Aarbechterkolonien zu Lëtzebuerg

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Aarbechterkolonie)

D'Aarbechterkolonien zu Lëtzebuerg sinn déi Häiser, déi vun de Lëtzebuerger Stolgesellschaften fir hir Aarbechter gebaut goufen. Zil war et, d'Aarbechter méi no bei hirer Aarbechtsplaz unzesidelen an hinnen doduerch eng bëlleg Wunnméiglechkeet unzebidden.[1] An engem zweete Schrëtt gouf domat an engems probéiert d'Wunnengsnout am Minett ze bekämpfen, déi sech duerch de groussen Zoufloss vun Aarbechter erginn huet. Allerdéngs haten d'Aarbechterhaiser allgemeng betruecht keen allze groussen Afloss op d'Verbesserung vun der prekärer Wunnengssituatioun am Land. D'Kolonië ware fir d'Stolgesellschaften awer och e Moyen, hir Aarbechter ze kontrolléieren a laangfristeg ze bannen. Zu deene wichtegste Betriber hunn ë. a. d'ARBED, d'HADIR an d'GBAG gezielt.

D'ARBED war no hirer Grënnung am Joer 1911 a ville Beräicher sozial engagéiert an huet eng Rëtsch Aarbechterkolonien am Laf vun der Zäit gebaut, déi gréisstendeels haut nach bewunnt sinn an eng gewësse Reegelméissegkeet an hirer Struktur hunn.

Soziaalt Engagement vun der ARBED[änneren | Quelltext änneren]

E wichtegt Element fir d'Siderurgie zu Lëtzebuerg war de Bau vun der Eisebunn vun 1859 un, déi den Uschloss un déi europäesch Industriebasengen erméiglecht huet. Den industriellen Ofbau vun der Minett am Süde vum Lëtzebuerger Land huet an de Joerzéngten dono reegelrecht geboomt, sou datt d'Demande un Aarbechtskraaft staark an d'Luucht gaangen ass. Déi éischt Industrieaarbechter koumen aus dem landwirtschaftleche Beräich a sinn doropshin an de Minett geplënnert. Déi lokal Aarbechtskraaft ass awer bei Wäitem net duergaangen an e groussen Zoufloss vun auslänneschen Aarbechter ass an d'Land komm.[2] Am Joer 1913 louch d'Zuel vun den Auslänner zu Lëtzebuerg bei 39.000 Leit bei enger Totalpopulatioun vun 265.000 Awunner. Eleng an der Diddelenger Schmelz louch de Prozentsaz vun auslänneschen Aarbechter bei 47,18 %.[3] Déi Massenimmigratioun huet d'Awunnerzuele vun der Stad Esch-Uelzecht tëscht 1870 an 1910 vu ronn 1.900 op iwwer 21.000 klamme gelooss. Och zu Diddeleng, der sougenannter Forge du Sud, sinn d'Zuele vu 1.600 ëm d'Joer 1880 op 10.800 Awunner am Joer 1910 geklommen. D'Resultat war selbstverständlech e Manktem vu Logementer.

'Diddelenger Schmelz 1912.

Dobäi koum déi schwéier Aarbecht a miserabel Liewenskonditioune vun den Aarbechter, wat dozou bäigedroen huet, datt sech no an no ëmmer méi fir besser Konditiounen agesat ginn ass.[4] D'Schmelzhären hu fréi erkannt, datt sech um soziale Plang eppes fir d'Aarbechter verbessere misst. Sou gouf et beispillsweis zanter 1865 déi sougenannt Subsides au personnel nécessiteux. Och de Bau vum Escher an Diddelenger Spidol 1878, respektiv 1893, ass an deem Kontext ze gesinn.[5] 1911 koum et dunn zum Zesummeschloss vun ënnerschiddlechen Entreprisen, wouropshin déi dräi Gesellschaften Forges d'Eich Le Gallais Metz et Cie, La Société Anonyme des Mines du Luxembourg et Forges de Sarrebruck an Société Anonyme des Hauts Fourneaux et Forges de Dudelange sech zesummegedoe hunn fir d'SA des Aciéries réunies de Burbach-Eich-Dudelange (ARBED), ze grënnen.[6] D'ARBED huet sech no der Fusioun weiderhin op sozialem Niveau engagéiert. Onfall-, Kranken- an Altersversécherungen, Pensiounen a Kannergeld goufen agefouert, an d'Fraen a Kanner vun de Mataarbechter goufen ënner anerem duerch de Fonds d'études a Centres ménagers ënnerstëtzt.[7]

