Aaron Nichols Skinner
Ausgesinn
| Aaron Nichols Skinner | |
|---|---|
| Gebuer |
10. August 1845 Boston |
| Gestuerwen | 14. August 1918 |
| Nationalitéit | USA |
| Aktivitéit | Astronom |
|
| |
Den Aaron Nichols Skinner, gebuer den 10. August 1845 zu Boston, Massachusetts, a gestuerwen de 14. August 1918 zu Framingham, Massachusetts, war en US-amerikaneschen Astronom.
De Skinner war vun 1867 bis 1870 Assistent um Dearborn Observatoire ënner dem Truman Henry Safford. Vun 1870 bis 1898 war hien Assistent um Naval Observatoire zu Washington a schliisslech vun 1898 u Mathematikprofesser vum Naval Observatoire.
