A Possen

Vu Wikipedia
A Possen
Land Lëtzebuerg
Gemeng Schengen
Plaz Bech-Maacher
Adress 2, Keeseschgässel
Koordinaten 49° 31’ 44’’ N
      06° 21’ 14.9’’ O
Datum vum Bau 1967
Zweck Musée

A Possen ass e Musée iwwer Wäibau a Folklor zu Bech-Maacher, deen aus enger Privatinitiative eraus gegrënnt gouf. An engem Wënzerhaus aus dem 17. Joerhonnert gëtt den Alldag am Wënzermilieu mat Hëllef vu Biller an Apparater virgestallt. Nodeem d'Wunnhaus erëm a Stand gesat gouf, ass et mat Miwwelen a Géigestänn vu fréier dekoréiert ginn. Luxus fënnt een hei seelen. D'Zil vum Musée besteet doran de Visiteuren d'Atmosphär vu fréieren Zäiten ze vermëttelen.

Déi "schwaarz Kichen" mat openem Feier an Haascht, souwéi déi gossen Tak vun der Schminni, d'Bett mat Baldachin, d'Instrumenter fir  Botter (Rompfaass) a Kachkéis ze maachen, Spannrieder, Spillsaachen, asw. ginn zesummen en Androck wéi d'Leit ëm d'Joer 1900 gelieft hunn.

Am Wäibaumusée kann een d'Aarbecht vun de Wënzer am Laf vum Joer verfollegen. Och e Kéiferatelier ass opgebaut. Et gëtt och eng gréisser Sammlung vu Glieser a Spillsaachen.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Am Joer 1965 huet de Prosper Kayser dat sougenannt Possenhaus kaaft.

Am Laf vun der Zäit, sinn nach d'Haiser A Wëttels, A Muedels an An Uedems bäikomm, méi spéit koumen nach d'Wellesteenhaus an d'Welteschhaus derbäi.

1972 ass de Musée offiziell opgaangen an 1993 huet de Lëtzebuerger Staat d'Gebaier iwwerholl an d'Sammlunge gi vun der nei gegrënnter Fondatioun Possenhaus verwalt.

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: A Possen – Biller, Videoen oder Audiodateien