Monument vum Emile Mayrisch zu Diddeleng

Verbonne mam sozialen Engagement vun der ARBED ass den Émile Mayrisch a seng Fra Aline Mayrisch. Den Émile Mayrisch war 1897 Direkter vun der Diddelenger Schmelz, ier en 1911 technesche Generaldirekter an 1920 schliisslech Direktiounspresident vun der ARBED gouf. D'Grënnung vun der Fondation de la Ligue luxembourgeoise contre la tuberculose 1908 a vum Lëtzebuerger Roude Kräiz 1914 ginn allebéid op d'Initiativ vum Aline Mayrisch zeréck. Si war Presidentin vum Verein für die Interessen der Frau, déi 1907 eng Enquête iwwert d'Wunnverhältnesser vun den Aarbechterfamillen zu Lëtzebuerg duerchgefouert hunn. An Zesummenaarbecht tëscht dem Roude Kräiz an der Aline Mayrisch ass 1927 duerch d'Ënnerstëtzung vun der ARBED d'Kannerheem Crèche de Poekeschhaff gebaut ginn. D'Gebai ass zur Verfügung gestallt an d'Ënnerhaltskäschte vun der ARBED iwwerholl ginn. Iwwerdeems sinn eng ganz Rëtsch un ëffentleche Gebaier, wéi Schoulen zu Esch-Uelzecht, duerch d'ARBED matfinanzéiert ginn.[8][9]

Dës sozial Politik vun der ARBED war awer och an hirem eegenen Interessi, fir d'Produktivitéit duerch d'Zefriddenheet vun de Mataarbechter ze garantéieren. Den Émile Mayrisch schreift:

« Wir haben unseren Arbeitern Fachschulen und deren Kindern Haushaltungsschulen gegründet, […] wir bezahlen unseren sämtlichen Arbeiterkindern sämtliche Kosten des Oberprimärunterrichts […] und unseren Arbeitern die Beschaffung billiger und guter Lebensmittel ermöglicht. Wir haben die Wahl von Arbeiterausschüssen organisiert, damit die Rechte der Arbeiterschaft nach jeder Richtung gewahrt bleiben, damit deren Wünsche bekannt und wohlwollend geprüft werden können. […] Warum wir das gethan haben ? Nicht aus Philantropie, noch weniger aus Mitleid, sondern aus Interesse. Aus dem Interesse, zu Mitarbeitern am gemeinsamen Unternehmen vollwertige Menschen heranzubilden, die in vollem geistigen und materiellen Gleichgewicht ihre Kräfte unbeschränkt betätigen können. » [10]

D'« cités ouvrières » am Süde vu Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

Em 1927 stoung Lëtzebuerg op der 7. Plaz vun de Stolproduzente weltwäit. Esch-Uelzecht huet deemools em 27143 Awunner gezielt.[11] Fir de Problem vun der Wunnengsnout ze léisen, gouf am Joer 1919 d'« Société nationale pour la construction d'habitations à bon marché », kuerz SNHBM, gegrënnt. D'ARBED war nieft dem Lëtzebuerger Staat Haaptaktionäre vun der SNHBM. Dëst huet et der ARBED erméiglecht hire Mataarbechter de Bau vu Wunnengen, respektiv sozial Wunnengen zu engem niddrege Loyer unzebidden. A béide Fäll goufen d'Baupläng vum Architektebüro vun der ARBED ausgeschafft an d'Baumaterial zur Verfügung gestallt.[5] An deem Kontext sinn Aarbechterkolonien déi scho bestoungen, ëmgebaut a vergréissert ginn an neier goufe gebaut.

