht
Strassen, Geesseneck
Strassen, Kesseler
Strassen, Barblé
Strassen, Benelux
Strassen, Grande-Duchesse Charlotte
Strassen, Kiem
Strassen, Réimerwee
Strassen, Michel Angelo
Strassen, Les Aubépines
Strassen, Rue de l'Ouest
Val Ste Croix
Glaesener-Hartmann
Belair, Kierch
Amsterdam
Archiducs
Square de New York
Stäreplaz / Étoile
Wampach
Hamilius
Fondation Pescatore
Faïencerie - INL
Henri VII
Ermesinde
Uni Campus Limpertsberg
Batty Weber
Lycée Michel Lucius gemeinsamen Terminus mat de Linnen 2 an 30

Entwécklung vun der Linn 8[änneren | Quelltext änneren]

Mat der selwechter Linnennummer goufe follgend Trajete gefuer:

  • vum 13.09.1955 ass d'Hollerecher Linn op der Streck Gare - Hollerech-Kierch - rue Jean Jaurès - Foyer - Post an zeréck gefuer; vum 01.10.1962 u gouf se als Linn 8 bezeechent.
  • 1971 - 1976: Gare - Hollerech - Stad
  • 1977 - 1992: Gare - Hollerech - Stad - Gare
  • 1992 - 2001: Gare - Stad - Hollerech
  • 2001 - 2008: (U.S. Military Cemetery) - Hamm - Bouneweg - Gare - Stad - Hollerech
  • 2008 - 2012: Gare - Stad - Kräizgrënnchen - Belair - Stroossen - Bartreng / Waassertuerm
  • 2012 - 2015: Gare - Stad - Kräizgrënnchen - Belair - Stroossen - Bartreng / Europaschoul II
  • 01.06.2015 - 12.12.2020: Eech - Weimeschkierch - Kierchbierg - Stad - Belair - Stroossen - Bartreng / Waassertuerm an zeréck.

De 14. Mäerz 2016 gouf den Trajet um Belair liicht geännert: d'Linn 8 ass dunn net méi um direkte Wee iwwer d'Areler Strooss, ma duerch de Belairer Quartier gefuer. Den 10. Dezember 2017 gouf och den Trajet um Kierchbierg geännert: d'Linn ass vun do un duerch d'Rue du Fort Niedergrünewald amplaz iwwer d'Avenue Kennedy gefuer. Am Kader vum Tramsschantje gouf de 15. Oktober 2018 och den Trajet an der Uewerstad ugepasst: d'Linn 8 ass a Richtung Eech net méi duerch d'Arsenalstrooss, ma iwwer d'Montereysavenue ëmgeleet ginn. Och zu Stroossen ass d'Streck ugepasst ginn: well an der Rue des Romains eng Vëlospist amenagéiert gouf, ass d'Linn den 13. August 2019 iwwer d'Rue de l'Église, d'Areler Strooss an d'Rue de la Chapelle ëmgeleet ginn.

De Bus huet 36-mol um Aller an 38-mol um Retour stallgehalen an ass wiertes (Méindeg - Samschdeg) all 20 a sonndes all 30 Minutte gefuer. Op den Halte Rout Bréck - Pafendall a Stäreplaz / Étoile konnt ee vun der Linn 8 op d'Tramslinn T1 ëmklammen.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Ligne 8 (AVL) – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]