Déi éischt Aarbechterhaiser zu Lëtzebuerg sinn an den 1880er Joren zu Zowaasch gebaut ginn. Vun der Joerhonnertwenn un sinn ëmmer méi « cités ouvrières » entstanen. Geleefeg Stiler waren ufanks d'Kasär, duerno de symmetresche Cottage-Stil oder spéider de « Gaardestadstil dee sech mat der Zäit duerchgesat huet. D'Aarbechterkolonie sinn deemno mat ëffentleche Plazen a Beem verschéinert gi fir d'Liewensqualitéit vun den Awunner z'erhéijen. Ee Paradebeispill ass d'Cité « Am Brill » zu Diddeleng.

Cité « Am Brill », Diddeleng[änneren | Quelltext änneren]

Duebelhaus am Brill

Am Joer 1898 gouf d'Cité « Am Brill » zu Diddeleng op Initiativ vum Emile Mayrisch gebaut.[12] Bis 1911 sollten 126 Aarbechterhaiser an 18 Unitéite fir Employéen entstoen. En Undeel dorunner hat och d'« Anonyme Gesellschaft für Arbeiterhäuser in Düdelingen », déi den 29. August 1910 duerch e Groussherzogleche Beschloss gegrënnt gouf. Iwwer 97 % vun den Aktië louchen an der Hand vun der Diddelenger Hüttegesellschaft ënnert der Leedung vum Emile Mayrisch. Am Verwaltungsrot vun der Gesellschaft waren iwwerdeems och den Hubert Müller an de Leon Metz vertrueden.[13] E puer Joer méi spéit huet d'ARBED Mëtt Mee 1919 en Architekteconcours lancéiert fir d'Cité « Brill » ze erneieren an auszebauen.

« Jede Wohnung sollte für sich selbstständig sein und eine freie Gartenfläche von zirka 300 Quadratmetern erhalten. » [14]

Gewënner vum Concours war den Léon Müller (1885-1959), en Architekt vu Monnerech. « Die Volkstribüne » bericht am August 1919 iwwert de Bau vun der neier Aarbechterkolonie nom präisgekréinte Projet vum Architekt « Leo Müller ». 200 Wunnenge wiere geplangt, vun deene ronn 50 virum 1. Januar 1920 fäerdeg sollte sinn.

« Auf diese Weise wird Düdelingen bald aus der Wohnungskalamität herauskommen. » [14]

Tëscht 1919 an 1921 sinn doropshin 59 nei Logementer entstanen. Am Joer 1926 sinn nach 42 weiderer derbäi komm.[15] De Quartier Brill gëllt als « cité modèle » fir d'Aarbechterkolonie vun der ARBED zu Lëtzebuerg.[16] D'ARBED huet schliisslech dem « Fonds pour le logement à cout modéré » e groussen Deel vum Brill-Quartier verkaf, déi spéider an d'Hand vun der Gemeng gefall sinn. Doduerch konnt de komplette Quartier tëscht 1979 an 1984 renovéiert a moderniséiert ginn.[17]

Zu Diddleng goufen awer net nëmmen Aarbechterhaiser am Brill gebaut, mä och an der Lachegaass an an der Hondsgaass. D'Zille fir de Bau vun den Haiser koumen aus der Zillebäckerei am Woulkeschdall déi dem Victor Tassin gehéiert huet.

Cité « Am Weierwois », Esch-Uelzecht[änneren | Quelltext änneren]

D'Cité « Am Weierwois » zu Esch-Uelzecht ass duerch Zesummenaarbecht tëscht der ARBED an der « Société métallurgique des Terres Rouges » an de Joren 1923 bis 1928 entstanen. Am Ganze goufen 210 Logementer gebaut. Geplangt waren ursprénglech 318 Wunnengen als Méifamilljenhaiser an 49 Eefamilljenhaiser. Réischt nom Zweete Weltkrich gouf de komplette Bauprojet weidergefouert. Den Opbau ennerscheed sech allerdéngs vun aneren Aarbechterkolonien a Citéen. E groussen Deel vun de Logementer gouf nämlech als Appartementer gebaut, als Reaktioun op d'Penurie am Wunnsecteur, déi nom Éischte Weltkrich hire Sommet erreecht hat. En Deel vun dësen Appartementshaiser gouf ni realiséiert. Haut heescht de Quartier « Clair-Chêne ».[18],[19]

Cité « Dr. Welter », Esch-Uelzecht[änneren | Quelltext änneren]

D'Cité « Dr. Welter » zu Esch-Uelzecht, oder och nach « Kolonie an der Ehleringer Straße » genannt, gouf tëscht 1912 an 1913 gebaut. Am Ganze goufen 114 Haiser realiséiert, dorënner zum Deel méi grouss Wunnenge fir Viraarbechter a Meeschter, déi eng Gréisst tëscht 80 an 115m2 haten.[20]

Cité « Emile Mayrisch », Schëffleng[änneren | Quelltext änneren]

Duerch de Bau vum Stol a Walzwierk 1912 zu Schëffleng war d'ARBED gezwongen neie Wunnraum fir Aarbechter ze schaffen. An dësem Kontext ass d'Cité Emile Mayrisch 1913 entstane mat 178 Haiser an 198 Wunnengen, Een- (64-68 m2) an Zweefamilljenhaiser (46 m2). Des Cité ass am Stil vu fréieren engleschen Aarbechtersiidlungen (« back-to-back ») gebaut ginn an ass domat e Beispill fir eng relativ wéineg fortschrëttlech Siidlung.[21]

D'Metze Schmelz an den 1870er Joren (spéider Arbed Esch-Schëffleng)

Weider Beispiller sinn d'Cité « Kesseleschlöchelchen » zu Diddeleng, d'Cité « Lallingen » zu Esch-Uelzecht, d'Cité « Raemerich » zu Esch-Uelzecht, d'Cité « Source Belval » zu Bieles, d'Kolonie « Am Hirpengroif » zu Dummeldeng, d'Kolonie « Im Gelbe Bommert » zu Schëffleng an nach eng Rëtsch aner Projeten.  

D'Aarbechterwunnenge waren am Besetz vun der ARBED, déi reegelméisseg Maintenance a Renovéierungsaarbechten duerchgefouert huet. Deemno konnten d'Haiser och net individuell gestalt an ëmgeännert ginn.[22] D'Kolonie waren deementspriechend eng Méiglechkeet fir bëllege Loyer ze wunnen. Am Géigenzuch war een un d'Hausreegele vun der ARBED gebonnen. Et war deemno net nëmmen eng Wunnméiglechkeet, mee och eng Liewensform, déi automatesch gewësse Fräiheeten ageschränkt huet. Trotzdeem gouf dat vun deene meeschten a Kaf geholl an als eppes empfonnt, wat dozou gehéiert huet. Et war ee frou, datt een en Daach iwwert dem Kapp hat.[23]

Vun den 1960er Joren un huet d'ARBED ugefaangen déi Haiser prioritär un hir Mataarbechter a Bewunner ze verkafen. Mat der Stolkris 1975 gouf d'Tripartite an d'Liewe geruff, an där d'Regierung, d'ARBED an d'Gewerkschafte vertruede ware fir den Ofbau vun Dausende vun Aarbechtsplazen an der Siderurgie sou gutt wéi méiglech z'encadréieren.[9] Mam Verkaf vun den Haiser konnten d'Käschte vum Ënnerhalt gespuert ginn. D'Locataire kruten d'Haiser zu engem niddrege Präis ugebueden, sou datt déi meescht d'Haiser an deene se gewunnt hunn, konnte kafen.[24] Réischt wéi d'Haiser a privatem Besëtz waren, goufe se no an no individualiséiert. D'Haaptsiidlungen zu Esch sinn zanter 1989 als « secteurs protégés » klasséiert.[25]

Am Ganze goufe bis 1964 nobäi 1950 Logementer gebaut, dorënner ronn 420 fir Employéen a 1530 fir d'Aarbechter, déi zu engem gënschtege Loyer no bestëmmte Krittäre vergi goufen. Eng wichteg Roll hunn dobäi d'« ancienneté de service, l'importance des fonctions et la situation familiale » gespillt.[26] Déi Krittären hunn allerdéngs vu Betrib zu Betrib variéiert.[27]

Opbau vun den Haiser[änneren | Quelltext änneren]

D'Aarbechterkolonië si meeschtens wéinst hirer Monotonie am Opbau z'erkennen, well een Haus deem anere gläicht. Allerdéngs goufen et ënnerschiddlech Kategorië vun Haiser. D'Haiser vun Ingenieuren hu sech vun deene vun den Employéen an deene vun den Aarbechter ënnert anerem an der Gréisst an der Ausstattung ënnerscheet. Ee Beispill fir Ingenieurshaiser war d'Rue Henry Bessemer zu Esch-Uelzecht. Et waren allerdéngs d'Aarbechterhaiser, déi als Kolonie gebaut goufen. All d'Haiser si vum Architektebüro vun der ARBED selwer, ënnert der Leedung vum Sosthène Weis, geplangt ginn.[28]

D'Employéshaiser haten eng Wunnfläch tëscht 72 an 88 , opgedeelt an eng Salle à manger, ee Salon an eng separat Kichen um Rez-de-Chaussée. Um ieweschte Stack waren d'Schlofkummeren an e Buedzëmmer mat Buedbidden, wat fir déi Zäit grousse Luxus war. Déi Haiser goufen an ënnerschiddlecher Form zu Esch, Diddeleng an der Stad Lëtzebuerg vun der ARBED gebaut.

D'Aarbechterhaiser haten eng Wunnfläch vun 63 , opgedeelt an eng Kiche mat enger Stuff an um Stack zwou Schlofkummeren. D'Toilette ware bausse vum Haus an am Ufank nach net un d'Kanalisatioun ugeschloss. Déi Haiser goufen dacks als Duebelhaiser gebaut.[29]

Wunnengsnout zu Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

Eng Léisung fir d'Wunnengsnout zu Lëtzebuerg waren d'Aarbechtersiidlungen allerdéngs net, wat awer och am Interessi vun der ARBED an anere Stolbetriber louch, déi doduerch méi e groussen Drock op hir Aarbechter ausübe konnten a se besser ënner Kontroll haten - schliisslech war de Mietkontrakt un den Aarbechtskontrakt gebonnen. Wann den Aarbechtskontrakt gekënnegt gouf oder wann een an d'Pensioun gaangen ass, dann huet een och missen erausplënneren.[30] Trotzdeem gouf et eng gewëssen Zuel vun « unrechtmäßig bewohnten » Wunnengen, an deenen d'Aarbechter no hirer Pensioun weider d'Haus gewunnt hunn, oder Wittfraen am Fall vum Doud vun hirem Mann weiderhin dra bloufen.[31]

Vu den 1920er Joren un huet d'ARBED och ugefaangen nieft den Aarbechtersiidlungen de Mataarbechter d'Méiglechkeet ze ginn, gënschteg Kreditter opzehuelen, gënschteg Baupläng, Baumaterial a Bauplazen zur Verfügung ze stelle fir Eegenheemer bauen ze kënnen.[32] Tëscht 1926 an 1931 konnten op des Manéier 815 Haiser mat Hëllef vun der ARBED gebaut ginn. De Käschtepräis louch an der Reegel tëscht 30 an 50 % vum Präis um lokale Marché.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • ArcelorMittal, La sidérurgie luxembourgeoise: un siècle d'histoire et d'innovation = Steelmaking in Luxembourg: a century of history and innovation (Luxembourg, 2011)
  • Caregari, Laure, Arbeiterkolonien und ihre Bewohner/-innen. Raumkonstruktionen und kollektive Subjektkonstitution, in: Kmec, Sonja, Wille, Christian, Reckinger, Rachel und weitere (Hrsg.), Räume und Identitäten in Grenzregionen: Politiken – Medien – Subjekte (Bielefeld, 2014). S.296-309.
  • Chomé, Félix, Un demi-siècle d'histoire industrielle 1911-1964 / Aciéries réunies de Burbach-Eich-Dudelange (Luxembourg, 1972)
  • Flies, Joseph, Das Andere Esch – An der Alzette – Ein Gang durch siene Geschichte (Luxembourg, 1979)
  • Lorang, Antoinette, Luxemburgs Arbeiterkolonien und billige Wohnungen: 1860 – 1940 (Luxembourg, 1994)
  • Lorang, Antoinette, L'image sociale de l'Arbed à travers les collections du Fonds du logement (Luxembourg, 2009)
  • Mayrisch, Emile, Das Düdelinger Economat und seine Berechtigung (Luxembourg, 1906)

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Caregari, Arbeiterkolonien und ihre Bewohner/-innen. Raumkonstruktionen und kollektive Subjektkonstitution,S.297.
  2. Steffes, Die Luxemburger Eisenindustrie, S.109-116.
  3. Chomé, Un demi-siècle d'histoire industrielle 1911-1964, S.222f.
  4. Lorang, L'image sociale de l'Arbed, S.8.
  5. 5,0 5,1 Lorang, L'image sociale de l'Arbed, S.9.
  6. Flies, Das Andere Esch, S.509.
  7. Chomé, Un demi-siècle d'histoire industrielle 1911-1964, S.251-263.
  8. Flies, Das andere Esch, S.614, S.652.
  9. 9,0 9,1 Lorang, L'image sociale de l'Arbed, S.10.
  10. Emile Mayrisch, Das Düdelinger Economat und seine Berechtigung, 1906, S.13-14.
  11. Flies, Das andere Esch, S.648.
  12. Lorang, L'image sociale de l'Arbed, S.39.
  13. Luxemburger Wort, Ausgab vum 05.09.1910, digitaliséiert op eluxemburgensia.lu, enger Websäit vun der Lëtzebuerger Nationalbibliothéik.
  14. 14,0 14,1 Die Volkstribüne, Ausgab vum 5.8.1919, digitaliséiert op eluxemburgensia.lu, enger Websäit vun der Lëtzebuerger Nationalbibliothéik.
  15. Lorang, L'image sociale de l'Arbed, S.48.
  16. ArcelorMittal, La sidérurgie luxembourgeoise, S.153ff.
  17. Lorang, Luxemburgs Arbeiterkolonien und billige Wohnungen, S.294.
  18. Lorang, L'image sociale de l'Arbed, S.58.
  19. Lorang, Luxemburgs Arbeiterkolonien und billige Wohnungen, S.264f.
  20. Lorang, Luxemburgs Arbeiterkolonien und billige Wohnungen, S.248.
  21. Lorang, Luxemburgs Arbeiterkolonien und billige Wohnungen, S.221ff.
  22. Caregari, Arbeiterkolonien und ihre Bewohner/-innen. Raumkonstruktionen und kollektive Subjektkonstitution, S.299.
  23. Caregari, Arbeiterkolonien und ihre Bewohner/-innen. Raumkonstruktionen und kollektive Subjektkonstitution, S.304.
  24. Lorang, Luxemburgs Arbeiterkolonien und billige Wohnungen, S.291.
  25. Caregari, Arbeiterkolonien und ihre Bewohner/-innen. Raumkonstruktionen und kollektive Subjektkonstitution, S.293.
  26. Chomé, Un demi-siècle d'histoire industrielle 1911-1964, S.258.
  27. Lorang, Luxemburgs Arbeiterkolonien und billige Wohnungen, S.212f.
  28. Lorang, L'image sociale de l'Arbed, S.32.
  29. Lorang, L'image sociale de l'Arbed, S.32-37.
  30. Lorang, Luxemburgs Arbeiterkolonien und billige Wohnungen, S.271ff.
  31. Lorang, Luxemburgs Arbeiterkolonien und billige Wohnungen, S.281.
  32. Lorang, Luxemburgs Arbeiterkolonien und billige Wohnungen, S.286.